Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Lower Antelope Canyon

All Fotoen an dëser Serie:
10535 Thumbnail
10536 Thumbnail
10537 Thumbnail
10538 Thumbnail
10539 Thumbnail
Lower Antelope Canyon
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.10.2010
  • Gekuckt:
    62072
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=49539]
Kommentar vum Fotograf:
Dei Fotoen sin am Lower Antelope Canyon bei Page am Arizona gemet gin.

Dei mescht gin an den Upper Antelope Canyon, me do dierf een just 1 Stonn ran an do sin mega vill Leit dass een do keng chance hued roueg Fotoen ze maan.

Am Lower Antelope Canyon dierf een sech 4 Stonnen "austoben" waan een leiw freed an een Stativ dobei hued an et ass mei roueg :-)

Am Verglach zum Upper ass den Lower vill mei enk an et muss een mei klotteren :-)
Scorpius 05.10.2010 - 18:35
Wau super schein, dat weilt ech och gär engkeier live gesin !
VeloBen 05.10.2010 - 18:39
Déi Faarwen sin awer net original oder ?
Sirius 05.10.2010 - 18:51
Net 100 %. Fotoen sin alleguer am Raw obgeholl.
Zum Beispill bei der Nr 4 hun ech den Raw 3 mol entweckelt ( - 1, 0, 1) an dann nach herno nach bessi mam Kontrast, Hellegkeet an Sättigung gespillt.
Me bei der Sättigung hun ech nach deck lues missen maan. Hun dei am Raw Converter just ob 10 gesatt, soos wier et zevill extrem gin an dann am Photoshop Elements nach "Unscharf maskieren" gemet an daat war et schon.

Dei anner Fotoen hun ech awer just emol entweckelt aus engem Raw.
VeloBen 05.10.2010 - 18:56
Super Resultat opp allen Fall !
Sirius 05.10.2010 - 19:06
Merci smile

Muss awer dozou soen dass een just zu engem bestemmten Zaitpunkt dobannen guud Luucht hued. Entweder et kennt zevill direkt Sonnenluucht vun uewen oder et ass zevill donkel, dann kritt een keng schein farwen raus
VeloBen 05.10.2010 - 19:20
Jo daat gleewen ech dir !
gtaddei1 05.10.2010 - 18:48
Exotesch schein ... Fantastesch fuerwen
pitchul 05.10.2010 - 18:59
Herrlech, ganz schein
sylvie 05.10.2010 - 19:16
Dat hei ass der richteg gudd gelongen, gefällt mer super gudd smile
ApplEric 05.10.2010 - 19:17
Super Serie!
Gefällt mer immens gudd dei Faarwen! (Bessen beaarbecht oder original?)

Op alle Fall ganz schéin fotoen, maachen Loscht do och mol hinzereesen!
Sirius 05.10.2010 - 19:49
Merci smile
Wei ech dem VeloBen schon sood sin se bessi verschafft me awer lo net extrem wei een mengen keint smile
KeeBlitz 05.10.2010 - 20:35
ech kennen (dës) ähnlech Biller aus amerikanesche Foren, muss awer soen dat deng mer extrem gutt gefalen, Top!!! besonnesch spannend as 4 mat sengen farwlechen Ofstufungen, richteg lecker!
Maimonides 05.10.2010 - 21:15
Och wann den Antilope Canyon de Cliché vun de Clichéen ass, gefält dem Sirius seng Serie mir mol guer net esou schlecht, zemools déi 4. Mir geet et also wei dir.
KeeBlitz 05.10.2010 - 21:49
sot ech dann ätongues Anescht? gefält mir richteg gutt!!
Maimonides 05.10.2010 - 21:53
Nee, du hues naischt anescht gesoot, well soss waer et mir jo och net wei dir gaang.
closed_eye
Penguin 05.10.2010 - 20:56
schéin faarweg série, gefällt mir gudd smile
JohnJ 05.10.2010 - 21:24
Cool
Jeanny 07.10.2010 - 07:11
wat e wonnerbaart Faarwespill , eng méi scheien wei déi aner
Sirius 07.10.2010 - 09:23
Merci smile
TomEwert 07.10.2010 - 17:58
thumbs up ***
Miau 11.10.2010 - 08:39
super schéin Serie, felicitatioun
Sirius 11.10.2010 - 12:35
Soen jiderengem merci den fir mech gewielt hued smile

Iweraschung war awer grouss, zumols waan en net domader rechent smile

Wousst net dass een mat enger "Serie" an Wochenauswahl kann kommen
McQueen 11.10.2010 - 16:57
Congrats !

Flott Serie
He-Lx 11.10.2010 - 20:02
Fantastesch!!!
Et ass eng magesch Plaz zu Page.
Ech wor am Upper an d'Fotoe sin net immens gin. Keng Zäit an oft en am Bild.
Et gëtt och en Deel um Lake Powell den deen Numm huet. Do ass et och ganz flott an enger dach komplett anerer Landschaft wéi an de Schluchten u Land.
Gratuléieren der zum Succès hei smile
VeloBen 11.10.2010 - 20:11
Ech hätt gaer mol gesin wéi et do am Original ausgesait. Also wéi d'Faarwen sin ouni mat Photoshop gepusht.
Pingu 12.10.2010 - 01:05
ma da kuck hei, déi si wierklesch kaum beaarbecht...

!Dës Foto ass net méi am System!
VeloBen 12.10.2010 - 19:43
Respekt !
Sirius 12.10.2010 - 14:32
Scheck mer eng PM mat denger mail daan kriss de eng raw version gescheckt smile
Sirius 12.10.2010 - 14:32
.
Sirius 12.10.2010 - 14:33
.
ludiol 13.10.2010 - 08:53
Gratulatioun zur Foto vun der Woch. Iwwregens ass sou eng ähnlech Foto och d'Titelsäit an als Bearbechtungstipp vum Scott Kelby sengem Buch "7 Point System for Photoshop"
Sirius 13.10.2010 - 14:10
Merci fir den Tip smile
mischii 14.10.2010 - 22:57
wonnerbar!!!!
mir gefällt di 2t am beschten
ech bedauren haut nach dass mir dat verpasst hun op eisem Trip viru 15 Joer, an dobei hu mir zu Moab iwwernuecht
Sirius 15.10.2010 - 16:37
Moab?

Daat leit beim arches an canyonlands national park.
Daat ass 10h mam Auto eweg. Du mengs wuel Page, daat ass direkt beim Antelope Canyon smile
mischii 15.10.2010 - 16:39
ups jo, et war Page smile
Mishka 16.10.2010 - 15:37
Super schein Foto'en. Waat mech interesseiert, well ech den Canyon net kennen, wouhir kommen dei Farwen do an der Natur?
Sirius 17.10.2010 - 09:42
Wei genau daat funktionneiert wees ech leider och net.
Dei Slot Canyon sin durch Sturzfluten entstannen waan et vill gereent get. Me daat hued puer Millionen Joeren gedauert, an geet nach emmer weider smile

An dei Farwen entstin och just zu bestemmten Daageszaiten, demno wei Sonn
vun uewen an den Slot Canyon ranschengt
kikipaerd 16.10.2010 - 22:53
Cool Serie smile Ech hunn och souer, dei sin just nach laang net sou gudd smile Respekt (Y)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 443 Gäscht online