Haha génial. Ech wollt dat do och schon eemol probéieren mat den Post-Its, mee dann op enger klenger Fläch als Mosaik. Dat do as effektiv cool.
Hues de och probéiert gehat wéi et wiertkt wanns de déi wäiss Sträif vun der Dier mat agedeckt häss?
Ech hun probéiert, jo. Mee d'Fläch war esou kleng, dass d'Post-Its net drop hänken bliwen sin, an hun mer dun geduercht, dass et flaicht esou besser ass, well een doduerch erkennt, dass et den selwechten Raum ass.
Super, naja wei langs de gebraucht hues kann een sech denken
Zwee fro weiviel Keschten Post-Its sin do verbraucht gin?
an dann wert och nach net all Post-It direkt hängke bliwen sinn, grugelech den Gedanken
tat Sach steht do War lo sou vun der Foto an der Idee faszineiert dass ech alles rondrem mech vergiers hun
jo 2500 post-its klengt och besser wei just 8 Päck
Ech hu mer esou eppes tatsächlech firgeholl, well et einfach eng cool Arbecht ass, dei sech als Serie och weisen lossen keint, mee mengen dat dauert nach eng Zaitchen bis ech dorobber Loscht kreien
Oh se sin net hänkebliwen an dun hat ech keng Loscht mei, an jo... dun hun ech et vergiess hat och lo keng Loscht mei et digital ze man, ech fannen et gesait een et net su direkt