Am Fong kéint een di Foto hei och Diapositive nennen, gedu?
Egal. Farfléch ass se ganz diskret an hei ass de RAL-Toun 7013 "Betongrau" am HG scho passend. (fir d'Uspillung ze verstoe, kuck dem tormi séng Foto "Contraste complémentaire).
Dat war jo och nit op di zwou verschidde Fotoe bezun, mais op méng Uspillung un d'RAL Farf Betongrau, déi hei an dénger Foto jo awer präsent ass am Hannergrond. Et pour cause: den Tunnel ass jo ee Rouer aus Beton.
Pardon, wanns méch do falsch verstaanen hues. Dat war nit gemengt, fir een direkte Verglach vun deenen zwou Fotoen.
Fir et da genee ze soe, wat ech mengen: Dee groen Hannergrond bei dénger Foto bréngt de Portrait richteg zur Geltung an di rosa, wäiss a schwarz Téin vum Kleed stiechen do just genuch raus, fir de Model ze portraitéieren. Do brauch et keng knalleg Farwen. Di Foto stralt einfach vu séch aus.