Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

E klasseschen..

 
E klasseschen..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.10.2022
  • Gekuckt:
    7598
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    3
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f 9
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    - 1EV
  • Gréisst:
    2000x1332
  • Späicherplaz:
    1949 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92307]
Kommentar vum Fotograf:
..Hotspot zu Zermat.
Hei mol neess eng Touristefoto, ..a fir de Nico dann hei emol eng wollekefräi Vue op dMatterhorn ;-)
Nicon07 23.10.2022 - 19:03
Merci villmols, Marc.

Di Foto do erënnert méch u Sylvester 1997 an u méng Hochzäitsrees: Deemols hun ech do uewen eng änléch Foto am Schnéi gemaach mat der - hal déch un! - Gevabox vu méngem Bopa. Negativ 6X9 a Kodak Gold Rullfilm. Ech hun nach ee Poster DIN-A2 dovunner. Gestache scharf bis op déi liicht chromatesch Aberratioun un de Bord'en. Mais bon, dat ass jo normal bei openee gepechte Lënsen als Objektiv. Deemols hat d'Matterhorn awer eng Haiwchen.
marker 24.10.2022 - 12:11
Gär geschitt, Nico.

Biller solle jo bekanntlech eng Geschicht erzielen, a je no Zweck spillt déi technesch Perfektioun da munchmol eng Nieweroll, vill méi wichteg sin d'Emotiounen, a speziel wéi an dengem Fall och sécherlech nach schéin Erënnerungen, déi beim Betruechten domadder verbonnen sin.
Passt dat alles, huet e Bild allemal säin Zweck erfëllt.
Nicon07 24.10.2022 - 15:41
Méi schéi kann een dat nit soe, Marc. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 349 Gäscht online