Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Tour en ville -8-

All Fotoen an dëser Serie:
47645 Thumbnail
47646 Thumbnail
47647 Thumbnail
Tour en ville -8-
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.05.2022
  • Gekuckt:
    10263
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Originaldatum:
    16.05.2022
  • Fotoapparat:
    Rollei 35S
  • Objektiv:
    Tessar 3,5/40mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:
Kodak T-Max 100
Kodak T-Max developer 1+4

Fir anzesetzen: [pg_img=92037]
Kommentar vum Fotograf:
Dài Kéier war ech ënnerwee mat enger Rollei 35S mat engem Tessar 3,5/40mm, wou ech ee Kodak T-Max 100 dran hat, deen ech am T-Max developer entwéckelt hun. Wat méch e bëssen nervt, dat ass, datt ech nom scannen d'Impressioun hat, d'Fotoe wieren nit ganz scharf. Mat dem sharpen-tool vun der NikCollection krut ech dat zwar e bësse kompenséiert, mais irgendwéi sin ech awer perplex. Ech wees nämléch nit, ob dat Objektiv vun der Kamera Falschfocus huet, ob ech méch zevill op d'hyperfocal Distanzmarkéierungne verlooss hun, oder ob de Film onscharf gescanned gin ass.
Ech hat nämléch meeschtens Blend 11 oder suguer 16, an d'Distanz op 6-10 Meter agestallt. Domadder hätt der markéierung um Objektiv no missen be deene Blenden de Schärfteberäich vu 5m bis onendléch sin).
Ech hun awer och een neie Scanner, wou ech nach am Léiere si, wéi een dee richteg astellt.

Ech hoffen, di "Opsiichten" hei gefalen iech awer e bëssen.
gemu 22.05.2022 - 12:54
Wann ech den tour en ville -3- a -4- kucken déi mat dem selwechten apparat rollei 35s Tessar 40mm gemach goufen déi jo net dee Schäerfteproblem opweisen wéis du et beschreiws da kann et jo eigentlech net um Photoapparat leien. Eventuel géing ech d'Negativen frësch scannen, eventuell mat aaneren Astellungen ?
Nicon07 22.05.2022 - 17:00
Du hues nawell Recht, Georges. Déi Fotoe si scharf, an déi hat ech nach mat méngem Canon 9000 gescanned. Woubei ech die heite mam Epson V850 gescanned hun. Dat soll jo awer nach ëmmer dee beschte Flaachbriedscanner fir Fotoen sin. Mais wi gesot: ech gin net eenz mam SilverFast, wat jo awer och soll dee beschte Logiciel dofir sin. A wat méch baschten deet, dat ass, datt ech d'Tutorials op den SF-youTube Kanl kucken, an da mengen, ech wéisst, wéi een et mécht. Mais wann dann engem säi programm net sou reagéiert, wéi deen am Video, da stellt ee séch Froen.
gemu 22.05.2022 - 19:30
Do kéint jo bal mengen du wiers dobäi dech ze verschlimmbesseren mat dengem neie scanner an der software. Wéi ech mech virun e puer Joer fir d'Matière interesséiert a selwer wollt scannen hun ech d'Fanger finalement dovu geloos bei deem waat ech alles iwer den SiverFast gelies hun, e gudde Programm mee anscheinend guer net einfach an der Handhabung dofir hun ech d'Scannen an d'Eifel ausgesourced closed_eye
Nicon07 22.05.2022 - 19:55
Am Fong war mäi Canoscan jo och nit schlecht, awer an der Läscht huet hie gezickt: Obschon ech him Strips drageluecht hu mat 6 uerdentléch beliichten Negativer, huet hie mir just vun 3 oder 4 Virschaue gemaach. Oder en huet gemault, de Fichier géing ze déck an dofir kéint en nit scannen. Ech kommen awer nach dohannert, fir richteg a gutt ze scannen. smile

An der Eifel scannen ass jo gutt, an d'Entwécklung firdrun och, mais déi sin awer sou eppes vun traditionnel do, datt si am léifste just Kodak an Ilford wéilten hun. Mais well ech jo awer gäre mat aanere Filmer experimentéieren, hun ech scho mol Refuse vun hinne kritt an si hu mir d'Bobine zréckgeschéckt. unhappy
gemu 22.05.2022 - 23:09
Et ass bestëmmt vill méi flott, interssant a gënschteg wann een wéi's du di Prozeduren selwer beherscht.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 383 Gäscht online