Ech versti, wats du mengs, Gennaro, awer ech fannen déi Kompositioun elo awer net sou ganz doniewent. Ëmmerhi geet déi Diagonal ënnen an der Foto tëscht den Riewen bal dohinner wou de Wee ass, an domadder gëtt de Bléck dann sou durch d'Bild gefouert fir, nodeems e scho bal rechts aus dem Bild raus war, nees hannescht no lénks an d'Bild gefouert ze gin an dann uewen net wäit wech vum gëllene Schnëtt op déi Gebaier ze stoussen. Grafesch ass et awer schon. Mais den Interessipunkt, deen Haff uewen um Hiwwel, fannen ech elo net grad sou top, datt een dovuner begeeschtert wier. An dann ass den Himmel och e bëssi "dull", wéi se a GB soe géifen. Den Johny huet scho besser Fotoen hei gewisen, awer schlecht ass di hei fir méch trotzdem nit.