Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ee vegane Fuuss

 
All Fotoen an dëser Serie:
46630 Thumbnail
46631 Thumbnail
46632 Thumbnail
46633 Thumbnail
Ee vegane Fuuss
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.05.2019
  • Gekuckt:
    40437
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
    05.04.2019
  • Fotoapparat:
    NiKON D500
  • Objektiv:
    Sigma 60-600mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89909]
Kommentar vum Fotograf:
... an eisem Gaard haut de Moien.

Zanter e puer Woche schon läit regelméisseg eise Komposteemer ëm, an d'Geméisschuelen asw... leie verspreet um Buedem roderem. Mir konnten eis net erkläre, wien dann do sou stark ass, fir dat ëmzestoussen. Mir hate schon d'Kréien am Verdacht, déi an de Stroossebeem niewndrun Näschter bauen a bréien. Mais elo hu mir de Beweis kritt: De Reenert perséinlécht ass deen Incriminéierten.Wisou dee grad séch Geméis a virun allem éischter batter Saache siche kënnt (Spargelsschuelen, Artischocken, a Melouneschuelen? Soll hie mat der Liewer geplot sin? Oder ass et einfach just, well d'Saachen am Eemer no Wullmaus, Gaardeschléifer aut. sim. riche, well där aus eisem Gaard séch och regelméisseg an den Eeemer verkrauche, fir an der "Taverne du Compost" séch ze regaléieren?

D'Foto ass durch eng net ganz propper Kichefënster gemaach an natirléch queesch, sou datt et quasi onméigléch ass, fir eng uerdentléch Schärft ze kréien. Et geet mir hei méi ëm dat Anekdotescht, wéi ëm eng qualitativ héichwärteg Fotoarbécht... ;-)
marker 05.05.2019 - 19:26
Eng ganz flott Serie a schéin dokumentéiert wéi ech fannen, an zesummen mat dengem Kommentar ..'eng Geschicht'.
Gefällt mir gutt.
Nicon07 06.05.2019 - 16:45
Merci, Marc.
gemu 15.05.2019 - 13:33
Tja wa keng Schwengshax am Emer läit da muss en eben op di vegan Schinn fueren. Herrlech Doku a Geschicht
Nicon07 15.05.2019 - 18:36
Vläicht ass en dat jo nëmme siche komm fir an d'Hingerbritt. Well d'Geschicht geet nach weider... den Daag duerno hu mir e gesi, wéi e beim Noper iwwert den Drot probéiert huet ze sprange fir an den Hingerjuck. Keng Aaanung ob en et gepackt huet, oder ob dem Noper séng Grogäns e mat hirem geschnadders verdriwwen huet.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 310 Gäscht online