Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Duo
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.02.2019
  • Gekuckt:
    52211
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1,33 EV
  • Gréisst:
    1600x1206
  • Späicherplaz:
    865 KB
  • Originaldatum:
    Februar 2019
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89741]
Kommentar vum Fotograf:
..am Niwwel
Paul-H 03.02.2019 - 20:21
Super! Daat dooten ass Menges!
Hun en etlech ähnlecher déi lescht Zäit gemaach mee nach net verschafft.
marker 06.02.2019 - 10:43
Dat freet mech. Merci Paul.
Nicon07 05.02.2019 - 10:55
Minimalisteschn Heighkey.

Interessant EXIF. Wanns du Blend an Zäit an ISO manuell agestallt hues, an da steet dann awer do eppes vun 1,3 Blenden Ënnerbeliichtung, dat fannen ech schon drolich. Manuell beliichten léisst dach grad Spillraum fir déi ideal Kombinatioun ze fannen. Do gëet et jo dann, absolut gesi, keng Iwwer- oder Ënnerbeliichtung, außer déi, déi ee selwer astellt. smile

Wat mir hei gudd gefällt, datt ass dat Grot vum Hannergrond. Meeschtens ass et jo am Schnéi sou, datt deen ze däischter gëtt, well den interne Beliichtungsméisser op séng 18% Gro insitéiert. Oder awer e gëtt ze wäiss an ouni Struktur, datt ee bal "verblend" gëtt beim Kucken. Mais hei ass dat ganz harmonesch. An trotz där starker Ënnerbeliichtung gesäit een d'Strukture vun der Schuel vun de Beem ganz däitléch. Hues du do maskéiert a mat Zone geschafft beim Postprocessing?
marker 06.02.2019 - 10:48
Merci fir däi Kommentar Nico, a besonnesch fir deng kompetent Umierkungen beim Bild.

Ech machen praktesch all meng Biller am manuelle Modus, an alles nom selwechte Schema. Prioritär bestëmmen ech d'Blend a féieren d'Zäit no, ...wat a sech och mat der Zäitautomatik vun der Kamera ze vergläichen ass.
Manuell awer aus dem Grond, wann ech verschidden Opnahmen am selwechte Liicht machen brauch ech meng Beliichtung, emol agestallt net méi ze änneren, egal wéi d'Gréissteverhältnis vun hell oder donkel am Bild present ass, ...woubäi all Automatk d'Beliichtung vun den eenzelnen Opnahmen esou ging reegelen fir eben deen 18% Mëttelgrowärt vum gesamte Bild unzepassen.
Wéi's du och richteg erkannt hues hun ech hei wéinst dem groussen hell Undeel nom Zonesystem geschafft, eng Stotmiessung ob den éischten Bamstamm, (18% gro) an duerno déi besote Minuskorrektur fir déi definitiv Beliichtung, an esou de Stamm u säin natierlechen (visuellen) Tounwärt unzepassen. D'Liichter, an dësem Fall de Schnéi an de Niwwel hun ech am PS ugepasst.
Dat korrekte Bild aus enger Beliichtungsrei hätt och gepasst a wier genee dat selwecht gewiescht, ech machen dat awer net esou a beschränke mech léiwer op wéineg Opnahmen.
Nicon07 06.02.2019 - 12:23
Ech soen dir Merci fir déng ausféierléch Äntwert.

Alt neess de Beweis, datt Fotografie net einfach nëmmen op ee richtegen oder virtuelle Knätonguepchen drécken ass an dann d'Elektronik vum Apparat (oder muss een dat haut KI nennen?) gewärde loossen.

Vill méi ass et eng Konscht, wou een d'Technik muss kennen a kënne beherrschen a matdenken.

marker 06.02.2019 - 19:20
Genee esou, ..obwuel d'Elektronik an eisen héichmodernen Knipskëschten mat all hire Méiglechkeeten awer och richteg hëllefräich ka sin closed_eye
Nicon07 07.02.2019 - 11:32
Ech mengen (an dat soen ech lo net, wéi eis Politiker, wann se ee Saatz ufänken, mais mat der Bedeitung vun deem Wuert), datt et einfach kee Sënn gëtt, fir analog an digital Photographie op een Niwo ze stellen. Dat eezecht, wat se verbënd, ass d'Luucht, déi durch d'Lëns op de Support, deen ophëllt, fällt a wat dodurch vun der "Welt dobaussen" séng Spuren hannerléisst.Vun do u gin di zwou Welten hiren eegene Wee. Natiirléch kënnen séch di 2 Weeër neess begéine, wann een den Negativ, amplaaz an der Däischterkummer op Pabeier ze beliichten, scanned an dann an der "Hellkummer" EDV-ënnerstëtzt postproduzéiert an duerno mat Tënt oder Pigmenter op honnerte verschidden Zorte vu Pabeier ausdréckt. Mais do sin d'Resulteter dann esou ënnerschiddléch, wéi zwee-eeëg Zwillingen. Si gläiche séch mais an hirem Wiese sin se awer verschidden.
marker 08.02.2019 - 18:45
Du brengs an dengem Kommentar villes op de Punk.
Analog an digital sin effektiv zwou ënnerschidlech Welten, an een Thema wou een elo kéint deeglang driwwer diskutéieren. Fir seng Opnahm op Pabeier ze brengen huet de Fotograf hautdesdaags allerdings een zousätzleche Choix wéi nach virun e puer Joer, a menger Meenung no zielt am Endeffekt d'Resultat, a speziell de Notzen, respektiv den Zweck woufir e Print geduecht ass.
Ech selwer applizéieren momentan primär den Drock mat Pigmenttënt, ausschliiesslech SW, an d'Qualitéit ass entretemps esou gutt dat e Print op exellentem Pabeier praktesch net méi vun engem richtege Sëlwer Gelatine Print z'ënnerscheeden ass, ..Uewerflächestruktur, ..Bildtoun, ..Tounwerter, ..Haptic, ..etc. ..etc..!
Eent steet sécherlech ausser Fro, ee vun Hand ugefäerdegten Ofzuch vum Negativ op Barytpabeier huet nach ëmmer ee ganz anere Stellewärt an doru wärt sech och an Zukunft esou séier näischt änneren.
Fir de renge private Bedarf sin ech awer der Meenung dat de grousse Material- an Zäitopwand sech net méi lount, zemools fir e Baryt nach nom Enwécklungsprozess am gëftege Seleniumbad archiffest ze machen an uschléissend mindestens eng Stonn lang Auswässeren, ..vum Spanopzéiprozess op Glas/poléiert Metallplack oder mat der Dréchepress (wéinst der Planlag nom dréchnen) net ze schwätzen..!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 245 Gäscht online