Wonnerbar.
Hei war et ganz gutt Drëttelregel z'applitéieren.
D'Luucht am HG an d'Lütschine gin dem Bild Déift.
Hei gesäit een iwwrégens gutt, datt d'Lütschine säi richtége Numm Weisse Lütschine nët gestuel huet.
D'Opnahm ass am Hierscht entstanen, an den Zäitpunkt war net esou schlecht, vu dat d'Waaser kloer war an en plus och nach d'Ränner vum Flossbet ze gesi sin, wat mir perséinlech gutt gefällt. Meeschtens ass am Fréijoer bis an de Summer eran hei alles ënner Waasser a just eng dréif brong Zopp.
Merci beaucoup fir däi Kommentar Jean-Jos.
Ech hätt hei léiwer mat méi enger kuerzer Brennwäit fotograféiert, daat wir der Déift am Bild nach e Stéck zegutt kom, leider war de Standpunkt méi wäit no vir net dran.
Merci t-ren, mech freet et dat d'Bild gefällt.