Flott, mée ass do riets net ze vill, wou mat een näischt méi unzefänken weess ? Ech géing virun deem Luuchtepotto, riets nierft deem leschten Héichhaus ofschneiden. Ennen géing ech sou schneiden dat een eng Diagonal vun deenen méi heichen Holzpéil bis an den Eck kritt. Dat heesch baal d'Halschent vum Waasser ewech. All dat Waasser virun den Holzpotoen bréngt näischt fir d'Déift denken ech.
Merci fir dein Virschlag. Ass een Versuch wert. Hat verschidden Ausschnetter getest desen hei huet mer awer na am Besten gefall.
Wollt halt Reflexieounen am Wasser net zevill schneiden. Testen dein Virschlag awer enmol. Thx
Ech gesin dat zwar nët esou dramatësch, wëll et och flott eriwwer kënnt, datt riets a lénks am apu séngem Bildauschnëtt genuch Plaaz bleiwt fir der Foto Raum ze gin. Oft gin esou Biller ze enk cadréiert ( du weess wat ech mengen, am Club gëtt ze oft zevill geschnidden ).
Ech hätt et hei intressant fonnt, wann den apu méi eng lang Beliichtung gemacht hätt, fir ënnen méi 'flow' dran ze kréien.
Ech froen mech, obs de net häss keinten den ISO nach een gudd Steck mei weit eroof setzen an dofir mei laang beliichten. Dann waer Waasser och mei schein glaat gin an Reflexionen vlait nach besser. Trotz allem flott Faarwen, scheint Bild
flott Opnahm, schleissen mech beim Beschneiden a Beliichtung un,
ech machen an deem Fall ëmmer méi Opnahmen, denken dass 3-5 Sekonnen e flotten Effekt bruecht hätten.
Merci fir all Kommentaren. Hat verschidden Anstellungen getest mee muss awer sohen irgendwei war des na am Besten.
Mee stemmt manner ISO an mei lang Belicht misst eigendlech na besser gin.