Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Einsame Bam

 
Einsame Bam
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.04.2018
  • Gekuckt:
    30062
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    326 KB
  • Originaldatum:
    2018:02:19 10:04:59
  • Fotoapparat:
    NIKON D850
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikon 70-200 f4
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89165]
Kommentar vum Fotograf:
Ee vu villen am grousse Bësch
marischen 06.04.2018 - 15:32
Schéin matt der Schärft gespillt. Ganz flott
Johny 06.04.2018 - 19:47
Merci. (Et muss net ëmmer f/1.8 oder ähnlech sinn closed_eye)
Paul-H 06.04.2018 - 18:46
A wanns de ennen riets e bëssen drun gezun häss fir dass d'Feld mam Schnéi aus dem Eck an d'Bild kennt ? Dono dann nach e wéineg uewen lènks gezun fir de Baam rem an daat lènkst Drëttel ze setzen ? Dann wir ech perséinlech mam Cadrage méi "zefridden".
Fir de Rescht: Ganz schéin Natur(Wanter)opnaam déi mir gudd gefällt.
Johny 06.04.2018 - 19:46
Genee dat war och mat dat éischt wat ech ausprobéiert hat, mee dann ass de Schnéi ënnen ze schmuel, soudass et méi wéi e Friemkierper ausgesäit an der Foto wéi dass e soll derzou gehéieren, dofir hunn ech dat erëm réckgängeg gemaach.
Merci
Paul-H 06.04.2018 - 19:55
Effektiv, hun net sou wäit geduecht.
gunman 06.04.2018 - 19:57
Sorry, ass leider net mein Fall well mech stéiert immens déi schief Linn vun deem weissen Schnéi am Vierdergrond vum Bild.
Jean-Jos 06.04.2018 - 22:30
Dat ass 'adg' a méngen Aen, an de Bierger ass nët alles riicht, d'Deklivitéit vum Terrain muss nët ëmmer ausgeglach gin. Wann de Johny hei den Terrain riicht gemacht hätt, géing d'Ficht kromm do stoen.
Mir gefällt d'Foto richtég gutt, wëll bei elauter Bësch de Baam aussergewéinlech gutt erau kënnt.
Johny 07.04.2018 - 09:59
En huet jo explizit geschriwwen et wier net säi Fall, also ass dat schonn esou OK smile Wéi schonn dem gunman direkt geäntwert hätt ech sou guer léiwer gehat et wier nach e bësse méi schif gewiescht.
Merci smile
Jean-Jos 07.04.2018 - 18:04
Ok ass all Kommentar, den sech mat der Foto eescht beschäftegt. Ech hu just méng Meenung dozou wollte soen closed_eye
Johny 07.04.2018 - 09:58
Ech hätt se sou guer gären nach méi schif gehat bigsmile Mee ass kee Problem, et muss jo net alles jidderengem gefalen - ganz am Géigendeel sinn ech ganz frou dass mol rëm bëssen eppes geschriwwe gëtt bei enger Foto, sief et dass se engem gefält oder och net.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 433 Gäscht online