Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hoergänsen

 
Hoergänsen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.03.2018
  • Gekuckt:
    38362
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1800x1200
  • Späicherplaz:
    229 KB
  • Originaldatum:
    2018:03:04 17:37:57
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 6D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 70-200 L F/2,8
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:
2x Converter

Fir anzesetzen: [pg_img=89094]
Kommentar vum Fotograf:
Den 4.3 sin zweschen Näerden an Nidderpallen Hoergänsen roof gang
Bubu 08.03.2018 - 09:46
Wou kenns de dann op dei Idee fir mat enger 6D bei 400mm op Iso 160 ze goen an nat enger 1/80 ze fotografeiren.
Bon d'Resultat schwetzt jo fir sech me et as Schued.
Eric_1989 08.03.2018 - 16:33
Ech hat den 2x converter drop an den 70-200
pixelman 08.03.2018 - 19:19
mat Stativ ?
Eric_1989 09.03.2018 - 11:19
ouni stativ
jaya-the-cat 09.03.2018 - 21:59
Ech hunn eng 7D Mark II do ass bei Iso 1600 d'Rauschen kaum ze gesinn... Ech huelen 6D ass esou guer nach besser an deem Domäin. 160 ISO ergett jo wierklech keen oder kaum iergendwann Sënn... Déi Zäit wou nach mat Film geschafft ginn ass, ass jo och an der Regel net grouss experimenteiert ginn, froen mech grad wat deen niedregst Wärt bei Film war/ass?
Jean-Jos 09.03.2018 - 22:23
Am sw hat ech déi eng oder aner Kéier den Ilford PANF Plus mat Asa 50 am Gebrauch, ech weess nët op et drënner geet.
jaya-the-cat 12.03.2018 - 14:31
Asa 50! Ok hätt ech net geduet...
Jean-Jos 09.03.2018 - 22:23
Ech hat vergiess ze soen: fir de Rescht hues de Recht mat déngem Kommentar.
Jean-Jos 08.03.2018 - 22:24
De Bubu huet absolut Recht (fir de Fall wou's de ouni Stativ geschafft hues), éng Beliichtungszäit muss der Brennwäit ugepasst sin an dat geet an dem Fall nëmmen iwwer den ISO.
Awer hei léisst och nach d'Bildkompositioun staark ze wënschen iwwrég, fir mech ass dat doten just eng intressant Dokumentatioun, wëll ech Hoergänsen nach ni sou no gesin hun, dat si jo richtég 'Béischten' smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 409 Gäscht online