Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Shadipur, India 2015

 
Shadipur, India 2015
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.08.2016
  • Gekuckt:
    37005
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/3200 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1500x999
  • Späicherplaz:
    736 KB
  • Originaldatum:
    2015:09:12 12:50:57
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DS
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86797]
Kommentar vum Fotograf:
When you walk through the slums of Delhi, there are surprises everywhere - beautiful, charming, and often playful surprises. This girl, - curious yet a little shy at the same time - saw me with my camera. And while deciding whether to display her most beautiful smile, or to quickly disappear onto her roof, she let me get this wonderful shot of her.
marischen 13.08.2016 - 21:11
Ech hu seelen Street-Photoen hei um Site begéint déi éischtens qualitativ sou gutt a gläichzäiteg och sou "déif" an ausdrocksstark sinn, wéi deng (bis lo 3) Indien-Fotoen. Dozou nach deng Kommentarer, déi engem wierklech e Gefill fir d'Geschicht hannert der Foto ginn.
Déi hei gefällt mer vun deenen 3 bis lo am Beschten.
Felix_Schadeck 13.08.2016 - 21:50
Villmols Merci Marischen. Ech sin wieklech frou dass dir d'Fotoen sou gudd gefaalen an dass och den Ausdrock/Message bei dir eriwwer komm ass. Dat bedeit mir vill! An Merci och fir den favorite!
gtaddei1 13.08.2016 - 22:03
An deenen richteschen slums... Do wou D'Touristen besser haetten dobaussen ze bleiwen, do ass keng poesie mei... an deenen slums gin keng touristen touren organiseiert ... smile
Indien ass en Land daat net einfach ass ze verstoen... me et ass der Waert et ze kucken ouni Romantik an ouni Westlecher Sensibiliteit ... dann an nemmen dann get Indien engem waat et richtesch representeiert bewonneren... Daat ass wouer fir all Populatiounen dei entdeckt gin...
D'foto ass super
Felix_Schadeck 13.08.2016 - 23:40
gtaddei1, du haas bei menger leschter Foto schon een ähnlechen message geschriwwen, wous de schwetz vun "richtegen slums", an "net richtegen slums", "unerkannten slums" an "net unerkannten slums"
Ech wollt just e puer Saachen méi kloer maachen. Dei Fotoen sin ganz an guer net op Touristentueren duerch d'slums entstaangen. An deen slum ass alles aaneres wéi staatlech unerkannt oder hygieniséiert. Den Staat weigert sech regelrecht fir d'Existenz vun deenen Leit ze erkennen, geschweige denn d'Existenz vum slum selwer. Mee bon, dorems soll et elo net goen.
Iwwert eng organisatioun aus der Belge déi do Aarbescht leescht haat ech d'Geleegenheet mat deenen Leit ze interagéiren an Zait mat hinnen ze verbréngen.

Et waren genuch Geleegenheeten do fir mech fir Fotoen ze maachen déi dat Bild vun deenen "richtegen slums" géifen représentéiren wéis du et emmer rem uschwetz: Kanner déi ofgemouert um Tipp am Dreck wullen fir eppes z'iessen ze fannen, blann Kanner déi Zillen schleefen, Leit ouni Been dei hieren Kierper mat den Hänn duerch d'Oofwaasser zéihen, Leit ouni Äerm, Leit mat all méiglechen Krankheeten géint déi mir am Westen eng Kéier eng kleng Pëll schlécken, kleng Meedercher vun 7 Joer déi bestuet sin... d'Lescht ass endlos.

Mee dorems geet et mir an menger Aarbescht net. Fir dat Bild vun engem "richtegen slum" oder wéis de soos enger "gudder favela" emmer an emmer rem ze weisen an ze veréiwegen, dorems geet et mir net an dat hëlleft och kengem vun deenen wonnerbaren Menschen dohannen.

Meng Aan sin op fir déi Momenter wou d'Leit an der Aarmut, oder an hierer schrecklecher Situatioun kennen laachen, wou se hier menschlech Dignitéit behaalen, trotz all den obstaclen déi d'Lierwen hinnen all Daach an den Wee geheit. Dat ass fir mech eppes onbeschreifleches, eppes wat ech eben versichen duerch meng Fotoen erem ze bréngen, eppes wat een "op der gare", "zu Rodange" oder "op der Grenz" bei eis net onbedengt sou erem fennt. Och wanns du sees dass et net aanescht wier. Aarmut huet vill Gesiichter. An dat ass dat wat mech markéiert huet. Do geet et guer net em westlech mentalitéiten oder eis sensibilitéit. Dat geet ganz wait doriwwer raus. Op dat elo Poesie ass, oder Romantik, oder soss eppes, spillt keng Roll. Mee fir mech ass eppes do, wat wait iwwer hier Aarmut eraus geet.
marischen 14.08.2016 - 07:32
Gutt gesoot. Ech muss zouginn, fir mech wier sou eng Experienz näischt, ech sinn dofir ze sensibel. Dofir grousse Respekt un dech. Virun allem eben och, wells du et faerdeg brengs, trotz dem Misère dat Gutt a Schéint ze gesinn an de Courage hues et am Bild festzehalen. Biller vu Leed an Ongerechtegkeet gesi mer masseg all Dag an de Medien, dobäi maachen d'Auteuren dat net selten aus Sensatiounsgier. Deng Fotoen an däi Message hannendrun hunn definitiv en anere Niveau.
Felix_Schadeck 14.08.2016 - 15:48
Merci Marie-Claire! Du schwetz mer aus dem Häerz smile
gtaddei1 14.08.2016 - 23:22
Ekzellent gesoot...
Ech hun irch gaeren... Esou geif mäin neveu aentferten vun 21 Joer...
smile
Maacht esou weider!!! Mool kucken d'fotoen deis du naechst Joer weist ...
Kleent 14.08.2016 - 15:36
Staarken Ausdrock an deser Foto! Ech kann mech do nemmen dem marischen uschleissen. Wat fir eng Geschicht hannert der Foto steet, bleiwt beim Fotograf an do gesinn ech hei einfach eng immens gelongen Foto.
Felix_Schadeck 14.08.2016 - 15:44
Villmols Merci Anouk! Ech sin frou dass d'Foto an den Ausdrock dir gefaalen!
jorsch 14.08.2016 - 18:46
Obschonns déi Aen bestëmmt scho vill vum Liewe gesinn hun, stralen se dach Freed, Zouversiicht an esouguer e bësse Stolz aus.
Eng immens schéi Foto!
Felix_Schadeck 14.08.2016 - 18:56
Genau sou ass et Jorsch. Ech sin frou dass du dat sou gesais! Villmols Merci fir den léiwen Kommentar!
Felix_Schadeck 14.08.2016 - 18:56
Merci och fir den Favorite! smile
Conley 14.08.2016 - 23:50
Mir sinn dach einfach nëmmen ze vill verwinnt. Wann de Smartphonen keen Empfang huet, geet dach fir di mech Leit schonn bal Welt ënner! Prioritéiten fir glécklech ze sinn, sinn do awer anerer. Ech gesinn an dem Gesicht een gewëssen ängschtlechen Ausdrock deen an't Kamera kuckt. Et kéint een Bild och esou Interpretéieren. Dass de Bléck den an Kamera kuckt, just Matleed mat eisen Gesellschaftlechen Wäerte huet.
Metalbambi 15.08.2016 - 11:18
Ech fannen dat hei en super Portrait deen den Moment wéis du en beschreifs gutt afänkt. Den Opbau ass interessant, d0Beliichtung ass super, an den Sujet stëmmt och. Et ass seelen dat bei enger Streetfoto alles sou gutt an harmonesch zesummekënnt!
Abacab 16.08.2016 - 12:49
Ganz staarken Street! Eng Foto di ee laang kuckt a sech esou seng Gedanken mecht.

Däin Text an deng Kommentären sinn och ganz interessant!

Deng Streetbiller gefale mer ganz gutt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 261 Gäscht online