Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

CLT-Building

 
CLT-Building
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.07.2016
  • Gekuckt:
    18627
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    5
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    29 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    1076 KB
  • Originaldatum:
    2016:06:17 20:18:10
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86660]
Kommentar vum Fotograf:
Dat neit CLT-Gebai um Kierchbierg.
Architekt: Bureau IttenBrechbühl ( CH )

Obschonns d'Gebai mir wéinst sengen einfachen a klore Volumen gefält, emfannen ech et dach als eng Aggression an der Landschaft.

Et huet an der Owessonn gereent, dofir déi speziell Stëmmung.
Maimonides 18.07.2016 - 21:04
Sou wéis du de Building weis, jorsch,
kënnt en fir mech net aggressiv eriwer:
wéinst der Stëmmung
a wéinst deene bloën Blummen.
jorsch 19.07.2016 - 22:21
Merci fir däi Kommentar an däi Fav.!
D'Gebai selwer fannen ech och net aggressiv, et gefält mer esouguer, mee de Fait do beim Bësch esou massiv ze bauen ass fir mech eng Aggressioun un der Landschaft. Zënter datt ech Fotoe maachen, gëtt mer de Verloscht vu Landschaft méi bewosst.
Dat Feld mat deene bloe Blummen ass och schéin ... awer wéi laang nach?
marischen 19.07.2016 - 08:42
Super agefang, allerdings empfannen ech d'Gebaier och als "Klotz" an der Landschaft, net direkt agressiv, éischter schwéierfälleg an och iergendwéi almoudesch...

Trotzdem: Déi puer Karblummen am Virdergrond an d'Reewolleken uewe lenks plus d'Gebaier bréngen eng gewess Harmonie an d'Bild, engersäits wat den Opbau an awer och wat d'Faarwen ugeet. Ech kéint mer ganz Geschichten zu dëser Scene ausdenken... Wierklech gutt! smile
jorsch 19.07.2016 - 22:31
Wanns d'Bild bei dir am Kapp ganz Geschichten ervirrifft, da freet mech immens!
D'Gebai gesinn ech wéi zwee iwwerdimensionéiert geometresch Champignonen. Si gefale mer. Mee mech stéiert de Verloscht vun natierlecher Landschaft op deeër Plaz.
An wéi laang d'Feld vun de Karblummen nach do ass, ass bestëmmt och just eng Fro vun der Zäit.
Maimonides 20.07.2016 - 20:41
De Verloscht vun natirlicher Landschaft (wann et déi da nach soll gin) stéiert mech och, jorsch. Mais wann déi di hei nach do ass vun dir net gewise géif gin, géif déi och vergeess gin. Lo wësse mir dass se nach do ass a kéinten se och nach viruweisen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 349 Gäscht online