Freet mech dat vun dir ze héieren.
Inspiréiert vun der moderner Konscht ronderem wollt ech eppes ausprobéieren, mee ech weess net op et derwäert war.
Awer Spaass huet et allefall gemaach!
Ech mengen dass och eng Kulturell Motivatioun do soll sin. Domaden mengen ech ... dass d'bild net fir sech selwer existeieren soll (mechanistesch an kaal) mé am Fong an engem Projekt geheiren soll... deen eng Auso oder soss eppes duerstellen kéint ... Né?
daat ass e bessi an der läschter Zäit (gin ech zou) mäin Effort.
E Bild alleng verleirt sech oft ... awer et bleiwt super an enger art Serie dei jo net limiteierend misst sin...
Ech gesin dass awer emmer mei Projet'en d'Modern Fotographie ausmaachen... Spontan , enzel Fotoen gin der Miliarden / Daag produziert
Ech mengen du hues Recht.
Ech froe mech och heiansdo firwat een nach Fotoen ( z. Bsp Landschaftsbiller, Makro, Reesbiller ... ) maache soll wou all Sujet schonn Millioune mol an a besserer Qualitéit um Internet an a Bicher ze fannen ass. Firwat z. Bsp. an Island fueren, deng Biller ginn dach nëmmen "gehobene Touristenklasse". Bon du has de Spaass se selwer ze maachen, d'Naturerliefnes an de Souvenir. Awer Konscht ass dat net.
Villäicht mécht e gutt Bild aus wann et eng Geschicht erzielt, e Gefill vermëttelt, e Message huet? Mee firwat rüste mir dann technesch esou op, dofir brauch een net vill Material. A geet dat duer fir datt e Bild scho Konscht ass? Wou ass d'Grenz vun der Dokumentation zur Konscht? Wéini ass e Fotograf e Kënschtler, et geet sécher net duer datt hien dat mengt.
Duerfir ginn ech gären a Muséen fir mol ze kucken wat do als modern Foto-Konscht präsentéiert gëtt. Ech hunn duerno meeschtens méi Froe wéi Äntwerten.
P.S.: Merci fir de Fav. Bei dësem Bild huet dat mer wierklech Freed gemaach!
Jo daat ass och meng analyse vun mengen läschten 12 Méint...
Mé Irland, Island,Norwegen Schottland etc ... setzen dech all Moment an enger Visueller KREATIVITEIT wouste de oft daat waatste am gangen bass ze kucken op emool tranzendeierst, fir eben dann deng Gefiller mei ze erliewen... an ech mengen gerad daat misst d'Bild ausmaachen ... an daat ass dann recherche ... eng villeicht artistesch kreativiteit? wou all bild dei enzel geknippst ass an engem freien Konzept eranpasst vun Foto an Gefill ausdrock... aneschters ass et effektivement Tourismus ... firwaat och net ... gin ganz ganz gaeren op naturplatzen!
Enfin... ech sichen daat Gespeich elei ze vermettelen mat Owenter...
soirée du jeudi 2 juin 2016
Au ciné "le foyer" à Habay-la-Vieille place St Etienne.
HDR Fotographie
wannste Zait kriss ..