Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

One Million Star Hotel

 
One Million Star Hotel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.11.2015
  • Gekuckt:
    30869
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    60 s
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    16mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    no Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1333
  • Späicherplaz:
    388 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manuell
  • Objektiv:
    Sigma 10-20mm
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:
Stativ
Remote control

Fir anzesetzen: [pg_img=84912]
Kommentar vum Fotograf:
Mëllechstrooss mam Athabasca Gletscher.Eng schéin Géigend wou et och nach zimlech däischter ass.
Zora 08.11.2015 - 13:25
super déi doen, bewonneren sou Stärenhimmel emmer ob esou Fotoen!
Chris_Nine_One 08.11.2015 - 13:59
Merci fir den Favorit smile Ech muss selwer bëssen kritesch mat der Foto sinn an zou ginn, dass si extrem verrauscht ass. Ech hat am Fong nach ni d´Chance ënner gudden Bedingungen sou eng Foto ze probéieren. Ech hunn d´Bierger missen eenzel mat Rauschreduzierung behandelen fir dass et acceptabel ass. Dobäi ass mer awer bei rëm zesummesetzen vun der Foto en klengen awer blöden Fehler ënnerlaf ( dat hunn ech leider réischt gemierkt wou se schonn ropgelueden war/ dat weist dass een sech vläit nach méi Gedanken driwwer maachen soll an een vläit vun laangem Kucken déi eegen Fehler net onbedéngt emmer gesäit) vläicht fënnt jo een den Fehler smile
Zora 08.11.2015 - 14:07
an der Mett vun den Bierger, also do gesin ech 2 Linnen, ass daat et?, Rauschen stéiert hei nun wirklech netclosed_eye
gtaddei1 08.11.2015 - 21:03
60 sec ass ze lang an f4 ass villeicht ze zou? Ech wees dass et meschtens mat engem 2.8 oder max 3.2 , 200-400 Iso an net mei ewei 30 sec (sass bewegen sech d'Staeren bigsmile)
Chris_Nine_One 08.11.2015 - 23:04
Jo 60 sec ass laang. Déi klengsten Blend déi mäin Objektiv mëscht ass leider 4. Vläit gëtt et enges Daags méi eng schnell Lëns smile
Chris_Nine_One 08.11.2015 - 23:02
Nee déi zwou Linnen sinn keen Fehler. Deen Fehler gesäit een bëssen iwwert den Bierger an den Stären. Do sinn der puer zweemol do. Wou ech d´Rauschreduzierung ob d´Foto applizéiert hun wollt ech daat awer nemmen fir d´Bierger maachen. Doofir hun ech se rem mat enger net rauschreduzierter versioun zesummengepinselt an dobai waren d´´Fotoen net ganz iwwerlaagert.
Zora 09.11.2015 - 17:22
also ech sin iwerzeecht et hued keen Stären gezielt, ass super esou wéi se assclosed_eye
Jeanny 08.11.2015 - 15:58
herrlech schein, hunn dat nach ni probeiert unhappy
rullj 08.11.2015 - 18:11
Flotten Stärenhimmel.
BigVood 08.11.2015 - 18:37
Gelongenen Bildopbau.
gtaddei1 08.11.2015 - 21:02
super Bild ... emmer super Suggestiv!!!
rabbit 09.11.2015 - 00:34
Flott Foto, 60 Sek. sën definitif ze laang bei 16mm, als Fauschtregel kann en soën 500 gedeelt durch Brennweit= Zäit (bei Vollformat) an am beschten d'Blend sou weit ob maachen wéi méiglich, en relativ gutt Objektiv an preiswert ass Walimex PRO 12mm, f/2.8 Fisheye, hann mat dem och well hei zu Lëtzbuerg d'Mëllechstroos geknippst. milkyway...
Chris_Nine_One 09.11.2015 - 08:30
Top Foto!! Ech mengen nächst kéier wann ech dohin gi dann sinn ech mat engem aaneren Objektiv bewaffnet smile
Jacques 09.11.2015 - 08:48
Verstin net wisou déi qualitativ esou schlecht ass! Mat wéivill iso huest du déi fotograféiert? (Et steet neischt an den Exifen)
Chris_Nine_One 09.11.2015 - 16:49
Hallo. Et waren 800 Iso. Mengen dat ( obwuel nach net extrem héich)t an déi laang Zäit hunn vill Rauschen produzéiert.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 426 Gäscht online