Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

le désert noir

 
le désert noir
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.10.2015
  • Gekuckt:
    26268
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    32 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    698 KB
  • Originaldatum:
    2015:08:05 15:26:45
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84833]
Kommentar vum Fotograf:
An dem Héichland vun Zentral-Island, no beim Vulkan Askja.
galileo 31.10.2015 - 11:09
Wow, wat en dankbare Sujet ! a gudd fotograféiert closed_eye
jorsch 31.10.2015 - 17:59
Merci galileo.
Du muss och dohinn, iergendwéini!
Scyv76 31.10.2015 - 11:53
Fantastesch, sou wéit erop haat ech et läscht Joer net gepackt. Flott dass de am avant plan esou en fawlesch interessanten Sujet fonnt hues !! Immens
jorsch 31.10.2015 - 18:00
Merci Scyv76.
Et läit am Honn hannen. Vill knubbeleg Pisten ier een do ass.
theom 31.10.2015 - 11:56
Eng flott Perspektiv, geschter wor um Fr3 reportage iwer Island.
Wow ...dat ass een Eldorado vir Naturfotographen.
jorsch 31.10.2015 - 18:01
Merci theom.
Island ass wierklech fantastesch fir Naturfotografen.
MsJarryman 31.10.2015 - 12:21
E Liichtbléck an der Einöd, schéin festgehaalen.
jorsch 31.10.2015 - 18:01
Merci MsJarryman, freet mech wa se dir gefält.
marischen 31.10.2015 - 14:24
Et wierkt op mech e bëssi wéi eng Fotomontage, falls et keng ass, hätt ech d'Gras net grad sou hell gemaach, et wierkt op mech net echt.
jorsch 31.10.2015 - 18:04
Merci marischen, fir deng Iwwerleeungen.
Also e Montage ass et net, alles echt! smile
Op der pechschwaarzer Basaltwüst huet dat gringt Gras och a Wierklechkeet immens ervirgeliicht. Et huet och nach gereent an d'Gras war naas.
Ech hunn et esou an Erënnerung, op et awer genau esou war wees ech net méi.
2crazy 31.10.2015 - 14:30
erinnert mech un Lanzarote mit Niwwel. Schéin !
jorsch 31.10.2015 - 18:05
Merci 2crazy.
D'Temperature waren awer och net wéi zu Lanzarote! smile
gemu 31.10.2015 - 18:53
Deng Foto hängt un e puer Grashalmen, jorsch, aussergewéinlech , spannend Stëmmung
jorsch 01.11.2015 - 10:40
Merci gemu, fir de flotte Kommentar.
marker 31.10.2015 - 19:37
..eng liicht mystesch Stëmmung mat de Koppen am Niwwel, an déi Steenallee guidéiert de Bléck galant an d'Bild. Gefällt mir richteg gutt jorsch.
jorsch 01.11.2015 - 10:41
Merci marker, freet mech wa se dir gefält!
ornitho 31.10.2015 - 22:28
Dei Ambiance an dem Bild vun dem Endlosem an deier Rouh ass einfach genial. Gefällt mir ganz gud Jorsch !
jorsch 01.11.2015 - 10:42
Merci ornitho, och fir de Fav.!
Endlos ass villäicht dat richtegt Wuert fir d'Landschaft do ze beschreiwen.
Sirius 01.11.2015 - 11:33
Top......et wierkt wei een aner Planet. Gefällt mer besonnesch guud mam Niwwel

War firun puer Joer och an Island fir 3 Wochen me sin awer net souweit robgefuer. Haat net den richtegen Auto dofir smile

Daat soll nach emol komplett anescht sin wei just iwert Stroos ronderem Insel
jorsch 02.11.2015 - 08:07
Merci Sirius.
D'Héichland ass effektiv ganz aanescht, du muss nach eng Kéier zréck! smile
Sirius 02.11.2015 - 11:49
Wann dei Autoe do net sou deier wieren smile

Wei een Auto hass du dann fir an Bierger?
jorsch 02.11.2015 - 21:26
Et war eng organiséiert Fotorees. Mir waren 8 Leit mat engem Guide an hunn an e VW-Allrad-Bus gepasst. Dat war eng flott Léisung, zemol well et meng éischt Island-Erfahrung war.
icylady 01.11.2015 - 12:56
genial schéin wéi daat Graas sech do présentéiert, gët dem Bild deen Touch fannen ech smile
jorsch 02.11.2015 - 08:07
Merci icylady, si frou wann se dir gefält!
gtaddei1 01.11.2015 - 20:39
szperbe
jorsch 02.11.2015 - 08:08
Merci gtaddei1, och fir de Fav.!
FraSi 04.11.2015 - 18:30
Den kleinen naturlichen "Lichtblick" in der dunklen Sandwüse hast du in dem Bildschnitt klasse plaziert! Sehr beeindruckendes Foto!!
jorsch 06.11.2015 - 18:33
Vielen Dank für diesen Kommentar ( und auch den Fav. ) von dir.
Ich habe mich sehr darüber gefreut

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 347 Gäscht online