Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

008 - pAris

 
008 - pAris
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.09.2015
  • Gekuckt:
    32784
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1800x1273
  • Späicherplaz:
    680 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84488]
Kommentar vum Fotograf:
Origin of Symmetry
OK-Photography 24.09.2015 - 15:26
excellent!smile
Tesla 25.09.2015 - 09:46
Merci fir de Fav! smile
Maimonides 24.09.2015 - 20:55
Gustave EIFFEL.

"Tesla" ?

Deen Numm schéngt mir
awer mindestens gekneipt,
mindestens.
MsJarryman 24.09.2015 - 22:03
A Maimonides da net???
Maimonides 27.09.2015 - 21:05
Deen ass secher net gekneipt, Tesla,
well deen ass et jo gin: dat war
1 kulturelle Wanderer,
1 Mediateur teschent den Iddiën
an 1 exzellente Mediziner.

Den "Tesla", MsJarryman,
ass et och gin,
mindestens 2 mol.
closed_eye
MsJarryman 27.09.2015 - 22:38
Merci Maimonides, mech brauchs Du net ze beléieren, ech wees genau wien de Maimonides war, an och den Tesla, deen et gin ass, an och haut nach gëet. E super Auto smile
Maimonides 28.09.2015 - 20:06
Ech well iwerhaapt keen beléieren, MsJarryman !
Tesla 25.09.2015 - 09:46
Ech si suguer ganz vum selwen op dee Numm komm! closed_eye

Mee de Numm ass angeblech genau sou geklaut, wéi méng Photo. Oofwarde wat de SETE douzou seet.
MsJarryman 25.09.2015 - 07:46
Den Turm emol anescht, gefällt mir super déi Symetrie am SW.
Tesla 25.09.2015 - 09:45
Merci! smile
pixelman 25.09.2015 - 08:40
Schéin Perspektive, sou hun ech den Eiffelturm och schon fotograféiert, leider ginn et Restriktiounen bei der Publikatioun:
http://phototrend.fr/2014/11/la-tour-eiffel-photographiee-de-nuit-attention-a-la-violation-de-droits-dauteur/
Tesla 25.09.2015 - 09:45
Merci smile

Merci opallefall och, dass dir mech op de reschlechen Deel opmierksam gemaach hudd. Ech hunn deene vum Eiffel Tuerm (SETE) eng E-Mail geschéckt fir ze froen op een esou Fotoen dierf op Sozial Netzwierker posten an/oder Photographie Foren.
Soulaang ech keng Äntfert hunn, huelen ech d'Photo awer mengen ech erem erof.
Paul-H 25.09.2015 - 19:12
Ech géif d'Foto drop loossen bis de eng negativ Entwert kriss. De Gustav hätt secher näischt dergéint a géif sech freen. Si ass nämlech mega.
pixelman 25.09.2015 - 20:48
Paul-H, et geet net em de Gustav Eiffel, seng Rechter sin noo 70 Joer erlosch, et geet em de Pierre Bideau dem sein Konschtwierk (Illuminatioun) eréischt 1985 gemaach gin ass.

d'Fransousen an Belsch (Atomium) sinn zimlech kamess an deene Saachen.
Paul-H 25.09.2015 - 21:03
Ooh, I see, wosst ech net, hätt och vleit Däin Link kennen liesen. Egal, ech fannen et nawell Kaabes. Ech sen secher deen Här Bideau ass gudd fir seng Beleuchtung bezuelt gin an soll sech freen wann d'Leit se schéin fannen a fotograféieren.
pixelman 25.09.2015 - 21:43
hien freet sech och op "mise en demeuren" vun sengen Afferkoten!
Paul-H 25.09.2015 - 22:03
Aarem Geschter!
Tesla 26.09.2015 - 11:15
Ech krut tatsächlech eng Äntwert vu Paräis.

Et dief een d'Fotoe soulaang iwwerall deelen a poste wéi ee well, ausser et geet schlussendlech em e Lukrative But an et verdéngt ee Suen domat.
pixelman 26.09.2015 - 12:12
ma daat ass emool eng gut Äntwert, da wees de wous de drunn bass ?
Paul-H 26.09.2015 - 13:18
Maja, cool. Sou bleiwt eis des schéin Foto hei erhaalen. Ass zwar gudd ze wessen daat dooten.
jorsch 27.09.2015 - 12:10
Exzellente Cadrage! Fannen ech ganz gelongen.
Schued datt een sech da mat rechtlechen Bestëmmungen geheie muss!
Tesla 27.09.2015 - 17:33
Merci!

Majo dat huet sech jo Gott sei schlank esou erleedegt smile
jorsch 27.09.2015 - 20:27
Hat dat net ënne gelies, mol eng Kéier e verstännecht Arrangement.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 449 Gäscht online