Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

d'Mme Fuuss

 
All Fotoen an dëser Serie:
43731 Thumbnail
43732 Thumbnail
d'Mme Fuuss
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.07.2015
  • Gekuckt:
    28046
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Originaldatum:
    07/07/2015
  • Fotoapparat:
    CANON 1DX
  • Objektiv:
    Canon 200mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83639]
Kommentar vum Fotograf:
d'Madame Fuuss vunn hierer beschter Säit :-)

Wat fier eng vunn denen zwou ass méi interessant?
JCS 12.07.2015 - 16:57
Daat nennen ech en fotogene Fuss. smile
Abacab 13.07.2015 - 09:48
Merci JCS,

Fannen en ass nach méi Photogen ewéi d'Amy, wëll dat huet es mëttlerweil genuch mat der Knips bigsmile
Pit 12.07.2015 - 17:14
Deen geneist et fotograféiert ze ginn smile
Abacab 13.07.2015 - 09:44
Merci Pit,

kee Wonner, bei esou engem Fotograf bigsmile
Pit 13.07.2015 - 09:45
A verstin, deen ass erschreckt an erstarrt...smile
Abacab 13.07.2015 - 09:50
bigsmile bigsmile
Paul-H 12.07.2015 - 19:45
Awwwwh, fir ze knuddelen !
Abacab 13.07.2015 - 09:43
Merci Paul,

ech si schonns frou dass ech der Madame kann esou no op de Pelz rëckelen, mee knuddelen.... mengen dat dauert nach e bësschen bigsmile
MsJarryman 12.07.2015 - 21:26
Genial Abacab, ass dat deng Madame vum Galgebierg oder eng aus der Pleegestatioun vun Diddeleng, mee egal, 2 super Fotoen.
Abacab 12.07.2015 - 22:10
Merci villmools MsJarryman, nee nee, des Madame ass eng Escher Madame a fräier Natur!

An der Pfleegestatioun zu Diddeleng war ech haut och, mee ausser Iessen an Drenken war do net vill ze gesinn...a wann dann hannert engem decken Droot!

E Fuuss war guer net ze gesinn, di haten sech all verfuusst wéi se di vill Léit gesinn hunn closed_eye
MsJarryman 13.07.2015 - 00:15
Ahh, ech mengen Du huess nees eng nei Affaire, Du hass jo schons emol esou eng mam Déisy, an't Madame hei, mat just 200mm, hmm. Dat ass louche bigsmile
Abacab 13.07.2015 - 09:41
bigsmile bigsmile
ornitho 12.07.2015 - 23:29
Du sichs Perfektioun an Dengen Biller.... smile ENg ganz flott Serie, sou nach net hei gesin, an dei 2t ziet en wieklech an sain Ban beim ukuken..., stark !
Abacab 13.07.2015 - 09:50
Merci villmools ornitho, ech kennen nach esou een bigsmile
ornitho 13.07.2015 - 17:41
closed_eye
Kuerzen 13.07.2015 - 08:30
wow... Mengen do geneisst een ed ze posen smile einfach wonnerschein dei Déieren...
Abacab 13.07.2015 - 09:40
Merci villmools Kuerzen!

Jo fannen se och wonnerschéinsmile
icylady 13.07.2015 - 10:47
alt erem immens schéin, deng Fussemadame smile
ass een Genoss se ze kucken, an daat mam 200ter, do muss de awer schons een ganz gudden Droot zu där Madame hun smile
mee freet mech fir Dech, daat ass jo een Wahnsinnserliefnis, an mir können drun deelhuelen, een decken Merci mol emol dofir smile
Abacab 13.07.2015 - 14:22
Merci villmools icelady, freet mech wann se gefält!

Jo, d'Madame kennt mech mëttlerweil, a vertraut mer...
hoffen dass hiert Vertrauen zum Mënsch net emol mëssbraucht gett...
BigVood 14.07.2015 - 08:48
Deen hues du awer super gewinnt! closed_eye
Super Portrait!

Wat hues de deem versprach, dat dee sou brav sëtze bliwwen ass?Oder ass en opgestoppt? smile
Abacab 14.07.2015 - 12:11
Merci BigVood!

Des Fussemadame ass ewëll méi photogen ewéi mäi Mupp closed_eye

Hunn em eigentlech näischt versprach... mee mengen en war einfach erstarrt ewéi e meng Binett gesinn huet bigsmile bigsmile
BigVood 15.07.2015 - 22:47
Kennen dat...dofir zéien ech meeschtens eng camoufléiert "Sturmhaube" iwwert meng Binett...si jo een Déierefrënn smile
Abacab 16.07.2015 - 08:24
bigsmile bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 380 Gäscht online