Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Moies fréi bei den Réiheren

Moies fréi bei den Réiheren
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.05.2015
  • Gekuckt:
    77456
  • Favoriten:
    10 (Wen?)
  • Kommentarer:
    57
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x600
  • Späicherplaz:
    231 KB
  • Originaldatum:
    2015:05:08 04:25:56
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200mm f/2.8 II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83205]
Kommentar vum Fotograf:
Moies bei Sonnenobgang bei den Réiheren (aus engem Hide eraus)
Paul-H 30.05.2015 - 10:53
Einfach nemmen wonnerbar !
Schluck 30.05.2015 - 10:58
Villmols merci gesoot Paul smile
BigVood 30.05.2015 - 11:19
Absolut genial gelongen! Wow!!!
Schluck 31.05.2015 - 17:53
Merci Laurent smile
galileo 30.05.2015 - 11:29
*sprachlos*

mattendran...immens, Spiggelung, douce Faarwen, déi ganz Szenerie....TOP.
Schluck 31.05.2015 - 17:53
smile Ët haat sech gelount sou fréi ënnerwee ze sinn ... Merci gesoot
bensphotography 30.05.2015 - 12:34
Supper Foto. Do kennt een aus dem Staunen nemei raus tongue
Schluck 31.05.2015 - 17:54
Villmols merci Ben smile
ornitho 30.05.2015 - 12:37
Jo, dat doten gefällt mir, bessonneg dei Rout-Brongtein sin super am Bild ! Do brauch en io geschwenn nemei no ... ze feuren, dann kann en Direkt bei Dir Hides buchen closed_eye , opjiderfall Super Arbescht !
Schluck 31.05.2015 - 18:06
Ass eng Idee, ech velounen deen, machen der och een "Prix d'ami". Den Moien sutzen 9 Purpurréiher virun mengem Hide smile An ech sutz am Auto hinnen nozekucken wéi se fortgeflunn sinn unhappy Merci gesoot Gianni

ornitho 31.05.2015 - 18:22
Dat wir fein closed_eye Ah zut, an dat nach dobei 9 Steck unhappy jo et ass weiste schons soss, et geheiert awa irgendwei emmer eng Prise Chance dobei smile
Schluck 31.05.2015 - 20:08
Jo sou ass ët halt ... mais, ech hunn och esou genuch vun hinnen gemach an am September steet mäin Häisschen jo och nach ëmmer do smile
ornitho 31.05.2015 - 20:12
Dann kriste bestemmt nach vill anner Zorten virun Lens weinst da Migratioun dei Zait do smile... Hass Du Säbelschnäbler begeint doennen ?
Schluck 31.05.2015 - 20:14
Jo, zu Salin de Giraud waren der dréi ... Stelzenleefer hunn ech der nët vill gesinn .. alles an allem hunn ech ët zimmlech "Mince" fonnt .. an dann den Mistrall ...
ornitho 31.05.2015 - 20:21
Ma hat se lechte Joer um Vaccaress gesin, an Richtung Domaine de la Palisade, also lanscht de Salin de Giraud, awa des Keier wor Ech net dohinner gefeur... Jo et wor wieklech "Mince" des Keier, Stelzeleefer wor Esh op de Fangassier an do am Emfeld kuken wou en se soss emmer gesin heut, mengen konnt se op 2 Hänn ofziehlen des Keier.. An da Ardèche selwecht schauspiel, weineg Vullen, iwerhapt keng Schmetterlengen, Libellen, an BEIEN, dat hun Ech nach nie esou alieft em des Zait doen.... Jo de Mistral heut wieklech genervt dei Eng Woch do...
Schluck 31.05.2015 - 20:53
Jo, genau do ... Fnagassier d'Selwescht, immens wéineg an d'Waaser zevill héich, genau wéi bei der Chapeliere. Wann ech bedenken, virun 2 Joer am Mai war den Wahnsinn ... an dëss Kéier war ob verschiddenen Platzen iwwerhaapt näischt. An der Ardèche och nët ... ganz louche ...
ornitho 31.05.2015 - 21:01
Ma wor d' Chapeliere do kucken den Tour, an wor mega entäuscht, do hatten ma dei 3 Euro zwar leed gedoen, vir wiekleg geur naicht gesin ze hun... Jo um Vaccaress wor de Wasserspiegel vill ze Heich, soss haste do bei den Buchten am Niedregen Wasser oft Seidenreiher, Stelzenleefer, Säbler, deskeier Nada, just 4 Flamingoen dei 100 m eran am Vaccaress stungen...
Wor och 1 Nomëtteg an den Parc Ornitho gangen, selwecht, net vill am fong... Dofir sin Ech um Grübblen op Ech net ganz an da Ardèche den August deskeier wert bleiwen..reste a voir
Schluck 31.05.2015 - 21:22
Ech huelen zwar un dass et vill mam Wasserstand ze dinn hat an och well nach villes um Breien war. War mat der Jeep mei Deif an d Maraisen eran an ob emol sinn 3 Nuetsreiher obgeflunn ... war frou der iwwerhaapt gesinn ze hunn dunn koum ob emol een Heli deif geflunn ... do sin der 30! obgeflunn. Et war schon vill do, mais eben just net do sou mir et gewinnt waren
ornitho 31.05.2015 - 21:38
Ma Sie haten io lecht Joer anscheinend mei Wasser an Verschieden Weieren ran laafen geloss , soumader dass an de Weieren nees Algen, Grass wisst, wat Ienten gären hun vir ze iessen, an wann vill Inten do sen kann och nees gejeugt gin, dat ass leider de groussen Problem an da Camargue dass zevill Weiheren Privategentum sen...an alles Wat Stelzenlefer an Co. woren, io vir dei ass den mei heigen Wasserstand net favorabel.. Neutsreihern hun Ech da moies emmer 1-2 Steck gesin an den Weiheren oder mol eriwer fleihen.. Jo dat kann och sen, bon annecht gesin heus Du och bestemmt vill nei Platzen do deurcher nees fonnt well des keier net alles op da selwechter Platz wor..
Schluck 31.05.2015 - 22:53
Net wieklech, war schein ze kucken awer net fir Fotoen ze machen wells de eben net drun komm bass
Charly_Ente 30.05.2015 - 13:30
ahhh d'Fotoen kommen! Cool!
Schluck 31.05.2015 - 17:54
Hehe .. jo sou lues an lues closed_eye
Charly_Ente 31.05.2015 - 18:42
freen mech drop closed_eye
Zora 30.05.2015 - 14:16
wonnerschéin!!!
Schluck 31.05.2015 - 17:54
Merci gesoot Zora smile
Maimonides 30.05.2015 - 16:41
Quelle cruauté, Schluck,
dirait la famille du poisson.
Quel bonheur rétongueondrait
l'oiseau au grand bec ouvert.

Perspective grandiose,
triangulaire, de près au loin,
et les reflets du haut en bas
font vibrer la vie.
Schluck 31.05.2015 - 17:55
Villmols merci Charel fir deng schéin Wieder smile
Nicon07 30.05.2015 - 17:13
Do schingt mir eppes un der Défteschärft e bëssen ongewinnt. De Reeër ass par rapport zu de Möwen kleng, sou datt en an engem Plan hannendru misst stoen. Wéi dann awer erklärt et séch datt e grad sou scharf ass, wéi d'Möwen, an dat bei Blend 1:2,8. Och een 200mm huet keng sou eng grouss Défteschärft. Ausser et ass nach ee klenge Reeër. Ok, ech gleewen nët un eng Manipulation durch ee Sandwich, mais et ass schon irgendwéi komesch. Beim Dropklicken an an der Vergréisserung gesäit ee besser, datt d'Schärfeebene schon an der Rei ass,, a well dat sou ass, bleift engem näischt aanescht iwwreg, wi dir fir déi konschtvoll Opnahm ze gratuléieren. Fir méch ass dat dee perséinléchen fotografeschen Highlight op PG dës Woch.
Schluck 31.05.2015 - 18:02
Ech kann der garantéieren dass un dem Bild do näischt manipuléiert ass, déi Méiwen do sinn zimmlech grouss (Ech wees lo nët genau wéi eng ë sinn, kucken dat lo mol no oder villeicht hëlleft den Charly ?) An héi dann och mol den Dof fir 12-15 Meter:

Subject distance 12 m

Depth of field
Near limit 11.7 m
Far limit 12.3 m
Total 0.6 m

In front of subject 0.29 m (49%)
Behind subject 0.31 m (51%)

Hyperfocal distance 471.6 m
Circle of confusion 0.03 mm

Subject distance 15 m

Depth of field
Near limit 14.5 m
Far limit 15.5 m
Total 0.94 m

In front of subject 0.46 m (48%)
Behind subject 0.49 m (52%)

Hyperfocal distance 471.6 m
Circle of confusion 0.03 mm

Hunn der och nach aus der Serie falls nach een sollt Zweifelen ...

Merci fir däin Komment smile
Charly_Ente 31.05.2015 - 18:41
Pass op!
Den Seidenreiher get hei iwwerschat!
Deen ass sou kleng! An déi Méiwen hannendrun sin keng klenger!
Längt vum Seidenreiher: 55-65
Längt vun den Méiwen (mengen et sin Steppen): 55-60

Den Reiher ass nemen mei grouß weinst sengen Féiß an den langen Hals closed_eye
Nicon07 31.05.2015 - 21:44
Merci, Charly a Schluck.

Ech hu jo awer och ni behaapt, do wier eppes manipuléiert. Et ass effektiv sou, datt ech de Seidereiher méi grouss a ménger Virstellung gesin hun. smile
Schluck 31.05.2015 - 22:55
Den Seidenreiher ass vill mei kleng wei een Selwerreiher
Nicon07 01.06.2015 - 08:01
Effektiv, ech hun e mam Sëlwerreiher verwiesselt... unhappy Wéi kann een?

BTW: Ech si frou datt mäi perséinléche Favorit och Wochefoto gin ass.... closed_eye Félicitations!
Schluck 01.06.2015 - 09:59
Merci Nico, dat kënnt fir ... mech huet ët och gefreet
Abacab 30.05.2015 - 17:32
Dat doten ass jo eng wéi aus dem Billerbuch...

Eng Rumm ronderëm an un d'Mauer domat smile
Schluck 31.05.2015 - 17:43
Merci Marc, jo ech mengen an der Kummer ass nach Platz
jorsch 30.05.2015 - 21:44
E Bild aus enger anerer Welt! Immens!
Schluck 31.05.2015 - 17:43
Villmol merci jorsch smile
Jeanny 31.05.2015 - 06:29
verzaubert schein,
Schluck 31.05.2015 - 17:42
Merci gesoot Jeanny, déi Luucht war fir 5 Minuten an dunn war ët och schons eriwwer
Maimonides 31.05.2015 - 20:04
"verzaubert"
ganz schein gesot, Jeanny !
He-Lx 31.05.2015 - 14:23
Formidabel Liichtstëmmung. Bildopbau an Moment harmonéiren total. E perfect shot!
Schluck 31.05.2015 - 17:42
Décken Merci Henry smile
gtaddei1 31.05.2015 - 19:04
Superb Kompo an verschaffung ...
Schluck 31.05.2015 - 20:09
Merci gesoot Gennaro
NikonD80 01.06.2015 - 11:09
Gratulatioun Schluck
di Foto ass einfach gutt smile
Schluck 01.06.2015 - 22:13
Villmols merci gesoot Guy, huet mech gefreet
Miau 01.06.2015 - 12:27
Bravo Schluck
Schluck 01.06.2015 - 22:14
Décken Merci Willy smile
Paul-H 01.06.2015 - 14:05
Bei sou enger staarker Konkurrenz wéi d'Lescht Woch d'WF ze kréien seet villes iwer déi Foto. Congrats!
Schluck 01.06.2015 - 22:14
Villmols merci fir deng Unerkennung Paul smile
Scyv76 01.06.2015 - 16:23
Gefällt mir immes gudd, Stemmung ass hei fantastesch an natiirlech och déi déif Positioun vir d'Foto ze huelen. An Gratulatioun nach vir d'WF.
Schluck 01.06.2015 - 22:14
Villmols Merci gesoot smile
Zora 01.06.2015 - 20:07
Gratulatioun!!!
Schluck 01.06.2015 - 22:15
Merci gesoot Joffer Zora smile
Maimonides 01.06.2015 - 20:36
Mes félicitations, Schluck.
Schluck 01.06.2015 - 22:15
Villmols Merci Charel smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 202 Gäscht online