Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

2015

 
2015
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (03.01.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.01.2015
  • Gekuckt:
    64432
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    43
  • Beliichtungszäit:
    1/1 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1648x1100
  • Späicherplaz:
    769 KB
  • Originaldatum:
    2014:12:26 22:28:49
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81655]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hoffen dass dir all een Gudden Ufank hat! Dat alt Joer hanner iech gelooss hutt, an zouversiichtlech an dat Néit kuckt!
Ps. Léiwen kann een schonn een bëssen mat enger Seefeblos vergläichen, si existéiert nëmmen kuerzt huet nëmmen eng kuerzt Liewensdauer. Nach net emol een Wimperenschlarach an schonn war se futti! An huet trotzdem nach vill méi ze bieden ! Si ass einfach nëmmen schéin ze kucken. Fuerder néitscht, ass zwar net stabill. Awer huet eis hiren schéinsten Moment gewisen! Ech fannen dass eng banal Seefeblos engem schonn ze denken kann ginn. Wat jidderengem seng Perséinlecht Liewensastellung ubelaangt!
gtaddei1 02.01.2015 - 01:05
Ganz fott!!!
Conley 02.01.2015 - 11:46
Merci gesot gtaddei1, du waars ze séier oder ech ze luuss, hunn nach un engem Ps. Gekniwwelt!
gtaddei1 03.01.2015 - 08:55
An dein text ass sublime....
Conley 05.01.2015 - 20:27
Merci gesot!
JADE 02.01.2015 - 02:21
XLNT !

Ballerina oder derviche tourneur? smile
Conley 02.01.2015 - 11:52
XLNT ?,
verstinn ech elo net, awer un eng Ballerina hunn ech schonn direkt no der Foto geduecht!
Merci JADE! smile
JADE 02.01.2015 - 15:20
"XLNT" ... du verstees daat nët? ... smile

dann lies emol all Buchstaaw eenzel, lues an hard ... an duerno ganz séier ... an? verstees du elo? smile
Conley 02.01.2015 - 16:25
Wann X = EX ass! Dann misst Resultat Excellent sinn? Sinn jo schonn laang aus der Schoul! Wat gess du mir hei fir Hausaufgaben! closed_eye
JADE 02.01.2015 - 17:40
ok 18/20, well et eréicht beim 2. Unlaaf verstaanen gin ass smile
Maimonides 02.01.2015 - 20:09
Haut, JADE,

ass et esou
dass d' " Joffer "
(an dat Wuert ass en " no go " )
Punkte kritt !

Oder och net.
shantideva 03.01.2015 - 03:19
Derviche Tourneur!!! XLNT!!!
gtaddei1 03.01.2015 - 08:56
Karma ... Wien seet dass et kee karma get? ... Matten an der Nuet?
JADE 03.01.2015 - 10:46
schlooft dir nët Här gtaddei1 ?
(tiens? ech haat déi 1 nach nie bemierkt .... ass déi nei?? )
gtaddei1 03.01.2015 - 11:46
dach ech schloofen ... den Shantideva ersteht matten an der Nuet nees op smile
d'Klammer verstinn ech net !!
JADE 03.01.2015 - 17:10
daat an der Klammer = ech haat nach nie gemierkt, dass an dengem Numm eng 1 wier ... wor daat nach ëmmer esou?
gtaddei1 03.01.2015 - 18:21
Jo... vum eischten Daag... An hun nemmen 1 Account...
JADE 03.01.2015 - 18:27
sin e bessi geschockt ... mäin Observatiounssënn huet iergendwou iergendwann staark gelidden surprised
gtaddei1 04.01.2015 - 16:30
Ah sou... d'1 hannen ass net well ech mech fir eng 1 haalen ... louin de tüt celä , hein... et ass well ech den gtaddei als UN schon haat ... Bof --- ass jo egäl oder ... hein ...
shantideva 03.01.2015 - 22:05
Jo... ech war nach net lang doheem an schonn kréien ech hei eng Erleuchtung bei enger Foto vun enger Seefenblos-Drëtongues. Super gelongen! smile
gtaddei1 04.01.2015 - 14:33
!!! smile
JADE 03.01.2015 - 10:45
hey hallooooooooo!!!! bigsmile

genau daat, gell? smile
shantideva 03.01.2015 - 22:02
Halloooooooo bigsmile
Jo, genau... Ech hun d'Foto gekuckt an direkt un een Sufi geduecht. Do sinn ech mol Googlen gangen fir een Link op sou eng Foto ze fannen an schlussendlech hunn ech dann no mengem ganzen Eifer gemierkt dass ech jo net den eenzegen war den dat gesinn huet. Definitv eng super Foto fir mech. Géif TOP op engem Cover vun engem Album machen mat Sufi Musik. smile
Silex 02.01.2015 - 08:20
Wow!
Conley 02.01.2015 - 12:21
Merci fir däin éischten Gedanken! Ass zwar kuerzt gehalen, awer wann Foto gefält muss een net onbedéngt méi schreiwen!
icylady 02.01.2015 - 09:40
wouaw, eng ganz schéin Opnahm, du übs lo navell fleisseg smile
Liewen als Seefeblos, dann léiwer keng ze grouss, mee eng déi méi stabill ass, well waat méi grouss waat méi dënn
ech wëll dann där enger sinn déi sech och mol verzéihen léist an awer ganz bleiwt smile
Dir eng gudd Gesondheet an vill Spaass beim Expérimentéieren smile
Conley 02.01.2015 - 11:38
Eng gewëssen Stabilitéit am Léiwen muss jiddereen selwer fir sech fannen. Ze vill eng deck Haut dann léis de näischt méi un dech erun! Wann se ze dënn ass bass de een Opfer. Et ass ëmmer eng Gratwanderung an wann's de dech verzéien léis an awer ganz bleifs't bass de op dem richtegen Wee!
Merci icylady dir och een gutt Ëmfeld am neien Joer, dann klappt et och mat der Gesondheet! smile

Ps. ech wäert nach weider Experimentéieren, an hoffen dass ech nach méi schéin Biller weisen kann!
jorsch 02.01.2015 - 16:14
Schéin wi en Dram. Och deen zerplatz. An awer: War wier d'Liewen ouni Dreem?

Exzellent Foto!
Conley 02.01.2015 - 17:16
Ouni een Dram ze hunn, wier d'Liewen nëmmen hallef esou schéin!

Merci jorsch, fir deng Interpretatioun vun der Foto!!
suraki 02.01.2015 - 21:33
eng mat deenen flottsten déi ech bis elo gesinn hunn smile
shantideva 03.01.2015 - 03:12
Oh, meng Nerven... Elo hunn ech mech erem hei um Site ugemellt wéinst deser Foto... Grandios... Een Sufi Dänzer als Seefeblos!!!
Sorry Ed dass ech däin Kommentar missbraucht hunn fir mäin Kommentar ze hannerlossen. Awer... ech sinn ganz denger Meenung!!!
Fir mech och eng vun denen beschten déi ech hei gesinn hunn.
http://fc07.deviantart.net/fs71/i/2011/318/d/1/suf...
JADE 03.01.2015 - 17:11
wierklech? ... fréen mech ... ass genau daat Bild waat ech och direkt gesin hun smile
Conley 03.01.2015 - 18:33
Merci shantideva, ech hoffen dass ech awer lo Mëtt de béisen sinn! closed_eye
shantideva 03.01.2015 - 21:59
De Béisen? Firwaat? Well ech mech hei erem ugemellt hunn fir een Kommentar oofzeginn? smile Et war mir eng Freed.
Conley 03.01.2015 - 22:34
Dann sinn ech berouegt smile !
Conley 03.01.2015 - 18:02
Merci suraki, hunn och nach keng méi eng schéin bis zu dem Zäitpunkt fäerdegbruecht. closed_eye
Jean-Jos 02.01.2015 - 22:29
Grousse Kino, kann een och dofir soen!
Conley 03.01.2015 - 18:09
Merci freet mech Jean-Jos!
Jeanny 03.01.2015 - 06:25
immens flott, ëmmer eng Herausfuederung esou Fotoen ze maachen.
Conley 03.01.2015 - 18:14
Jo dat ass sécher dass et eng Erausfuerderung ass, kacht Zäit an een bëssen Nerven. Mëscht awer och Spaass wann dann endlech eppes geléngt.
Merci Jeanny!
Jeanny 03.01.2015 - 19:47
jo, muss och ëmmer erem Spillen, lo ass Wierder fir dat ze maachensmile
Conley 03.01.2015 - 22:36
Dat ass richteg! Hunn mir jo dofir eppes gesicht fir Dobannen de Wanter ze maachen. smile
Scorpius 09.01.2015 - 09:29
Hun ech och emol probeiert gehaat, fannen deng as awer fill mei spektakulär gin, gleckwonsch smile

TaT's
Conley 10.01.2015 - 23:26
Do waren dir schonn ganz gutt Versich mam Baxter gelongen , Respekt Scorpius!! An vill méi ass do menger Meenung no net méi méiglech! Bei dëser Foto stécht vill méi Technik dohannert, di zwar och schwéier an de Grëff ze kréien ass, awer Resultater ginn einfach besser. Di eicht Fotoen waren bei mir grujelech, an déi eicht gelongen Strukturen oder och Formen, genau di selwecht ewéi deng, hat ech och no een pur Deeg. Deng Erklärung bei der WF. Ass ganz gutt an och nach haut richteg! Nach Zousätzleches eng Drëtongues pro Liter Waasser Spullmaschinnen Spüli an't Waasser ginn, an eng héich Schossel dann sprangen se iwwer 14 cmTaT
! Des ass duerch Seefeblos een bëssen ofgebremst ginn.
Merci Scorpius

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 273 Gäscht online