Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

coldness

 
coldness
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.03.2013
  • Gekuckt:
    36565
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    44
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    800x534
  • Späicherplaz:
    309 KB
  • Originaldatum:
    2013:03:26 09:32:32
  • Fotoapparat:
    NIKON D800E
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikon 35G 1,4
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:
eng Mutz

Fir anzesetzen: [pg_img=71424]
Kommentar vum Fotograf:
Wanter géi endlech fort, ech well Sonn
gi87 26.03.2013 - 11:29
Dei heten gefällt ma richteg gud, do ass nees dat gewessen eppes am Bild dran, vue ass gud gewielt, scheinen Farwstyle, an dei Atmosphäre am Bild ass einfach super !
Keup 29.03.2013 - 00:43
Merci gi87 closed_eye
bac 26.03.2013 - 11:32
Kombinatioun vun groer Tristesse an dem faarwechen Karussel flott getraff
Keup 29.03.2013 - 00:42
Sou hunn ech et och empfond an probéiert em ze setzen. Kretz Wieder.

Merci bac
micky-maus 26.03.2013 - 13:27
Ganz gudd Stemmung am Bild dei duerch Bea immens ennerstetz gedd.
Scooluflsurprisedtt
Keup 29.03.2013 - 00:41
merci micky closed_eye
Gaga 26.03.2013 - 15:09
flotten cross-processing, gefàllt.
Keup 29.03.2013 - 00:41
freet mech wann mäin Effekt gelongen ass closed_eye
jorsch 26.03.2013 - 20:25
Dee waarmen, helle Karussell an der kaler, däischterer Stëmmung gefält mir ganz gutt!
Keup 29.03.2013 - 00:43
merci jorsch closed_eye
nebu 26.03.2013 - 21:57
Ganz Flott. Schonn am Thumbnail als Keup erkannt.. Schéin
Keup 29.03.2013 - 00:40
Als Keup erkannt closed_eye
Wéi dat kléngt closed_eye

Merci nebu
Metalbambi 27.03.2013 - 17:55
Coolen Kontrast!
Iergendeng ass lusch mat der Perspektiv... wann ech déi vertikal Linnen kucken hunn ech d'Gefill se géif no riets kippen, wann ech d'Waasser kucken ass se awer riischt. sceptical
Keup 29.03.2013 - 00:39
Merci Metalbambi,

Also eppes ass mol sécher: Deen éischten Luuchtepotto war schief.
Shantideva 27.03.2013 - 23:23
Am Fong ass se saugutt sou wéi se ass... D'Faarwkontraster (giel - blo) machen d'Bild aus. De Sujet ass an der Mëtt, gierf den Iesel soen.
Keup 29.03.2013 - 00:38
Ty Shantideva freet mech. closed_eye

Ass deen Sproch ironesch gemengt? Hunn deen na ni héieren.

Shantideva 02.04.2013 - 13:36
Den Sproch hat ech grad erfonnt well et net emmer schlecht ass den Sujet an d'Mëtt ze setzen. Se muss och net perfekt scharf sinn oder soss Perfektiounen hunn. Hei geet et em d'Stemmung an den Message. Deng Foto brengt durch d'Beaarbeschtung den Message an d'Stemmung eriwwer dens du wolls brengen ouni dass du nach weider vill dobäi muss schreiwen. Dat ass een Stil vun Foto den ech an leschter Zäit oft gesinn. Natierlech kann dat net all Mensch gefaalen. Et kann een (wéi den Gennaro seet) "Belle Foto" machen oder mat der Foto schwätzen. Hei fannen ech dass d'Foto schwätzt, an dat ass wat ech drun gutt fannen, dofir och den "Am Fong..." um Ufank vum Satz. smile
Keup 03.04.2013 - 12:36
Hun mer bal sou eppes geduet closed_eye
Also daess se net Scharf ass huet wahrscheinlech mat der Kompressioun ze din.

Méng Fotoen hun wierklech öftes en Message deen ech well eriwwer bréngen ouni vill mussen ze schreiwen well ech dat glad net kann. Wann dann den Message bei puer Leit duerchkénnt dann ass fir mech déi Foto gelong.

Jo den Style gesin ech och öfters an geif mengen falls ech en dann an Zukunft hei oder nach méi oft waert gesin muss ech mer eppes neies anfaalen loossen. Ech mengen Photographie ass eppes wéi Mode an et daerf een net zevill engem Trand nolaafen den et schon ze oft gett.
Aiello 01.04.2013 - 02:44
Werd mer lo hei keng Kolegen machen...

Hmmm also wes ned..dei ass ned Scharf, Blo an Gro Stesch..fannen do war dei an der Speicherstadt X mol besser sorry

Fir mech keng Wochenfoto
Keup 02.04.2013 - 10:24
Keen Problem Aiello closed_eye

Villeicht huet Speicherstadt net gewonn well een se schon ze oft Internet ähnlech gesin huet. Keng Ahnung

Mech interesséiert eng Foto zB net mei wann ech de Sujet schon ze oft gesin hun an dann och nach vum genau nämlechten Bléckwenkel.
Locke 01.04.2013 - 09:15
Alt rem eng grouss Photo vum Keup smile
Keup 02.04.2013 - 10:25
Ty Locke, freet mech wierklech closed_eye))
suraki 01.04.2013 - 19:39
Et freet mech fir dech Keup, dat se gewielt ginn ass ... wierklech !
Fir mech selwer, ech gesinn et leider aneschters ewéi de Recht hei, ass et kee schlecht Bild
... mä relativ wéit vun enger Wochefoto ewech.
Ech muss awer zouginn dat ech net gesinn hunn, wat alles nach zur Auswiel stoung.
Et wärt jo elo hoffentlech keen ze vill queesch, och du net, mat mer sinn dat ech meng éierlech Meenung geschriwwen hunn ... d'ass jo de Sënn vun dem Site hei smile

Aiello 01.04.2013 - 23:26
Gin der vollkommen Recht...kuck 2 Zeilen driwer closed_eye

Soen och emmer meng eierlesch Meenung...Schwetzen neischt schein, wann ech eppes ned gut fannen, genau sou offen sollen Leit och bei mengen egenen sinn...den Recht brengt kengem eppes
micky-maus 02.04.2013 - 00:58
Eigentlech mist een dei Fro jo unn PG Memberen stellen, well dei jo Foto ant Oofstemmung gesaat hunn ann dono gewielt hunn, ann net den Keup.
Muss eierlech soen daat ech se och gestemmt hunn, well ech fannen daat eng Woochefoto mol engkeier Woch gewissen huet wei d'Woch woer. Kaal, doweinst dei giel-blo Kontraster, ann dann mat engem klengen waermen Liichtbleck ann der Mett.
Hei ass irgendwei Aussoo vunn der Foto dei gefällt ann net deen Technischen Pkt. Ett ass dei Idee ant realisatioun dovun dei mier gefällt.
Gudd ass daat mol engkeier Mehnungen bei enger WF ausaneen ginn.
Meng Problemer haat ech zB bei deser hei vum Keup:
London in November

Haat mech awer net getraut eppes ze schreiwen. Doweinst main Respekt unn den Aiello ann den suraki, dei sech trauen.... closed_eye
Aiello 02.04.2013 - 01:23
Dei hun ech super fond dogeint closed_eye
suraki 02.04.2013 - 10:18
micky-maus, dat war jo ewéi uewe geschriwwen meng ganz perséinlech Meenung déi ewéi .... dat huet sech duech d'Resultat bestätegt, net richteg ass.
Fir mech war de Kommentar natierlech un déi Léit gericht Déi d'Photo gewielt hun, net un de Keup smile
Merci nach fir déin point de vue ! smile

Et ass awer flott ewéi verschidden d'Meenungen sinn ... de Street London fannen ech selwer super flott smile)
Keup 02.04.2013 - 10:34
@ micky-maus
Majo des Photo wous du weis krut nach puer negativ Kritiken vun Leit per Privatmessage déis sech net getraut hun ze schreiwen. Mir dogéint gefaalen öfters sou Fotoen déi net perfekt sin. Ech well en Moment anfänken an daat am Fong ufanks e bessen fir mech selwer. Et soll genau wierken wéi et war oder ech den Moment empfond hun. Dann kann z.b. den Himmel ausgebrannt sin falls d'Sonn mir am Moment vun der Opnahm riicht an d'Gesiicht geschénkt huet.

Wann se mir gefällt an hei iergendwei gudd unkennt dann ass et natiirlech am beschten. Mee ech waert awer net fir gudd Kritiken ze kréien mech zevill unpassen an villes mat Stativ an HDR festhaalen nemmen well et gudd unkennt awer mir duerno meeschtens net gefällt.
Metalbambi 02.04.2013 - 11:58
hei feelt en 'like'-Button...
suraki 02.04.2013 - 16:25
deng Erklärung hei Keup, ... an zemools,

@Mee ech wärt awer net fir gutt Kritiken ze kréien mech ze vill upassen

gefëllt mer richteg gutt , wierklech !!

selwer hat ech dat och eng Kéier geschriwwen, a sinn hei auserneen gerappt ginn, ... hoffen dat d' Kommunitéit an tëschenzäit méi tolerant ginn ass smile

micky-maus 02.04.2013 - 16:50
Esou laang Fotoen eng gewessen Qualiteiet hunn sinn ech domat d'accord. Hei ass Qualiteit zweifeloos doo.
Keup 03.04.2013 - 12:24
Soen mer sou, ech hun hei op Photogen verschidden Favoriten déi mech inspiréieren an déi ech bewonneren an falls een vun deenen eppes positives seet dann weist dat mir daess ech um gudden Wee sin och wann dann meng Foto 3-4 aner Leit net gefällt. Ech respecktéieren all Meenung mee et weit een eben bessen of wéi stark een den Fotograph selwer fennt deen mir eppes post. Ech géif mengen dat ass bei jidderengem sou. Ech sin net stur an wann ech vun 10 Leit gesot kréien dat do ass neicht dann probéieren ech 100% mech an deem Punkt ze verbesseren. Mee jidderengem waert et nie gefaalen soss wieren mer net hei fir gewuer ze gin op mer um richtegen Wee leien. Falls ech also Saachen posten an net verbesseren weilt dann kann ech se grad esou gudd op ménger Homepage posten an gin nie gewuer op se gefällt oder net.
Keup 02.04.2013 - 10:12
kuck 2 Zeilen driwwer? (@ Aiello)
suraki 02.04.2013 - 10:28
ailleo, sorry .... wollt dech net ignoréieren, hunn dat elo ereicht gesinn.
Erklärung: wann ech onstëmmech sin, machen ech mer meng Meenung ouni alles virdéicht ze liesen .... well mech da net vun aneren beaflosse lossen smile
Keup 02.04.2013 - 10:11
Keen Problem suraki. Merci fir dein Komment.
Ech hun jo och oft genuch déng Fotoen kritiséiert (Verabeschtungsstyle) an kann selwer gudd mat Kritik liewen soss wier ech net hei um Site. closed_eye

Ech wees och net wat zur Auswahl stoung well war net am Land.
suraki 02.04.2013 - 10:21
merci smile
dat sinn déi Sachen an den Emgang den ech hei flott fannen ! smile))
Paul-H 03.04.2013 - 22:31
Ech sen frou ze gesin dass et awer nach aaner Meenungen gett. Ech hun se och net gewielt, laut mengem Goût waren vill besserer drop.
An ech sen iwregens der Meenung dass wann ech (oder soss en "no name"closed_eye déi doten rop gelueden hätt se komplett zerappt gin wir, sorry Keup...., mee den suraki huet an mengen Ann vollkommen Recht wann hien schreiwt: "relativ wäit vun enger Wochefoto ewech". Daat schreiwen ech allerdings bei allem Respekt fir déi wou se gewielt hun.
Keup 04.04.2013 - 10:52
Du brauchs net sorry Keup ze soen wanns de mengs ech haett nemmen Stemmen kritt nemmen well ech Leit kennen well ech géing mat der wetten du kenns der meih hei.

Fir den Recht kann ech mat dénger Kritik net vill unfänken well déi seet neicht zur Foto. Kanns de wéinst menger un en aneren riichten well ech den Wahlsystem net erfonnt an och net well kritiséieren well ech mol nach nie en Verbesserungsviirschlag un den admin gemeet hun oder soss matgeschafft hun.

Falls du also nemmen kanns soen daess se mei schlecht ass wei iergend eng aaner (déis de och mol net mam Numm nenns) ouni Argument dann kann ech net vill domat unfänken.

Ech hun bei aneren Fotoen wou ech gepost hun mir och besser Kritiken erwaart mee hun mer awer duerno Gedanken gemeet viirwaat den een oder aneren besser Kritiken krut an och wann se mer dann na emmer net sou gefall huet hun ech no Grenn fir mech gesicht an net deem aneren eppes an den Kapp geheit ouni Argumenter.
Paul-H 04.04.2013 - 13:09
Also, ech kennen guer keng Leit hei, net een.
Ech hun näischt aaneschters geschrwiwen wéi den Suraki och, ech verstin dofir lo net sou richteg firwaat ech sou eng evasiv Entwert kréien.
Ech kann mech lo net méi errenneren wéi eng aanerer nach an der Wochenoofstemmung waren, soss géif ech Dir eng soen.
gogo 01.04.2013 - 21:33
war och mäi Favorit fir dës Woch.

Gratulation
Keup 02.04.2013 - 10:08
Merci gogo closed_eye

Sin elo ereicht zereck am Land an freen mech déck.
Keup 02.04.2013 - 10:53
Merci un Iech all déi fir mech gewielt hun. closed_eye

Awer och un déi wou sech d'Meih gemeet hun mir eppes ze schreiwen well nemmen duerch verschidden Meenungen lauschteren kénnt een weider geif ech mengen.
Metalbambi 03.04.2013 - 23:19
No oft genuch kucken weess ech lo endlech un wat se mech erënnert! smile

...dem Dr. Parnassus säin Imaginarium
Keup 04.04.2013 - 00:14


jo elo wous du et sees mee ech wier awer net do drop komm closed_eye)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 293 Gäscht online