Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Den Kuebfisher

 
All Fotoen an dëser Serie:
33168 Thumbnail
33169 Thumbnail
33170 Thumbnail
33171 Thumbnail
33172 Thumbnail
Den Kuebfisher
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.12.2012
  • Gekuckt:
    25299
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Originaldatum:
    11.11.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69137]
Kommentar vum Fotograf:
Hei mol eppes ongewéinleches ... een Kueb den sech een Fësch fänken geet.
Jacques 14.12.2012 - 12:12
Also do kann ech just staunen!!
Daat do ass wierklech aussergeweinlechsmile
Dei 5.(also ech mengen d'Haapt-Foto) ass den absoluten Glanz!!!
Schluck 14.12.2012 - 16:06
Jo gëll, ët hat mer schon eng kéier een zu Remerschen gezielt dass ën ee Kueb gesinn hätt fëschen mais wéi ech ët dunn selwer gesinn hunn woar ech awer paff
hardae 14.12.2012 - 13:04
Elo hat ech gemengt de Kueb géif d'Kormoran fiederen. bigsmile
Déi 5. ass genial.
gemu 14.12.2012 - 13:15
D'Kormoran huet daat bestëmmt och gemengt smile
Schluck 14.12.2012 - 16:11
Gehofft bigsmile
Schluck 14.12.2012 - 16:11
Mengen nët dass deen ën hiergët .. den woar direkt weg souball en soutz ... merci Hary
gemu 14.12.2012 - 13:16
Top déi 5. Hun se ëtonguepes ofkritt vum Kueb ? Ech mengen éier net oder ?
Schluck 14.12.2012 - 16:11
Nee ech mengen nët .. den Fëschelchen woar direkt weg
Conley 14.12.2012 - 16:52
Et leiert en ëmmer erëm hei bäi, eng ganz interessant Serie...Schluck.
Schluck 14.12.2012 - 17:09
Merci Conley, jo effektiv .. dofir sinn mer jo héi
Abacab 14.12.2012 - 16:56
Aussergewéinlech an interessant Serie! Di 5te hueste jo bestëmmt net fir näischt als Haaptfoto gewielt.. di ass de Glanz closed_eye
Schluck 14.12.2012 - 17:11
Merci Marc ... Nee, effektiv nët ,.. déi 5 ass déi flottst an déi anner sinn just do fir ze dokumentéieren wéi déi 5. konnt entstoen.
Fennec 14.12.2012 - 17:07
Ganz flott Serie, de beweis dat des Kreih een mei en heigen IQ huet, dei 5. as immens.
Schluck 14.12.2012 - 17:11
Merci Fennec, déi huet sech dat bëstemmt bei denen anneren offgekuckt
Fennec 14.12.2012 - 17:14
Mengen ech och, Kreihen friessen zwar alles wat se fannen an kreien, hun awer nach keng gesin feschen goen.
Schluck 14.12.2012 - 17:17
Ët hat schon een mer ët gezielt an ech mengen dem kann ech ët och verdanken dass ech se erwëscht hunn, wëll dofir wosst ech wat se géif machen ... annercht hät ech bestëmmt och just gestaunt
Fennec 14.12.2012 - 17:19
gud nogelauschtert, lo hun ech och eppes beigeleiert smile
Nicon07 14.12.2012 - 17:22
Ech sin natirléch rëm deen x. an der Rei, deen dat selwécht schreift, wéi di aaner, mais du wolls et jo sou! smile Hei kann een net aanescht, wéi schreiwen, datt di 5. Foto di beschten an di interessantesten ass. A well ech jo en plus nach ee Literat an engem aanere Liewe sin, kommen ech net derlaanscht ze soen, datt i Foto eng Balade erzielt wéi an der gudder aaler Traditioun: vu Leed an Op-d'A-Gedréckt-gin an der tragik vum Liewen. Et fënnt een ëmmer een, deen engem eppes nomécht, an et verpasst een och ëmmer mol dee "richtege" Moment, wann een an der Sonn sëtzt a séng Flilécken dréchend. An et huet een och ëmmer mol di eng, déi deene vermeintléch rechtméissege Besetzer (Kormoran an dësem Fall) vun eppes (hei d'Fësch am Dëmpel) hiert Brout vum Teller huelen.

Super erzielt, Schluck. Sou Biller maachen immens Freed se ze gesin. Merci!
Schluck 14.12.2012 - 17:26
ROFL .. immens gesoot, d'Lierwen ass nunmol ee Kampf an wenn wëll iwwerliewen muss halt och mol oppen sinn fir eppes néits an heinsdo eppes béiléieren. Merci fir deng Appreciatioun an däin flotten Kommentar!
Schluck 14.12.2012 - 17:29
Effektiv ass fototeschnech déi 5. am flottsten mais ech mengen ouni déi anner wier se och nëmmen hallef sou flott gewiercht well dann d'Fro wéi ët zu dem Fësch am Schnierwel komm ass am Ruam gestannen hàt .. et hät jo dann genau sou gudd kënnen sinn dass ën engem anneren een geklaut hätt
jorsch 14.12.2012 - 19:00
Mir hate schonns hei eng Int, déi Fësch frësst, an elo och nach e Kueb, wou geet dat hin? smile
Eng erstaunlech Serie.
5 ass di Flottst, awer nëmme mat Hëllef vun deenen aneren!
Schluck 16.12.2012 - 20:44
Merci jorsch, jo ass erstaunlech ... an Fong bass de als Fësch schlecht drun wann's de nët grad een Hai bass bigsmile Alleguerten wëllen se dech friessen bigsmile
Jeanny 15.12.2012 - 07:12
do ass se jo, eng super Serie, an däi lescht ass genial,
erënnert mech un de " Corbeau et Renard vum Fontaine" smile)
Schluck 16.12.2012 - 20:45
Jo, un den Fromage hat ech héi och geduercht ... déi Kueben sinn schon zimmlech schlau
mischii 15.12.2012 - 10:39
Beim Fuuss, verléiert de Kueb, bei de Kormoranen schengt en ze wannen,
daat do war e raffinéierten Komper Kueb
herrlech, a 5 ass de Glanz!
Nicon07 15.12.2012 - 19:55
De Kormoran ka jo och net sou schéi schmeechele, wéi de Fuuss.... smile
mischii 15.12.2012 - 22:32
Den Här Jean de La Fontaine, misst lo mol secher seng Fabel nei iwwerdenken, d'Moral wärt zwar net vill änneren,
een ass ëmmer deen Dommen smile, an dësem Fall dann de Kormoran,

lo misst et weider goen mat enger Geschicht wou de Kormoran wënnt.........
gëff Dech drun Schluck, Du fënns se bestëmmt bigsmile
Nicon07 16.12.2012 - 10:45
Mischii, d'Kuebe sin zwar bal ëmmer d'Gewënner... Wann ech bei eis an de Beem niewendru gesi, wéi se fir d'éischt d'Kréien een Nacsht baue loossen, an se se da verjoen mat vill Rapp a Klapp... a wann ech gesi, wéi se bei eis vis-à-vis an de Stécker d'Hingerdéiwen an aaner Gräifvigel zur Verzweiflung bréngen, datt déi kleng bäi gin, da kann ech mir virstellen, datt och ee Kormoran et schwéier dierft hu géint ee Kueb.... smile
Schluck 16.12.2012 - 20:47
Hmm .. mol kucken wat ech do nach sou alles aurgruewwen kann ...
Schluck 16.12.2012 - 20:46
Merci miischi, jo d'Komoranen hunn och erstaunt an néideg dran gekuckt

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 263 Gäscht online