Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

U.D.O. @W:O:A

 
All Fotoen an dëser Serie:
29440 Thumbnail
29441 Thumbnail
29442 Thumbnail
29443 Thumbnail
29444 Thumbnail
U.D.O. @W:O:A
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.08.2012
  • Gekuckt:
    36340
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Originaldatum:
    03.08.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200mm f/2.8 II
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
Pit-Pass (2 Songs)

Fir anzesetzen: [pg_img=65602]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Serie vun der Band vum Udo Dirkschneider (fréiher Accept) vum Wacken Open Air 2012 ... Dei Streifen am Hannergrond sinn déi 50l Reen ob den m2

Weider Biller vun Wacken um Site vun heavymetal.lu: W:O:A 2012
Gaga 07.08.2012 - 23:12
BALLS TO THE WALL !
Deng Concertsfotoen sin einfach top.
As daat alles out of the box oder as do nach vill gePS't ?
gesait op jiddefall top aus an dobai nach reel !
VeloBen 07.08.2012 - 23:29
Jo daat froen ech mech och emmer.

Opp mech wierken seng Biller emmer wéi wann ech Bluray opp engem Full HD LED an allerhéchster Oppléisung kucken.
Déi Schärft vun den Biller ass emmer impressionnant. Ass daat deen Profi Topapparat deen daat mescht oder kann eng "normal" bezuehlbar DSLR ënner 1000 EUR daat och?
Gaga 07.08.2012 - 23:35
Also den Gretz Schärft deen den Ennerscheet mecht as secher um Material ... soss geiff et keen Sënn machen souvill Geld an e Body ze investeieren. Mais firun allem as t'Objektiv ememr daat waat t'Bild ausmecht. Sou gesin ech et ob jiddefall mol zanter dem Wiessel vun D90 mat Sigma bellegobjektiv (300-600€) op eng D700 mat FX Objektiver (1500€).
gi87 07.08.2012 - 23:50
Hehe dei Combi vun 1Dx an 70-200 is 2.8 usm II Ass Goldwert vir esou sachen, Biller hei sin Qualitativ baal um Hechsten niveau deen meigleg ass bei Canon.. Vun Sigma gief esh Patten weglossen, dat kennt net geint Nikon oder Canon un, Sachen hun net vir naicht hieren Prais.
Schluck 08.08.2012 - 00:06
Jo, dat ass se .. 1Dx an 70-200 is 2.8 usm II ass TOP
Gaga 08.08.2012 - 00:08
tjo Praislech och leider den TOP ! bigsmile
Mais effektiv versteht een (leider) ereicht duerno fierwaat se engem emmer soen "kaaf direkt epes nastänneges" ... mais bon ... et as jo och flott ememr erem bei der Vitrine ze sabberen an ze heuchelen "Eines Tages wirst du mir gehören!" bigsmile
Schluck 08.08.2012 - 00:10
Wees de, all Hobby kascht Geld .. wat méi grenzwerteg, wat méi déier ... dofir wees de awer herno wat's de hues. ass eben sou, dofir kann ech mer eben anner Saachen nët erlaaben
arwa 08.08.2012 - 09:36
stëmmt !

kaaf der mol e Motorrad, sou e richtegt,
oder sou als Hobby e klengen ätonguepes mei aalen Cabrio smile
Schluck 08.08.2012 - 09:46
Genau dat .. ass och heinsdo besser sou
VeloBen 08.08.2012 - 20:17
Cqfd.

Wann ech vergleichen dann sin zwar hainsdo d'Fotoen vun Konzerten an Magazinen em Welten méi schlecht wéi deng.

Verdengs de iwerhaapt Geld mat deenen Biller ? Eng besser Pub fier Bands kann een och net maachen.
Scyv76 08.08.2012 - 13:36
Ech denken daat ass absolut richteg, wann eengem sein Hobby daat wert ass dann why not... Et ass aawer och e bessi eng Fro vum "Asaatzgebidd". Wanns de z.b. virun allem wells Foto'en an der Vakanz maachen an net graad Vakanzen mess wou's de mat dengem eegenen Auto ennerwée bass muss de Oofstrécher maachen, elleng schon waat Gewicht an Quantitéit vum Material ubelaangt. Als Beispill woor ech virun 4 Méint am Botswana, do wiir et super gewiiecht eng 1Dx ze hun, mat extender 2x plus 400 mm Objektiv, dei Kombinatioun ass de Glanz mee wann ech dann kucken waat vun Gewiicht erlaabt woor vir matzehuelen dann wiir et domadder schon eng gin... konsequenz kombinatioun 7d mat 100-400 vir d'Safari-Foto'en vun den déieren an 5d mkII vir d'Landschaften. Natiirlech ass den 7d mat deem mettelméissech gudden 100-400 nie daat nemlecht an der Qualitéit mee wéi gesoot do muss een dann léider munchmool Kompromesser maachen. Hei heem ass een jo an deenen Saachen méi flexibel. Dann gin et natiirlech och nach Meiglechkeeten déi sougenannten Foto-Safari'en ze maachen, do ass een dann mam Equipement och méi flexibel an et get een och net esou blöd vun deenen aaneren Touristen gekuckt well daat sin jo och lauter Léit déi sou Saachen maachen déi dann ähnlecht Equipement hun....allerdengs kaschten déi Foto-Safarien sou déier dass d' 1Dx dann oft nach preiswert am Verglach ass an mir normal stiewlech Léit eis sou Saachen meechtens net kennen léschten smile
Scyv76 08.08.2012 - 13:25
Daat stemmt waat de Canon / Sigma verglach ubelaangt mée... an elo kennt et : Wanns de z.b. wells en "Ultraweitwenkel hun" dann bidd Sigma dir en 12-24 vir den FF, bei Canon fänkt daar réicht bei 16 mm un et siew du gréifs op den Fisheye zeréck. E puer Millimeter Ennerschéed mecht vill aus vir Léit déi Architekturfoto'en oder ähnleches welle maachen...
Schluck 08.08.2012 - 00:03
Et huet schon mam Material ze dinn fir déi Quali bei heigen ISOën ze errechen, dohir och een Deel vun der Schärft .. fir d'BEA kuck wat ech dem Gaga geschriwwen hun
arwa 08.08.2012 - 09:37
ech hu lo dei Déeg Photoën an -ganz- heigen Isoën aus einger
5 D Mk3 gesin
do kris de, an déem Fall ëch, d'Flämm unhappy
Schluck 07.08.2012 - 23:57
Merci gesoot, ee bëssen verschaft sinn se schon, awer net allzevill soss keint ech se jo nie den Dag drop online hun .. WB, Cadrage wann neideg, Kontrast am LR .. PS, Nik Dfine, ee batch vir ze schärfen (HP), an dat woar ët. Heinsdo amuséieren ech mech ee bëssen méi, mais net bei denen héi
Gaga 08.08.2012 - 00:03
jo, eng "normal" Bildkontrol quoi. mais naischt wierklech opwänneges !

D'Quali as op jiddefall beandrockend ! Zumols wann een bedenkt weieng Bedingungen do sin!
Schluck 08.08.2012 - 00:04
Bon hei lo nët .. ass ISO 160-500
Abacab 07.08.2012 - 23:28
Déi Serie do ass "Schluckméisseg" -> d.h. absolut top!
Schluck 08.08.2012 - 00:07
Merci gesoot Abacab .. "Schluckméisseg" .. ROFL ok
mischii 07.08.2012 - 23:30
Herrlech Vuen a Momenter, an deem Domän bass Du einfach Top,
hun och vun der Goldmedaille an engem Concours héiren, gratuléiren et ass verdengt
Schluck 08.08.2012 - 00:12
Merci mischii, ass léif an héiert een gaer ... jo, dat mat der Goldmedaille huet mech och gefreet!
gi87 07.08.2012 - 23:40
Eng Besser ewei dei Anner ! 1,2 an 4 sen meng Favoriten ! De Fullframe hei produzeiert e mega flotten Bokeh hei, Hannergrenn sin Top, ganz ze Schweigen vun den Persounen, flott ausgelicht an schein Scharf ! Weider esou ! Lol geschwenn well esh och deen 70-200, dee weist jo sein vollt Potenzial um 1Dx !
Schluck 08.08.2012 - 00:13
Merci Gianni, an bis 6400 ISO nach ëmmer TOP
Jeanny 08.08.2012 - 06:36
Genial Schluck
Schluck 08.08.2012 - 09:44
Merci Jeanny smile
arwa 08.08.2012 - 09:34
absolut TOP - SERIE
dei Photoen sinn bal nët ze toppen
Schluck 08.08.2012 - 09:45
Besser geet ëmmer Armand .. merci gesoot
Scyv76 08.08.2012 - 10:44
Super serie, mée daat sin mer vun dir gewinnt smile Ech fannen kloer déi 2 an déi 4 am béschten. D'Héischformat mat Persounen déi "ugeschnidden" sin gefällt mir emmer gudd béi esou Concertsfoto'en.
Schluck 08.08.2012 - 11:01
Merci Scyv76, jo, dat mam "ugeschnidden" béi esou Concertsfotoen ass ëmmer sou eng Saach, muss een virun allem obpassen wou een unschneid, virun allem Guitaren/Bass ginn nët gaer ungeseet an wann dann just ob ee puer Punkten wou ët menger Mehnung no geet.

Heinso ass ët schwéier wëll besonneg am Metal se nawell zimmlech schnell hin an hier rennen
Scyv76 08.08.2012 - 13:44
Jo kann ech mer virstellen en plus ass Guitar jo schons vill méi breed wéi deen wou se am Grapp huet an dann ass bei deenen schnellen Bewegungen séier geschitt dass de do en Stéck oofschneids... Bei der 2ter Foto ass jo och en Stéck hannen bei der Guitat oofgeschnidden, fannen daat aawer net schlemm, schued wiir et gewiiecht wann ech Stéck vum viichten Déel oofgeschnidden gin wiir.
Schluck 08.08.2012 - 13:57
Jo, genau mais den hun ech awer do express ungeschnidden wei ech de néi kadreiert hun ... oft verschwannen och Deeler hannert den Monitorboxen ...
deSir 09.08.2012 - 18:40
ech geng se och emol geren am SW gesinn nummer 4 vun lenks
bj John
hardae 09.08.2012 - 19:08
eng Top Serie, déi 4. super

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 500 Gäscht online