Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Julia bei der Aarbescht

 
All Fotoen an dëser Serie:
24551 Thumbnail
24552 Thumbnail
24553 Thumbnail
24554 Thumbnail
24555 Thumbnail
Julia bei der Aarbescht
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.01.2012
  • Gekuckt:
    19741
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    Dezember 2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Objektiv:
    18-55mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=61488]
Kommentar vum Fotograf:
D'Julia ass meng Matbewunnerin zu Weimar. Hatt ass Studentin am Produktdesign an mescht a sénger Fräizäit ganz schéin individuell Bijoux'en. Ech duerft eng Kéier Fotoën vun him bei der Aarbescht maachen.

D'ganz Serie fannd Dir op mengem Blog: http://kleent.wordpress.com

Ech wéilt w.e.gl. gären vun Iech wëssen, ob een versteht, wat hatt mescht ... daat wollt ech neemlech usech areechen :) Merci elo schon fir Feedbacks!
Houll-art 16.01.2012 - 20:05
Een Handwierker bei der Arbecht nozekucken ass ëmmer interessant.
Waat hat do mecht? Et ass jo mol ronn a bombéiert an et ass e Fuss erausgeschnidden. Ech tippen op e Pendant (oder wéi daat heescht) vir eng Ketten oder op en Ouerreng.
Zu de Fotoen: De Wäissofgläich ass net optimal awer interessant Doku.
Kleent 17.01.2012 - 09:22
Merci Digital-Art!
Yes, d'Luuchtverhältnisser ware net optimal... am Photoshop hunn ech du versicht nach eppes draus ze maan an et war mir du méi wichteg en Stil ze haalen, ouni daat d'Faarwen bei de Fotoen ze vill variéieren.
JADE 16.01.2012 - 21:05
ech verstin waat hatt mëscht, well ech daat kennen ... een Draamhobby vun mir .... hmmmpfff .... seufzzzz ... awer ech sin gespaant waat aanerer soen smile

villäicht nach eng Foto wou een den Schlussprodukt an sengen Hänn/Fangeren gesäit? (also esou wann hatt d'Resultat eng leschte Kéier kontrolléiert op alles ok ass)

verkeeft hatt déi och? wann jo, wou (een site/blog)?

Kleent 17.01.2012 - 09:24
Gutt Idee mat der Schlussfoto, hun ech mol guer net dru geduercht - mee liicht jo irgendwéi an closed_eye Merci!
D'Julia huet e klenge Blog bei myspace: http://www.myspace.com/made_by_ja Hatt mescht vill schéin Saachen smile
Miisamm 16.01.2012 - 21:16
Schmuck Serie smile. Ganz sauber an schein Festgehaalen.
Kleent 17.01.2012 - 09:25
Merci Miisamm!
OK-Photography 16.01.2012 - 21:31

flotten Hobby!! seng Motiver hai gefaalen mer gudd!closed_eye

un den Fotoen stéiert mech den duerchgehenden GIELtoun...as mer bessi ze vill - WB astellen giff warscheinlech glaichzaiteg dMotiv nach bessi mei erfierhiewen - virunallem di 4. sefft zbsp zimlech oof...closed_eye

mengen awer schon dass een gesait em waat dass et geet, fir secher ze goen kanns de jo nach eng mat enger Ketten em den Hals derbaisetzen? closed_eye
Kleent 17.01.2012 - 09:28
Merzeg Här Panther smile
Gieltoun, jo, ginn der vollkomme recht. D'Luucht war schwéier, well ech amfong nëmmen eng Büroluucht haat (bei der Serie op mengem Blog gesäit een déi och, déi lescht Foto). Hu mech spéider am Photoshop souguer du ganz un dem Giel-Stech orientéiert, well et irgendwéi zu der Atmo gepasst huet wéi ech d'Julia do an sengem klengen Eck gesinn hunn.
OK-Photography 17.01.2012 - 13:43
jops, heinsdo mecht der eng schummerech Beleuchtung dLiewen wierklech schwéier! do heleft nemmen RAW knipsen an duerno gefillvoll WB anstellen...ech giff daat Gielt hai net komplett raushuelen (et mecht daat "schuckelegt" an der Foto aus) closed_eye
Jean-Jos 07.04.2012 - 22:25
Flott Serie, d'Nummer 9 aus déngem Blog hätt hei och hir Plaz verdéngt closed_eye
De Gielstéch huet scho Charme, am sw kéim se awer bestëmmt och gutt. Gefällt!
Kleent 08.04.2012 - 09:55
Schwarz/Wäiss!!!! Daat ass et! Firwat sinn ech net dorobber komm? Merci fir den Tipp... haat bei der Serie nach guer net sou richteg iwwer sw noogeduercht... komesch closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 501 Gäscht online