dat kennen ech. ech wollt dest joer och probeieren dat een oder anert donnerwieder ze fotographeieren, mee et ass iergendwei neicht gin. emmer wann ech gemengt hun et geif een gudd Donnerwieder kommen war et nemmen een mini Donnerwieder wat eriwer war wann een den apparat färdeg do stoen hat an gewart huet nujee, ech gin net op. mee mengen een Donnerwieder zu Miami kritt een net all daag ze fotographeieren.
Jo daat ass Murks. Hun der och vill verpasst. Ech wollt hei bessen vermettelen wéi gewalteg déi Donnerwiederen kennen an Florida sin. Ass mega spektakulaer an kann een sech mat mengem Bild leider net sou virstellen. Mee bon hun alles gin.
woah!spektakulärt Motiv, hues de daat SOU gesin?
mir gefällt virunallem den daischteren Himmel, mam daischteren Sand haifir, an der heller Straif an der Mett wou dLiewen drop as...wierklech een flotten Opbau!
gefällt mer gudd!
Op ech et genau sou gesin hun villeicht net grad. Hun bessen un der Téinung gefummelt. Et war awer schon komesch daess d'Leit bei egal wéi engem Wieder do um Strand bleiwen.
kann daat sust bestätegen Leit leien bis et massiv ufänkt mat reen um Strand, (ech och) mee eng hallef Stonn noom reen as erem alles dröschen! herrlech.
Ass en béisen Kontrast tëscht dem Blëtz op där enger Säit, an der relaxter Strandatmosphär op där anerer. Deen ënneschten Deel vun der Foto dréit awer am Endeffekt näischt méi zum Bild bäi, mee lenkt den Bléck éischter nees of. Géif do wierklech en gutt Stéck wech schneiden, sou dat d'Küstelinn ënnen lenks am Eck ukënnt.
Has du do elo sou vill Chance grad den richtegen Moment ofzedecken fir den Blëtz ze geroden oder hues du zwou Fotoen iwwerteneen geluecht? Egal wéi et ass, d'Resultat ass ganz flott. Am Platz vun der Vignette hätt ech villäicht nach bal bis un den Rand vum Waasser gecroppt (adg).
Nee ech rechnen am allgemengen net vill mat Chance.
Ech hat den Apparat op en Stativ gestallt, ND Filter drop gemeet an Laangzeitbeliichtungen geschoss bis et endlech na emol gebletzt hat. Duerno Filter erof an dann 1/60 beliicht fir d'Leit drop ze kréien.
Woah. Trotz verspéidung hues de do eppes imposantes agefangen. Wéi hues de dat mam Timing hikritt? Am Dag kanns de jo net lang beliichten. Dat interesséiert mech!
Ech géif soen d'Vignette ënnen erlaanscht ass ze abrupt.
Merci gloda Freet mech déck. Timing war net schwéier:
ND Filter drop mat Bulbfunktioun bis den bletz komm ass dann duerno filter rof an d'Foto nach emol gemeet.