Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

bei Jonglenster

 
bei Jonglenster
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.10.2011
  • Gekuckt:
    19367
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    120 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    681x1024
  • Späicherplaz:
    587 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D3S
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59820]
Kommentar vum Fotograf:
um Wee vir opt Schaff
Nicon07 25.10.2011 - 14:57
Wéi een Tableau vum Constable. Immens!
Focus 28.10.2011 - 16:52
Merci Nicon07
Pixelman 25.10.2011 - 15:43
Ganz flott, zumools déi verschidden Téinungen.
Focus 28.10.2011 - 16:53
Merci - déi warm/kaal Meschung as e bessi ongewéinlech.
Poly 25.10.2011 - 17:25
super ginn, weess net méi ze soen smile
Focus 28.10.2011 - 16:51
ëmmer mat den Aen op fueren, as ausserdem och besser virt Secherheet. An nach eppes; net emmer den kierzten Wee fir op't Schaff huelen...
Focus 28.10.2011 - 17:03
Thx for Fave!
mischii 25.10.2011 - 19:44
eng herrlech Stëmmung an de point de vue ass immens gudd gewielt
Focus 28.10.2011 - 16:54
ech wollt nach das Kou an déi aaner Richtung soll kuken mä déi kont nemmen spuenech
Fennec 25.10.2011 - 21:49
super, flott
Focus 28.10.2011 - 16:54
Thx
Johny 25.10.2011 - 22:49
Wow wéi flott!!!

OK komm mer bleiwe sérieux bigsmile Mech perséinlech stéiert et bëssen dass et sou ausgesäit wéiwanns de nodréiglech zevill Kontrast dra gemaach häss, well den Niwwel Moies gesäit a Wirklechkeet en Tick méi roueg aus, ouni sou haart Schieter / Konturen.
Focus 28.10.2011 - 16:48
bleif bei dengen éischten 3 Wieder smile
Johny 28.10.2011 - 17:32
Här Oesch, verdroë mer keng Kritik? bigsmile
Focus 28.10.2011 - 17:35
haha, keng Nimm weg, ech sin Incognito hei. Ech verdroen Kritik besonneg dann net wann eppes drun as... smile
Johny 28.10.2011 - 17:39
tongue
Schluck 25.10.2011 - 22:49
Immens flott Stëmmung .. sou lues steet de Wanter virun der Dier
Focus 28.10.2011 - 16:49
stemmt, loossen mer op nach e puer sonneg Momenter am Hiercht hoffen.
Jeanny 26.10.2011 - 06:12
wat eng Stëmmung, wonnerschéin
Focus 28.10.2011 - 16:50
Thx J
gtaddei1 26.10.2011 - 09:25
Herrlech ... e kenn de Geroch vum dem Moiendonst richen
Focus 28.10.2011 - 16:50
daat kent réicht wannt Biller 4D gin. Merci smile
gtaddei1 29.10.2011 - 10:40
Dropp reiwen an richen ... smile
Abacab 26.10.2011 - 21:13
Et sinn 8 verschidden Etappen an dengem Bild. Ech sinn mat der Maus derduerch gefuer... an et ass herrlech fir di vill Etappen ze genéissen! Gefält ganz gutt!
Focus 28.10.2011 - 16:48
gudd gesinn Abacap, interresant!
Focus 18.11.2011 - 09:54
ech hun geschter 2 Réi op desem Bild endeckt.
NikonD80 18.11.2011 - 11:03
flott, an den geet een direkt vill léiwer op d'Schaff smile
ClaudeR 07.12.2011 - 14:25
des Foto hun ech schons irgendwou gesinn ..smile
top Foto
Focus 07.12.2011 - 14:40
smile Kou as méi hell hei wéi op der Toile.
ClaudeR 07.12.2011 - 14:54
jo, dat hun ech gemierktsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 463 Gäscht online