Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Financial District

 
Financial District
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (29.10.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.10.2011
  • Gekuckt:
    17347
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    8/1 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1180x738
  • Späicherplaz:
    596 KB
  • Originaldatum:
    2011:10:24 22:01:28
  • Fotoapparat:
    M9 Digital Camera
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Zeiss 25Biogon
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59807]
Kommentar vum Fotograf:
Hei d'Vue vun Downtown Miami.

Se ass villäicht net optimal scharf well se ass duerch 3fach Verglasung aus dem Hotelszëmmer gemeet ginn. Hat och net vill aner Méigelegkeeten fir en besseren Cadrage.
big-basti 24.10.2011 - 23:50
Propper Beliichtung, gesin all Detail ! smile
Keup 25.10.2011 - 14:52
TY big-basti closed_eye
Kwitchibo 25.10.2011 - 02:19
sie as net schlecht mee fir Dech net gudd genuch!

mbG

M
Keup 25.10.2011 - 15:15
Oh fir mech net gudd genuch hmmmmmmm.
Ech hun an der leschter Zeit iergendwéi keng méi eropgelueden déi sou richteg gudd unkomm ass also wees ech schon selwer net méi genau wéi eng gudd oder schlecht ass.

Zb. Crocodile Hunter's Mother fannen ech selwer saugudd an nemmen 1 Kommentar. Hmmmm

Merci fir deng Meenung, déi ass emmer welcome.

mbG

Yves



Kwitchibo 25.10.2011 - 16:23
ech fannen se fir Dech net gudd genuch daat heescht net das se schlecht as fir vill Leit wär se super closed_eye mee du kans Besser! daat as daat waat ech mengen !
Keup 26.10.2011 - 12:42
Keen Problem, ech hat daat sou verstaanen an bestemmt net negativ opgeholl. Ech verdroen Kritik an héieren gaer éierlech Meenungen soss wier ech net hei ungemellt an et géif keen mer hellefen besser ze gin.

Ty
_MiAmI_ 25.10.2011 - 07:33
mir gefaellt se och
Keup 25.10.2011 - 14:51
Ty _MiamI_ freet mech.
Jeanny 25.10.2011 - 07:36
wat en Ausbléck, wat giffe mir ouni Stroum maachensmile
ganz flott
Keup 25.10.2011 - 14:51
Ty Jeanny. Geih eng Kéier do just 2 Sekonnen an en Hotel eran wou d'Klima op gespierten 12 Grad leeft an dobaussen 33Grad dann wees de daess onst Energiegespuerts d'Welt net retten kann.
gloda 25.10.2011 - 13:57
Cool. Setz nach méi Kontrast an d'Wolléken, do hues de e flott Muster am Himmel wat méi prominent kéint sinn. Soss ass d'Bild e bëssen aus der Balance wéinst dem groussen Tuerm riets.
Keup 25.10.2011 - 14:49
Ty Gloda closed_eye Ech waert dann mol dein Rot befolgen an den Kontrast am Himmel erheijen. Mat der Balance kann ech leider net mei vill man.

gi87 30.10.2011 - 02:07
Ganz flott Foto dei gefällt ma wiekleg immens gud !
Keup 31.10.2011 - 11:24
Merci gi87 closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 391 Gäscht online