Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sunset

 
Sunset
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.06.2011
  • Gekuckt:
    17491
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/4000
  • Blend:
    f4,8
  • Brennwäit:
    50mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1180x782
  • Späicherplaz:
    543 KB
  • Originaldatum:
    22.05.2011
  • Fotoapparat:
    Leica M9
  • Programm:
  • Objektiv:
    50mm Summicron
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56031]
Kommentar vum Fotograf:
Dat war en top Dag well ech meng Draamkamera eng Leica M9 geléint krut. Hunn vill domat probéiert an sinn elo verléift. Net vun der Leeschtung vum Chip an schon guer net vun deem gräisslechen Bildschierm mä einfach iwwer déi Art an weis wei sou eng Messucherkamera funktionéiert an wéi en domat schafft.
suraki 02.06.2011 - 13:34
pass op et gëtt eng Sucht closed_eye
Keup 02.06.2011 - 13:39
ech hunn se jo net méi mä ech denken dauernd un se. ;-(
Hues de eng?
suraki 02.06.2011 - 13:59
am analogen hat ech 10 Joer dermadder geschafft, fir Street a Film also Standfotografie ass et natierlech déi !! Kamera ... dat as fir dech jo neicht neies closed_eye
Wengst Déieren (Sport) a Makro hunn ech gewiesselt, et vermesst en awer vun do un dat extrat, dat déi Objektiver hunn ... et geséit een einfach wann e Bild mat enger M gemaach ass, déi Bild hei as typesch.
E Fehler den ech gemaach hunn, dat ech d'Objektiver net gehal fir se mat Adapter op der Reflex kennen zu profitéieren.
Keup 02.06.2011 - 14:04
Jo et ass keen Apparat fir alles mee wéilt se awer als permanenten Begleeder well meng DSLR ass mer ze grouss.

Hmmmm ech hätt déi nie verkaaf closed_eye
suraki 02.06.2011 - 16:00
ech giff se net méi verkafen, mé wé mech net emol eng Dommhéet oder 2-3-4 ... bigsmile
hu nach esou eng Kopie d' Zorki déi nach heiansdo geholl get.
Maimonides 02.06.2011 - 16:44
Wann een deen extrem banale Sujet do
esou schéin ka weisen, dann Keup,
kann dat net nëmmen un der Kamera leien,
och wann et dann eng Leica ass (war).
closed_eye
Keup 02.06.2011 - 22:37
Se huet mech einfach motivéiert Fotoen ze maachen. Villäicht well ech wousst ech misst dat gutt Stéck um nächsten molen zeréck ginn. Hmmmmmm
Nagarjuna 02.06.2011 - 14:15
...oder fir mir se zu engem gudde Präis ze verkafen... closed_eye
Nagarjuna 02.06.2011 - 14:07
Ech fäerten den Suraki huet Recht. Bei mir ass et definitiv eng Sucht ginn. Et huet mat der M8.2 ugefangen an elo setzen ech och mat enger M9 do déi ech emmer iwwerall dobäi hunn mat dem Summicron 50. Den Chip ass guer net sou schlecht. Et gëtt just praktesch keng Softwarekorrektur am Apparat selwer gemeet. Vun dohier bleift bei allen ISO Wäerter déi selwecht Bildqualitéit awer mam Rauschen muss du dech duerno manuell beschäftegen. Wanns du d'M9 awer richteg am Grëff hues, dann hues du ganz vill iwwert d'Fotografie bäigeléiert. Keen Autofocus, keng Zoomlensen, d'Blend um Rank astellen... awer dofir ass d'Resultat... <3 smile
Flott Foto, iwwregens... closed_eye
Keup 02.06.2011 - 14:35
Ech fäerten och. closed_eye Souwäit ech déi Saach do getest hunn ass ab iso 800 fäerdeg mam Spaass mee deen Feeling deen déi deen Apparat eriwwer bréngt ass einfach top. Et ass Fotographie pur an net sou schaffen wéi mat menger D700. Sin zwar meeega zefridden mam Resultat wou se bréngt mä se weit eng Tonn an villes leeft automatesch an hells de net genuch Zäit.

Villäicht fannen ech iergendwou eng voll verschreibsten M9 déi nach gutt funktionéiert well nei kafen hmmmmmm
Nagarjuna 02.06.2011 - 14:49
Ech mengen dat gëtt schwéier. Ech gierf meng och net total verschréibst verkafen. Am Leica Forum ginn et e puer Artikelen iwwert d'Rauschen. Ech benotzen se och net iwwert ISO 800. Awer et ass ganz einfach d'Rauschen erauszekréien. Déi aner Knipsen maachen do schon ganz vill iwwert den Firmware, wat bei Leica net de Fall ass. Awer fir extrem Sachen benotzen ech d'Leica net. Déi ass souwisou éischter fir People, Street an Landschaft. Fir am Studio hunn ech mir nach den Summicron 90 dobäi kaf. An och do ass et extrem angenehm domat ze schaffen well den gréissten Deel vun dengem Gesiicht fräi ass. Dat ass méi sympathesch wéi wanns du als "camera head" mat engem risegen Rouer op d'Leit schéiss. Elo halen ech awer op dovun ze schwäermen an dir eng laang Zong ze maachen... closed_eye
Keup 02.06.2011 - 22:44
Et soll jo elo eng M9P den 21 Juni virgestallt ginn. Villäicht wëllen dann puer Leit hier al lass ginn. Meng Zong ass elo schon laang closed_eye

Hunn der puer mat ISO 800 gemeet an checken mol wat ech mam Rauschen kann maachen.

Wann ech et net fäerdeg bréngen eng ze Occasioun fannen oder op eng M10 ze waarden dann kafen ech mer villäicht eng Fuji X100 fir mat an d Vakanzen ze huelen. Mol kucken
dr_kim_veis 02.06.2011 - 15:20
yeah! letzebuerg gett rangefinder-nation...endlech!
Keup 02.06.2011 - 22:34
Hmmm hat se nëmmen en Weekend geléint kritt mä elo well ech eng ;-(
dr_kim_veis 03.06.2011 - 06:12
jo et as wei e virus an elo bas de infizeiert... smile
Keup 03.06.2011 - 08:12
Ech mengen du hues recht smile
Pit 02.06.2011 - 15:30
Top Perspektiv a flotten Schärftenverlaf. Gefält mir.
Keup 02.06.2011 - 22:33
Merci Pit closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 312 Gäscht online