Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The Mystic Forest

 
The Mystic Forest
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.03.2011
  • Gekuckt:
    16353
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x650
  • Späicherplaz:
    314 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53663]
Kommentar vum Fotograf:
Do hat een enzwousch e Feier gemeet, ech duecht dat géing de Mueresdonst nawell gutt ersetzen ... wor frou nët esou fréi hu brauchen opzestoën. ;-)
OK-Photography 08.03.2011 - 23:40
flott Stemmung, Niwwel am Besch gefellt mer emmer gudd, as awer net emmer einfach anzefenken...

dKiischt um Kuch wier een Spazeiergänger mat engem rouden Mantel um Wee gewiecht (en Bleckfang sou) - as awer och ouni guernik schlecht! smile
Kilroy1313 08.03.2011 - 23:46
Merci !
Oh hëllef, nee kee roude Mantel w.e.gl. sceptical - an dëser Foto hätt ech deen esou guer erausgeschnidden - ët sollt schliesslech eng roueg Foto gin. (P.S.: natierlech ass déi Iddi gutt, wann een dat gäer huet am Kader vun staarken Kontrasten). closed_eye
OK-Photography 08.03.2011 - 23:54
haha bigsmile joh, do hues de mecht erwöscht, sen frou mat Faarwen an Kontraster! besonnech am Niwwel fannen ech et emmer flott wann Saachen rausstiechen...

mee hues rescht: am Numm fun der Entspaanung, nach mei NIWWEL w.e.g.l. ! :p
Kilroy1313 09.03.2011 - 11:45
Sorry, nach méi Niwwel geet och nët, esouguer datt den Original es nach a Reserv' huet, ech hun den Niwwel mat Vue op de Sujet - eben nëmme Bäm - reduzéiert, soss wier se mir ze mystësch gin. Am allgemenge schéngen ech de kleesperen Equiliber getraff ze hun. Niwwel-Foto'ën sin nët einfach. Ët ass een nët ëmmer do wou es genuch ass, an ass en ze dëck fënnt een d'Sujet'en nët méi. D'Profi'en maachen e mat enger Maschinn selwer, mä wien huet schon eng portabel Niwwelmaschinn ! confused Also: vergiess nët d'Niwwel-Luuten unzemaachen ! HiHi bigsmile
OK-Photography 09.03.2011 - 12:51
bigsmile bigsmile
Poly 08.03.2011 - 23:50
déi doen gefëllt besser esou, wei wann Rotkätonguepchen nach giff am Wee trëtonguepelen smile
mischii 09.03.2011 - 00:13
schèin , an nët sou liicht ze realiséiren, dass di Atmospher eriwwer kënnt
Nagarjuna 09.03.2011 - 03:19
Ganz flott an gutt cadréiert. Du hues Recht, et brauch een net unbedingt ëmmer fréi opzestoen, an dobäi hues du hei eng Luucht déi een ganz fréi Mueres net huet. Also, huet et sech duebel gelount.
Jeanny 09.03.2011 - 06:39
ersetzt e ganz gutt, eng flott a mystesch Stëmmung am Bësch
gtaddei1 09.03.2011 - 10:58
Herrlesch d'Stemmung
Kilroy1313 09.03.2011 - 11:32
Soën Iech alleguerte Merci a freë mech datt se gefällt, an och datt ech de richtegen Toun fonnt hun ! smile
AalenKnipser 09.03.2011 - 17:54
Fannen ech gudd, wirkleg ganz gudd , da bréngt eng besonnech Stemmung .
Kilroy1313 09.03.2011 - 19:51
Merci !
NikonD80 09.03.2011 - 20:58
schéin Stëmmung - Foto
Kilroy1313 10.03.2011 - 10:21
Merci ! smile
jorsch 13.03.2011 - 10:54
Flott Stëmmung, besonnesch well een de Bléck op de Wee hanne verspaart kritt. Wou geet et hin?
Kilroy1313 13.03.2011 - 20:35
Op Syren ! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 416 Gäscht online