Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schnellzuch am Donst

 
Schnellzuch am Donst
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.03.2011
  • Gekuckt:
    39429
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x777
  • Späicherplaz:
    442 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53662]
Kommentar vum Fotograf:
Quaffit 09.03.2011 - 00:49
Hmmmm.... en däitschen IC op der Syrener Streck, vun der Bréck zu Éiter fotografiert, a Richtung Syren fouerend? D'Virscheif kéint déi vun der Haaptscheif vun Syren sin... Ech sin mir awer net ganz secher mat der Streck well ech foueren se selten.
Kilroy1313 09.03.2011 - 11:53
Dat sollt schons ± esou sin, steet an der Steigung déi no lënks ofbéit duerno kënnt gläich 2gleiseg Ausweich ze Syren, an dann hepp duerch den Tunnel... Ech stung gëschter do iwwert eng Stonn op deen ze waarden, hat mol rëm kee Fahrplang mat, hun alt d'Auto'ën e bëssen dronke gemeet mat méngem Apparat... closed_eye
Railpictures-Foto !
Quaffit 09.03.2011 - 13:04
Jung en gudden Mécano huet haut des Dags LMT, Appendice, den Dengscht an waat sos nach wichteg as an sengem iPhone.... oder soswellech Smartphone mat groussem Schierm. Dann huet een daat emmer parat! closed_eye
An do gesäit een alt rem waat eis Streckekenntnis wert as. Wéi kruute mer deemols an der Ausbildung gesoot: "A wann der mol en Joer gefouer sidd da könnt dir d'Schwellen duzen" bigsmile.
Kilroy1313 09.03.2011 - 19:57
?? "Appendice", dat ass eppes, wat een heiansdo erausoperéiert kritt. iPhone ??? sëcher eppes fir ganz anzehuelen!?
Smartphone? kennen ech nët, hun nach een mat enger Kierp op der Säit (HiHi). Bon d'accord, ech hun och e grousse Schirm, esou ee géint de Reen. - Ech mengen, ech muss mol erëm an den Telefongsbuttëk, wor elo iwwert ee Joër nët méi hannescht, d'schéngt sëch eppes um Maart gedongen ze hun... bigsmile
Quaffit 09.03.2011 - 22:19
Also wannste esou ferrosexuell ugehaucht bas daste op d'Juegd no Zich gees da mell Dech dach op der Bunn - mir BRAUCHEN Leit, ganz dréngend! Daat wär dach flott fir Dech wannste Job mat Hobby verschmelze kéins, oder?
Kilroy1313 10.03.2011 - 10:15
Uuh, e schaarf't Wuert (Hechel !), dat hat ech nach nët héieren !
Juegd jo, sin nämlech en aale Jäer & Sammler (déi gin ët schons zënter der Steinzäit), mä sin awer nët blöd, mech nët selwer an déi Zich ze setzen, déi ech jo joë' wëll. De Jäër klémmt dach och nët vu séngem Sëtz erof a läft iwwert Feld, fir vun engem aanere Jäër ofgeschoss ze gin ! HiHi - P.S.: Merci, awer nach fir d'Angebot. closed_eye
Jeanny 09.03.2011 - 06:41
eng flott Stëmmung a Foto
Kilroy1313 09.03.2011 - 11:57
Wéi méng Lieblings-Sendung eben: Eisenbahnromantik ! closed_eye
gtaddei1 09.03.2011 - 10:58
Suzper dest och
Kilroy1313 09.03.2011 - 11:56
Ët mëcht ee wat ee kann, - Merci ! closed_eye
gtaddei1 09.03.2011 - 12:05
Wei jidderen
Nicon07 09.03.2011 - 13:36
Den IC 134 fiert dach ëmmer iwwer Syren, détongueart 17.12 Auer zu Waasserbëlleg an Arrivée zu Lëtzebuerg um 17.42. En plus huet en elo mol nach eng Zäitchen Dënschdes 2 Lokomotiven. Sou eppes weess een dach, wann ee gären Zich fotograféiert... closed_eye

D'Foto ass, wi scho gesot, immens schéin. Zich am Sträif- oder Géigeliicht sin ëmmer fotogen.
Kilroy1313 09.03.2011 - 20:15
Dat seess Du esou am jugendlëche Liichtsënn. Och eng Saach vun Approch, sëcher knipsen ech gäeren Zich, mee iwwert den theoretëschen Deel hun ech mir joerelaang de Kapp guer nët zerdiebelt, nix mat Fahrplang, jhust op der Juegd no Zich, dat ass natierlech méi zäitintensiv esou an der Landschaft erëm ze stoen, wéi ze wëssen, dat den Zuch elo kënnt. Dat ass awer méi spannend. Eréischt Railpictures.net maachen ech och emol e Fahrplang op, an zwar fir d'Zuchnummeren gewuer ze gin. Elo passen ech och alt mol en Zuch laut Plang of. P.S.: Merci fir de Fav ! smile
Nicon07 09.03.2011 - 21:46
Merci fir de jugendléche Leichtsinn. Dat ass Blasam fir d'Séil fir een, deen an e puer Wochen 48 Joer kritt... smile
Kilroy1313 10.03.2011 - 11:50
Den Alter fänkt am Kapp un, vun dem Dag wou ee sëch seet ët wier een aal. Wann d'Séil also ufänkt mat Alteren, bleiwt dem Kierper och keen anere Choix méi !
Uh, dat do war awer elo gutt ! Wäisheet mam Schéimläffel ! HiHi closed_eye
Nicon07 10.03.2011 - 19:32
Wann ee, wi ech, beruffsbedingt, mat Leit an der Pubertéit ze din huet, da bleift ee selwer pubertär. smile Also keng Angscht, ech sin soubal nach net al... closed_eye
NikonD80 09.03.2011 - 21:02
schéin am Géigenliicht
Kilroy1313 10.03.2011 - 10:16
Merci ! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 407 Gäscht online