Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

High Contrast BW

 
High Contrast BW
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.03.2011
  • Gekuckt:
    103582
  • Favoriten:
    10 (Wen?)
  • Kommentarer:
    89
  • Beliichtungszäit:
    LE HDR
  • Blend:
    f10
  • Brennwäit:
    26 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    Long Pose
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    268 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    16-35 Canon
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53445]
Kommentar vum Fotograf:
Everybody knows that the boat is leaking.
Everybody knows the captain lied.
Everybody got this broken feeling
like their father or their dog just died.
Everybody talking to their pockets.
Everybody wants a box of choc'lates
and a long stem rose.Everybody knows.

L Cohen
Zora 01.03.2011 - 11:36
Back from hell, sauflott verschafft!
gtaddei1 01.03.2011 - 13:17
Merci Zora,
http://www.youtube.com/watch?v=3qSlaPrXshM&feature=related
kobsi 01.03.2011 - 12:03
Gefällt mer gudd, geseit een nit all Dag esou een Motiv ! Flott !
gtaddei1 01.03.2011 - 13:18
Et ass zu Dublin ze gesinn , sinn frendlech do erann gelooss ginn
THX
JADE 01.03.2011 - 12:05
déi gehéiert an eng Galerie, fannen ech

bon, Luuchtenpoteau ... = matière à discussion smile
gtaddei1 01.03.2011 - 13:19
De Luuchtepoteau hunn ech schon mat mir selwer beschwaat ,,,, wés net firwaat ech dén do geloos hun
Merci Jade
JADE 01.03.2011 - 19:05
ah jo, elo gesin ech eréicht ... ass daat däin klengt Boot? smile
suraki 03.03.2011 - 13:45
bis elo wousst ech och nach net, dat de Gennaro Schëffer um Mier fueren huet. Giff awer gäre wëssen ënnert wellechem Fändel dat doten ausleeftbigsmile
gtaddei1 03.03.2011 - 19:38
Greng Weiss Roud Natiirlesch där 2 Witzbolden smilebigsmile
suraki 04.03.2011 - 00:09
bigsmile
ZerberuZ 01.03.2011 - 12:14
Bravo ... Dei kennt esou gudd eriwer ..
Stempel just den luutepoteau mam halo eraus op der rietser sait smile
gtaddei1 01.03.2011 - 13:19
Du bass den 2ten dém den Poteau net gefaellt ... also stempelen ech dén ewesch
Merci
grimmel 01.03.2011 - 12:24
Wow !
Impressionant duergestallt!
De poto stéiert mech net.
gtaddei1 01.03.2011 - 13:20
Merci fir dein Beitrag ... de Poteau mmmh ... eng hard Diskussioun
Nilagraphics 01.03.2011 - 13:08
genial! (just den luutenpoteau steiert ebessi :/)
gtaddei1 01.03.2011 - 13:21
Nummer 3 wou de Poteau steiert
Ech stempelen dén elo ewesch ... definitiv
Nilagraphics 01.03.2011 - 13:24
kanns et io probeiren an wann et net gudd ausgeseit -sou schlemm ass deen och net! et wier just dat eent detail wat foto nach en steck besser geif maan, mee sou ass se och schon immens gudd (:
Quaffit 01.03.2011 - 13:24
Superschéin - jo den blöden Poteao stéiert mech och. Den kritt een dach ganz liicht ewech ge"shoppt" closed_eye
gtaddei1 02.03.2011 - 00:24
Jo de poto ass esou eppes. Hunn natierlech drunn geduercht den ewesch ze huelen.
Thx so vill
Quaffit 02.03.2011 - 00:57
Tjo häste en direkt erausgestempelt wär lo hei vill manner Gebraddels, hehe tongue.
gtaddei1 03.03.2011 - 20:47
Na ja , et misst een daat am viraussen wessen
Richie 01.03.2011 - 13:26
Impressionant! An wierklech gutt verschafft
gtaddei1 02.03.2011 - 00:21
Merci fir alles.
Nagarjuna 01.03.2011 - 13:53
Impressionant, bal bedrohlech, apokalyptesch an bedreckend (Hues du de Film gekuckt den ech dir geléint hun? bigsmile). Jo, deen Poteau... Wann den Sujet sou zentral an symmetresch ass, dann stéiert sou een Element schon. Eventuell hätt ech e bëssi mat der Vignette gespuert, awer dat ass just meng perséinlech Meenung. Se erënnert mech e bëssi un déi fréier Fotoen vum Spako. Bis op d'Vignette gefält se mir awer wonnerbar.
gtaddei1 02.03.2011 - 00:21
Mmh jo d vignette, et ass d vignette vum filter denn kontrasteiert ginn ass. Ech wllt deen elo net ewesch weschen well ech net d foto zefill opmaachen wollt.
Wei geet et? Alles oke?
Nagarjuna 02.03.2011 - 02:26
Perfekt! Ech sin grad op an hunn meng Dusche nach schnell geholl bevir keen waarmt Wasser méi do ass. Haut ass groussen Maskendanz um 11 Auer zu Shechen. Si sinn ganz bekannt dofir. Dat gëtt bestëmmt Flott.
http://www.youtube.com/watch?v=xvV6DSQsyN8
gtaddei1 02.03.2011 - 07:24
Flott , et freet mech dass elo alles tipch topch ass.
Maskendanz? D monsteren?
Nagarjuna 02.03.2011 - 11:09
Déi Zeremonie huet bal 4,5 Stonnen gedauert... Ech hunn dauernd Fotoen missten läschen well ech just eng Kaart dobäi hat an meng Platz och net wollt verléieren. An... ech hunn eng Persoun do gesinn déi ech schon ganz laang wollt begéinen.
gtaddei1 02.03.2011 - 19:21
Den Rinpoche? Den Dalai?
Jo du bass onverbesserelech ... eng Kart nemmen? bei Street an Fest ? wouste nach nie oder bal nach nie warst?
Na ja !
Miisamm 01.03.2011 - 14:56
Mega rauh di do! Ah jo di saach mam poteau(konnt et lo net loosen closed_eye )
gtaddei1 02.03.2011 - 00:19
Ann soll ech dee poteau ewesch huelen?
Miisamm 02.03.2011 - 17:48
Ach hun lo reischt de Cohen text gesinn.... Demno kanns de de Poteau loosen, den Text muss just emmer dobäi sin, muss souzesoen zum Bild Geheieren smile
gtaddei1 02.03.2011 - 19:22
Oké ... ech waerd eng Texturfoto machen wou den Text dropp gepescht ass.
Enf Aaner Versioun
http://www.artlimited.net/image/en/274725
JohnJ 01.03.2011 - 17:02
ganz flott
gtaddei1 02.03.2011 - 00:17
Total mat dir d accoed smile
Poly 01.03.2011 - 17:42
top, am mam Poteau eech ass keng Steigerung méi méiglech smile
gtaddei1 02.03.2011 - 00:17
Merci villmols.
sylvie 01.03.2011 - 17:52
Gudd Arbecht einfach nëmmen top cool
gtaddei1 02.03.2011 - 00:16
Ech haat chance dass d irlaenner gudd lait sinn. Sie hunn mech an d werft eran geloos. Laider nemmen 1 decke scheff drann
jorsch 01.03.2011 - 17:53
Impressionant Vue! Iergendwéi beängschtegend!
gtaddei1 02.03.2011 - 00:13
Jo sinn hai an selwer erfeiert , liicht apokalyptesch.
Thx villmols
BAPAX 01.03.2011 - 22:16
Excellent gemaach a verschafft ! genial ass d'Boat am staarken Kontrast virun de Wollecken a Bewegung ... Merci och fir d'Referenz op de wonnerscheinen Song vum Leonard Cohen ...

(meng Meenung: loss de poteau dran well et brecht d'Symmetrie a mecht dofir d'Foto mei interessant)
gtaddei1 02.03.2011 - 00:13
Ech soen dir merci.
Genau dofir haat ech de poteau dran geloos. D puristen wellen dass symetrie symetrie bleiwt, me ech hunn gaeren en element de derangement.
Jeanny 02.03.2011 - 07:19
e klenge Ris den ausgeseet wäi e groussen, u Land,
wat eng Perspektiv a flott Foto
gtaddei1 02.03.2011 - 07:25
Nee den ass gefleckt ginn , also sie waaren am gangen
Gaga 03.03.2011 - 13:29
geil vue
gtaddei1 03.03.2011 - 19:35
Upps ... geil? Erigé oder?bigsmilebigsmile Merci fir de Fav
Gaga 04.03.2011 - 07:58
jo, oder eichter am Sënn vun bander wanns de sou wells.

Geil kennt aus dem Germaneschen an hescht ganz einfach "froh" !

gtaddei1 04.03.2011 - 08:04
smile
spako 03.03.2011 - 13:40
eng beandrockend Vue, dei kloer vermettelt wei grouss a schweier sou ee Scheff ka sinn..gefaellt mer super gudd!!
gtaddei1 03.03.2011 - 19:37
Merci villmols och hai ... De JC soot dess geif dengem Freieren Stil gleichen ... waat hien elo damaden gemengt huet wés ech net , mé daat ass jo fir mech schons e kompliment
spako 03.03.2011 - 20:33
Dae Stil vun deser Foto ass super, kennt gudd un an as deng Vue! Waat well ee mei! Souwisou hun ech sou meng Probleemer mat sou "Shcubladen-Denken" waat Stil ugeet!
Ab weini as eppes engem sai Stil, ab weini as de Stil kee Stil mei asw.. Ausserdem denken ech och dat 'Stil' oft kreativiteit anengt well ee jo a sengem Stil well weidermaachen an dofir aanern Weer mol net mei an Erwaegung zidd (an daat souwuel an der Wiel vum Sujet wei och an der veraarbeschtung)
Deng Foto a Veraarbeschtung sin Super! An daat as am Fong alles wat zielt closed_eye sierf einfach dorop houfreg!!
gtaddei1 03.03.2011 - 20:54
Sinn denger meenung, zu 200 %!
een stil ass prisong , et gin der dei emmer daat selwescht maachen fir identifiable ze sinn, esouguer emmer den selweschten thema.
Waat mech ugeet, probeieren generalist ze sinn, varitioun ze brengen, well daat mech net langweilen solo.
Hauptsaechlech knippsen ech waat mech emotiv uusprecht. D veraarbechtung haengt oof wei de sujet ass an mech usprecht, an fun der musek die ech gerad lauchteren .
Maachen alt ales Matt passioun, ouni daat ginn ech ales op.
Thx
spako 03.03.2011 - 21:00
smile

Maja ech schleisse mech dann denger Definitioun un a bezeechne mech dann och als generaliste smile
gtaddei1 03.03.2011 - 21:16
smile
Nagarjuna 08.03.2011 - 17:32
surprised Wat een Stil ass an der Konscht (Musek, Molerei, Fotografie, Architektur, etc.) misst jo allgemeng bekannt sinn. Wann eppes an der Konscht een Wiedererkennungswäert huet, dann gët et "Stil" genannt an et kritt een Numm, z.B.: Expressionismus, Symbolismus, Fauvismus, Jugendstil, Heavy Metal, Pop, Trash Metal, Classik, Renaissance, Gotik, Street, Fashion, etc. etc. etc.
An dann get et nach déi Kënschtler déi souvill Wiedererkennungswäert hunn dass si hiren eegenen Stil hunn (deng italienesch Faarwen, den Gennaro-Stil wéi den Xaph et genannt huet, den Generaliste-Stil, den Stil vum Cartier Bresson, den vum Escher, etc.). Et kann een och e puer Stiler beherrschen.
Stiler awer elo als "Schubladen-Denken" ze bezeechnen klengt e bëssi Anarchistesch oder et ass wuel net verstanen ginn wat d'Wuert "Stil" iwwerhaapt heescht. Et huet keen wäert d'Rad nei ze erfannen oder et frësch ze definéieren. Ech well awer net weider drop agoen. Dat kann een am Wikipedia oder sossanzwousch am Internet noliesen. smile

Ech hat een schwéieren Dag. Ech schécken dir méi spéit e puer Fotoen vun de Kanner an een klengen Résumé vum Dag. Et war super.... Bis dann...
gtaddei1 08.03.2011 - 21:57
Ech verstinn ganz gudd waat du wellst soen.
Fir mech ass et wichtesch frei ze bleiwen esou fill ewei erlaabt.
Ech ginn dir zou dass ech houfrech sinn wann een meng fotoen erkennt. Weilt just net zefill noaamen an net steif ginn an engem stil. Ech haett weider gemeet mam urbexen, me ech sinn net organiseiert genuch, mee daat deet mir gudd , ech leieren weider.
Aaner themen an aaner horizonter, villeicht fir emmer daat selwescht ze erzielen, spiritualiteit am weitesten senn.

Merci jc

Ech hoffen dass du wirklech gudd haut warst.
An hauptsach dass d kanner gudd sinn an dass du den owend och eppes realiseiert huess.
Bis feschwenn
Nagarjuna 09.03.2011 - 01:56
Oh, ech machen och schon lang keen Urbex méi. Urbex, als Trend, däerf een och net mat engem Stil verwiesselen. Et ginn vill Stiler am Urbex. D'Zäit vum Urbex ass awer doud, sou wéi d'Zäit vun den Hippien, an do hunn se och Rock, Blues, Progressive, etc. gespillt. Et ass schued dass du domat ugefangen has kuerz bevir et ënner gaangen ass. Awer déi Zäiten kommen net méi erëm. Et ass och gutt sou. Ech hunn bei dem Trend mat gemeet, awer mäin Stil ass Architektur an HDR. Dat sinn déi Stiler mat deenen ech mech bis elo wuel gefillt hunn, an ech hunn domat och op meng Art an Weis d'Impermanence vun dem Mënsch, sengem Liewen, senger Aarbecht an senger Kultur gewisen (am Sënn vun menger Liewensphilosophie). Sou hunn ech dann och mäin Stil entwéckelt deen Wiedererkennungwäert hat, wann ech dat gleewen wat d'Leit mir erzielt hunn. Senger Linn trei ze bleiwen ass den sécheren Schlëssel zum Erfolleg. Dat hunn ech, mengen ech, domat och bewisen (HDR-Fotografie, (Innen-)Architektur). Wann een vun allem e bëssi mécht, kann een ni eppes vollstänneg beherrschen. Am Liewen ass et awer mat allem sou. Ouni fest Ziel zappelt een ëmmer weider an et lieft een wéi wann een ni gierf stierwen, an schlussendlech stierft een wéi wann een ni gelieft hätt.
gtaddei1 09.03.2011 - 10:43
Jo sinn effectivement ze speit komm fir den Urbex mé och wann et doud ass ... fannen ech nach emmer fréd fir daat knippsen ze goen ...

Ziel: Zefill dispersiv ze sinn ass nie gudd ... dann flattert én . Ech hun mein Ziel just et fehlen mir dei richtesch Kategorien dofir... en plus hunn och net mei vill Zait ... 10-15 Joer dann muss ech an den Alterheim.
Dei eng ginn verreckt mat Médecher , ech mat der Foto ... eng Art obsessioun dei awer , no menger ménung, gesond ass.
Wiedererkunnungswaert: Daat ass é Stil , perseinlechen an der Archtektur an an der Astellung! Daat ass jo wouer ... an daat sés du jo net vun dir selwer!

Dei selwecht unverkennbarkét kreien ech och emmer mei zougeschriwen , an fdoriwer sollt ech och e besi houfrech sinn... Mé ech well mech net Fossiliseieren an e Gefill fannen fir all tip vun Themen... daat hescht bei mir Generalist sinn .
Ech fannen et ass eng chance gewiecht HDR gemét ze hunn an engem Zeitalter wou den Automatismus nach net do war... daat huet mir d'Meiglechkét ginn vill ze leieren (Luucht, Kontrast... )

Mé et gét virun... an daat bei dir och ... kucken mol wou daat ais hinfeiert
Nagarjuna 09.03.2011 - 11:35
Hehe, back to the roots. Eng Leica... manuellen Focus... SW... d'Blend um Rank astellen... awer dat witzegst: Déi kritt d'Blend net vum Objektiv an schreift einfach eppes wat ongeféier passt an d'Exif (an dat huet nach ni gestemmt). Ech hätt sollen meng 5D doheem loossen. Vill Gewiicht fir näischt well ech se bal net benotzt hunn. Wann ech d'Qualitéit genau vergläichen, dann sinn déi asiatesch Apparater (Canon an Nikon) am Fong plastiks Spillsaachen géint eng Leica an se sinn och nach extrem opfälleg. Ech hunn bei der Leica alles mat schwaarzem Scotch zougepecht (Marque, Modell, etc.). Sou ginn ech sécher roueg gelooss wann ech Fotoen maachen. Déi Leit déi et op däin Geld ofgesinn hunn, hunn et op Touristen mat groussen Apparater an groussen Objektiver ofgesinn. Mech loossen si gewäerden well ech mat dem klengen Apparat do kommen deen ausgesäit wéi wann mäin Bop mir den geschenkt hätt.
Bon, dat war net d'Thema. Du kanns gläich maachen wats du wëlls, däin Stil erkennt een schon am Thumb. Dat ass wat een gudden Fotograf ausmécht, den Wiedererkennungswäert, oder Stil. Ech gierf Fotoen vum Ansel Adams och am Thumb erëm erkennen wann hien elo nach gierf liewen an Fotoen machen, sou wéi ech dem Miau, dem Suraki, dem Marc Gerrard, dem Kwitchibo, dem dr_kim_veis, dem Gloda... an villen aneren hier Fotoen och schon am Thumb duerch hiren Stil erëm erkennen. Déi sinn jo awer net alleguerten gefaangen an hierer Art an Weis Fotoen ze maachen an ze verschaffen. Si maachen dat wat hinnen am beschten gefält an engem (hirem) Stil den si vun der Masse ervirhiewen deet. Et ass meeschtens keen Mainstream well soss hätten hier Saachen net déi Identitéit. Soit... et ass eben sou.
gtaddei1 09.03.2011 - 11:53
Ech sinn am Gangen mech ganz stark un eng Leica M9 ze interesseieren an daat ass gefeierlech; zemool well elo geschwenn dei nai 5D an den neien 24-70 kennt ... alles vill Piipen!
Nu je!
Mee d'Quali ass super , daat gesait en jo bei dengen Fotoen.
Dein Bop... haett dein Boop eng Leica gehaat ... dann ... hmm

So eifach dass du am gangen ze schafen bass! smile

De Stil: Efectivement et ginn der jett dei é égen Facon hunn d'Foto ze maachen ... dei Erkennbar sinn .. D.h. dass jidderen mat enger bestemmter Sensibiliteit alles verschafft ....
En plus d'Foto ass jo emmer komposeiert vun 2 Aan :
1- Den Objektiv
2- De Fotograf

Waat dobai eraus kennt ass eng interpretatioun vun enger Realiteit.
Dofir waerd d'Fotografie nie stierwen ass emmer nés variiert sinn opschan alles fotografeiert ginn ass waat op der Welt existeiert.

Jo ... mool kucken
Nagarjuna 09.03.2011 - 12:06
Oh ech brauch guer näischt méi ze soen. Ech brauch mol net méi mäin Schlëssel ze weisen, fir näischt ze bezuelen, wann ech bei d'Stupa ginn. Wéi een 08/15 Tourist gesinn ech sou net aus. Een duerchschnëtts Tourist huet entweder eng Point & Shoot oder eng riesech Kanoun mat deenen een d'Dauwen op der Spëtzt vun der Stupa ofschéissen kéint, an een Rucksak um Réck. bigsmile bigsmile bigsmile An dann gëss du direkt 150 Rps. Entrée gefrot.
gtaddei1 09.03.2011 - 12:16
Jo wann dei weissten waat esou eng Leica kascht! Mé daat wessen sie jo net! smilebigsmile

Ech hunn awer d'Gefill wei wann ech net daat richtescht geif mnaachen andéms ech mir eng Leicaschen geif kaafen goen.
Nagarjuna 09.03.2011 - 12:29
Also, fir Street, Reportage an Studio sinn se tip top. Awer net fir Sport oder alles wat sech e bëssi beweegt. Keen Autofocus an och keng Zoomlënsen. Awer domat léiert een Fotograféieren... eben just well een alles Manuell muss maachen an net einfach vun WW op Tele kann zoomen wéi bei dem 24-70. Eng Lëns kascht dech och den A... aus der Box. An et ass blöd dauernd d'Lëns ze wiesselen, also muss een léieren wéi wäit z.B. genau 5 Meter sinn an et kann een och net méi all Foto maachen déi een gären gierf maachen wéinst der Festbrennwäit. Awer dat ass jo normal. Et léiert een eben richteg Fotograféieren an net drop lass knipsen. Ech hunn eréischt 128 Fotoen domat an deenen 2 Wochen gemeet.
gtaddei1 09.03.2011 - 12:38
Et ass effectivement eng ganz aaner Astellung an eng aaner Fotografie .
Mé ech geif soen dass eng fantastesch ergaenzung ass zu enger Reflex ... mé eng Luxuriös erganzung.

Alles daat ass eng Iwerleung waert.
McQueen 03.03.2011 - 16:05
*mond opstoen* wow....gefällt mir gudd tongue
gtaddei1 03.03.2011 - 19:37
Et sinn keng Mëcken an der Geigend héhé smilebigsmile

Villmols merci fir alles ...
Keup 06.03.2011 - 10:34
Beis Photo. S/W passt super. Respekt
gtaddei1 06.03.2011 - 11:20
Merci ... wierklech
Keup 06.03.2011 - 15:38
closed_eye
gtaddei1 07.03.2011 - 00:04
Merci zu jidderen den dess foto zur wochefoto gewielt hunn.
Merci och zu allen dei hai stoen bliwen sinn.
Thx
Zora 07.03.2011 - 07:17
Eng verdingten Wochenfotoclosed_eye
gtaddei1 07.03.2011 - 09:44
Thx
Houll-art 07.03.2011 - 09:31
Gratulatioun smile
gtaddei1 07.03.2011 - 09:44
Merci
ZachOry 08.03.2011 - 06:02
Gratulatioun, mengen ganz du hos se verdengt smile

Lg
gtaddei1 08.03.2011 - 22:01
Merci voillmols!
Jeanny 08.03.2011 - 06:55
gratuléieren dir Gennaro, ass och staark top
gtaddei1 08.03.2011 - 22:01
Merci jeanny... Villmols
Locke 09.03.2011 - 20:21
lol, lo mol gesin: gudd geschafft (wei emer u sech, du muss mol definitif ophaalen sou gudd Fotoen ze maan, soss kommen ech eng Keier lanscht a klauen deng Knippstongue)
Gratz och zu Wochefoto, wuelverdingt!smile
gtaddei1 09.03.2011 - 20:25
Merci Locke!!!!bigsmile

Out of the Box ass dess wuel net ganz
Dann misste mein Fotomarket buggen kommen!

Ech waerd elo net vill Zait kreien fir knippsen ze goen ... mé geschwenn ass awer d'Bretagne ode Charente Maritime un d'Rei...
Daat ass meng Ambiance
Locke 09.03.2011 - 20:29
wart du wann et gudd geet an alles riit leeft an de Nemo an ech d`Erlaabnis kreien vun der portugiesecher Ambassade, kanns de noom August apaacken, da gin hei Pottwal-Fotoen en Masse heischgelueden, da kriss de mat knuffegen Meeressäuger de Rang an de Wochefotoen oofgelaaf closed_eye
gtaddei1 09.03.2011 - 20:41
Ma dann kucken mir mool... EEEECCHHHH ginn am Summer an Griechenland ... an wann ech d'Erlabnis kreien vun der Türkescher Ambassade (well bis dohinner hunn sie Griechenland nés opkaaf... et waerd am Rabat sin) dann ginn ech op Spinalonga an nach enzuech wou ech net mei wés (mé daat soen ech dir dourno... muss froen goen)... dann kennste 1000 Pottwaalen elei eroplueden... dei waeten roud vun schaam ginn....
Oder ... jo oder ... mir mixen deng ...aer Portugiesesch Fotoen mat mengen Griecheschen... dann ass neischt mei drann fir dei Aanerbigsmilebigsmilebigsmile smile
indian 12.03.2011 - 10:14
impresssionnant an immens flott smile
gtaddei1 12.03.2011 - 16:33
Merci villmols
senic72 09.12.2011 - 19:36
Immens, top.
gtaddei1 09.12.2011 - 19:47
Thx
TomEwert 10.01.2012 - 01:16
déi heiten haat ech komplett verpasst. déi ass wierklech excellent!!
gtaddei1 10.01.2012 - 21:12
Merci... Dei foto huet mir schons e puer satisfaktiounen geschaaf.
Selektionneiert op der strossener biennal, zb an do ass des och 3x verkaaf gin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 339 Gäscht online