Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

International Motor Show

 
All Fotoen an dëser Serie:
12385 Thumbnail
12386 Thumbnail
12387 Thumbnail
12388 Thumbnail
12389 Thumbnail
International Motor Show
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.01.2011
  • Gekuckt:
    28027
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Originaldatum:
    11/12/2010
  • Fotoapparat:
    Canon G12
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Events »» Misc
Extras:
Den Heng an de Serge, déi mär gehollef hun opstoen, wann ech emol erem op de Knéie soutz ... ;-)

Fir anzesetzen: [pg_img=51959]
Kommentar vum Fotograf:
suraki 04.01.2011 - 17:48
Claude , wann's de e flou mëss , da maach de wäisse Bord eréicht dono.
esou stéieren déi Borden, ... ech kann awer elo nëmme fir mech schwätzen !

d'Serie fannen ech flott !
TseEll 05.01.2011 - 18:46
Merci Ed; vläicht ass et hei e bësschen vill; e machen dee Bord öfter bei Archtekturopnahmen, besonnesch am Sepia, wann deen Effekt vum Âlen soll erauskommen ... (kuck emol vläicht op FC ... closed_eye) ... mee 't ass wéi alles eng AdG;
Matt esou engem Oldtimer géng een awer schon en Tiirchen dréinen, oder ? ( ... mam Youngtimer och, ech weess ... closed_eye)
suraki 05.01.2011 - 19:04
den Oldtimer bléift méi laang bei der, obschons de déen och net krissbigsmilebigsmile
Schluck 04.01.2011 - 17:53
Ganz flott Serie TseEll ... den Sepia Toun pass och sou richtech. Wat d'Bordën unbelaangt fannen ech huet den suraki recht
TseEll 05.01.2011 - 18:48
Merci Schluck ! Ech sin mer bewosst, dass den Bord eng AdG ass, mee ech sin halt méi en duussen Kärel, ... closed_eye
VeloBen 04.01.2011 - 19:31
Super Idee mam Sepia an mam Soft Focus! Nr 2 3 fannen ech am beschten.
TseEll 05.01.2011 - 18:49
Ech hätt bei Där éischter op n° 1 getippt , mee bon ... closed_eye
VeloBen 05.01.2011 - 18:55
Opp "Sepia Jofferen" stin ech net esou ! bigsmile

Trotzdem ganz flott Photo.
TseEll 05.01.2011 - 18:59
-bigsmile --- eng gudd Äntwert !!! ech haat d'Joffer och "in natura" am Kapp ...
VeloBen 05.01.2011 - 19:02
Keen Fraemensch well als "aal" duergestalt gin ! bigsmile Dofier loss daat mat Sepia bei den flotten Jofferen besser sin ! bigsmile
Jeanny 04.01.2011 - 20:00
jo, jo däi jonk Knéien smile
eng herrlech Serie, fir mech ass däi lescht däi bescht Claude
TseEll 05.01.2011 - 18:49
Mir verstin eis, ... fir mech och Jeanny !
Merci
zersch01 04.01.2011 - 20:03
ech kennen néischt vun Borden - mais d'Manou war fir mech den Highlight vun der "Motorshow"

Ciao Amigo! smile
TseEll 05.01.2011 - 18:50
Du hues vill Identitéiten, Amigo ... closed_eye
D'Oldtimeren sin vläit am Ënnerhalt méi bëlleg ... closed_eye
Jean-Jos 04.01.2011 - 22:34
Deen Alfa op Nummer 3 ass genial!
TseEll 05.01.2011 - 18:51
Merci Jean-paul !
Gaga 04.01.2011 - 22:45
2-5 passen iergendwei net an t'Thema .. wees net fierwaat ! closed_eye

daat wor awer net t'Techno Classica, oder ? op der Motorshow hun se dach naisch esoues , oder ?

ps : witzeg Änlechkeet :

!Dës Foto ass net méi am System!

TseEll 05.01.2011 - 18:54
2 - 5 sin méi einfach z'ënnerhâlen ... a méi bëlleg ... !
closed_eye
Iwregens weist Du hei och eng richteg flott Serie ! Ech bewonneren ëmmer, wéi Leit et färdeg bréngen, Détailer esou en évidence ze setzen; daat ass en Don, deen ech net hun
Gaga 05.01.2011 - 19:03
ui ui ui ech gin roud, haal op !
smile
as schon laang hier, mais dest Joer geht et erem op Essen ... as ememr erem flott !
pfoto 05.01.2011 - 08:15
Also di Modelen mat den véier Rieder drun sin jo och schéin, mais den éischten gefällt mir awer am allerbeschten ! smile.
TseEll 05.01.2011 - 18:54
Daat ass och deen deiersten ... closed_eye
He-Lx 05.01.2011 - 13:26
D'Perspektive gefale mer. De Rescht och!
Ech hun de Réck nach wéi vun dech oprafen;o)
LG Henri
TseEll 05.01.2011 - 18:55
Am Moment ass et schon méi liicht ... (-4)
Don 0 0/00 - o
Pixelman 09.01.2011 - 21:42
Wann ech déi Serie do gesinn, fäncken ech un mech fier Autoen ze interesséieren - schéine Porträt. closed_eye
TseEll 16.01.2011 - 12:39
closed_eye
Merci Ren

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 504 Gäscht online