Déi hun ech haut nach am Stater Parc fonnt , an dat weisst hannendrun ass tatsächlech Schnéi. Sie ass just leider net ganz schaarf, well ech just e klengen Apparat dobai haat.
Alles ass net esou schlemm ... Kenn én mir awer erklaeren frwat én mat enger "klenger" knips net soll scharf kreien? Ech well mir eng kafen, wann et awer esou ass dann loossen ech d'Fangeren dofunnen ewesch
Also ech sin ganz zefridden domadder, eng Immerdabeikamera. Wann ech schaffen gin, hun ech keng Loscht den decken Apparat matzehuelen, an dann ass dee klengen ideal, fir Landschaftsfotoen, gudd mee definitif fir makro ass en sou gudd.
OK, merci , dann kucken ech mol. Ech hun mer Nikon Coolpix P7000 kaaft an sin net zefridden domadder. schwéier schaarf ze stellen, an heiandso fonctionnéiert de Zoom net , an den Focus net . Den Panasonic TZ 10 ass honnert mol besser wie déi.