Merci fir dein Kommentar . Jo, du hues Recht ! Dat hätt missen mat engem richtegen Weitwenkel geknipst gin. Wann ech nach eemol soll zu Pareis sin, probéieren ech et nach eemol
Dat wees ech net, et stungen awer nach Leit do dat ze knipsen. Ech hun bessen Kontrast an Schärft dran gemaach, an mat mengem klengen Fotoapparat ass dat do dobei raus komm. Op aller Fall huet en bessen goldeg ausgesinn. Um zing Auer blenkt en nach, dat ass superschéin, just dat ze knipsen ass leider naischt ginn.
Daat stemmt zum Deel waat Jeanny seet, du därfs en knipsen, mee net veröffentlechen, firwaat och emmer, mä keng Angscht ech verroden naischt, an du bass jo och net daat eenzescht, ech wosst et och net, mein Mann huet mär et gesoot, also shit happens
Nö firwaat, mä haut ass et eben esou, ass mär och schons geschitt, gei mol bei meng Foto "Erwescht" kukken, dann verstees de waat ech mengen, kleng kareiert Leit gin et iwerall, mach weider esou, deng Fotoen sin flott !
Ech war bei deng Foto kucken an liesen. Ech verstinn elo wats de mengs. Recht hues de dass et iwwerall komesch Leit gin. Et erkennt jo mol guer net ween do um Velo setzt. Merci fir d'Kompliment. Ech knipsen dann awer nach wann et wirklech sou strikt wier, dann wier d'Foto jo och net ropgelueden gin, denken ech mol
An déi Geschicht mam Velo war lang an breed ausdiskutéiert gin. Ech perséinlech hätt keen Problemer domadden.
Et erkennt een net wierklech ween et ass. Mee bon wier den Velofuerer gut ze erkennen gewiescht, hätt ech awer verstannen daat hien perséinlech een Problem domadden gehaat hätt um Internet oppzetauchen.
Egal, war jo awer net den Fall bei dengem Bild deemols.