Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

klack...klack...etc.

 
klack...klack...etc.
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.04.2006
  • Gekuckt:
    28166
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    679x702
  • Späicherplaz:
    300 KB
  • Originaldatum:
    2006:03:23 16:47:10
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Bewegung »» Misc
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=4992]
Kommentar vum Fotograf:
Haat eppes probeiert...
Ass d'Foto vläicht e bessen ze donkel?
Oder einfach: Wéi fannd der se am grousse ganzen?
ploro 06.04.2006 - 20:24
gief mech interresseieren wei se gief ausgesinn wann den zups do net gief wacklen, keng ahnung wisou mee gief mer aanescht flait nach besser gefaalen??
also en kint schon kromm stoen mee net verwacklen oder iergentwei sou
Kleent 06.04.2006 - 22:00
also ech haat fill fotoen gemaacht an menger meenung no wier d'foto ouni d'beweegung net su interessant gewiecht... mee ech wees et net smile tongue merci smile
Olivier 06.04.2006 - 20:58
Wow... super schein foto annouk... super faarwen... einfa wow... die rumm, dei faarw, einfa top....


Mee fannen et gudd dat eng isymetrie dran ass, also wengs dem pendel...
Kleent 06.04.2006 - 22:00
merci... smile war mer bei der rumm guer net secher mee et freet mech wann se der gefällt closed_eye
CK 06.04.2006 - 20:59
Hun se testweis am Photoshop mat enger einfacher Levels-Korrektur bessen opgehellt, mee fannen net dass daat en groussen Ennerscheed mecht - d'Foto kënnt mir eigentlech och esou korrekt exposéiert fier.

Waat mech allerdengs bessen stéiert, an daat kënnt vlaicht duerch d'Distortioun vum 18mm, ass dass den enneschten Deel vum Metronom (heescht jo sou, oder? sin do net sou kënneg) net 100% riicht ass, mee sech an der Mëtt ganz minimal no ennen wölbt, respektiv vlaicht och minimal no riets kippt. Ok, sin do vlaicht bessen zevill een Perfektionnist (an gif et garantéiert bei mengen eegenen Fotoën awer net besser hikréien smile, mee fällt mer awer op)

Ansonsten eng interessant Foto. (An ech fannen grad dass d'Onschärft vum Metallstab (?) muss sin.)
Kleent 06.04.2006 - 22:03
merci fir dain kommentar smile
ech haat och d impressioun daat d foto e bessen kippt mee no laangem kucken hun ech et dunn sou geloos... tongue
Nicon07 06.04.2006 - 21:06
Déi Foto as sou, wéi se soll sin a punkto Beliichtung a Farfharmonie. D'Beweegungsonschärft as och just gudd. Ech gi just dem CK Recht mat der Distortioun, net nëmme vum Metronom selwer, mais och vum Pianosdéckel (oder Desch). As et net méigléch, e puer Schréck no hannen ze goen, an dat Ganzt mat 35 mm z.B nach eemol ze fotograféieren, just fir ze kucken, ob d'Linnen da méi parallel a perpendiculaire gin.
Kleent 06.04.2006 - 22:05
merci, ech wärd daat eng keier probéiren smile
yoshi 06.04.2006 - 21:19
Stemmen hinnen 2 zou, fannen d'Foto huet en super Effekt!
Wanns de op deb Saiten dei Deeler oofschneids wou den Piano kromm ass, dann hues de en Héeichformat waat wéi ech mengen och ganz gudd ausgesin kéint.
Kleent 06.04.2006 - 22:06
merci. d war net de piano, haat en roof ob en klengen desch gesaat an deen ass e bessen schief oder sou... closed_eye
amBesch 07.04.2006 - 10:24
Zut, lo war ech alt rem ze lues smile Hat déi doten Iddi och schon mee si nët derzou komm se emzesetzen.
Wat déng Emsetzung ugeet gefällt mer déi Einfachheet wann ech ët mol sou nenne kann zimlech gudd. De Bléck gët wiirklech op de Metronom gezun, ët ass naischt soss am Bild wat stéiert. Den Hannergronn passt ganz gudd an du hues och eng passend flott Rumm gewielt.
Leider sin zwou Saachen do déi mech e bëssi stéieren. Anzwar wiirkt d'Bild e bëssi onroueg op mech well de Metronom anscheinend e bëssi no kippt. Ausserdem ass se leider nët schaarf wat fir méng Begrëffer awer zimlech wichteg wier. Wann een d'Zuelen richteg schaarf kéint ofliesen, an dann eben mat dem Pendel a Bewegung, dann hues de wiirklech de volle Kontrast vu Beweglechtkeet an Standfestegkeet (wees nët wéi ech dat anescht ausdrécke soll).
Probéier vlaicht mol nach eng Kéier d'Photo ze maachen mat engem riichten Ënnergronn fir de Metronom a mat Stativ a stell da schaarf op d'Bande mat den Zuelen.
CK 07.04.2006 - 11:47
Denken f/3.5 (wide open op dem Kit-Objektiv) ass och net optimal.

Stativ + e puer Schrëtt zréck zoomen smile + eng mi kleng Blend, dann misst d'Foto technesch perfekt gin.
Kleent 07.04.2006 - 12:08
fillmols merci fir är tippen smile
wärd daat dann di nächst keier probéiren!
MarcGerard 07.04.2006 - 19:10

gefällt mer immens gudd! super flott!!!
Kleent 08.04.2006 - 14:01
merci smile
CANON 08.04.2006 - 11:25
An ech fannen se esou Gut an Flott Supper Idee 8/10
Kleent 08.04.2006 - 14:01
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 313 Gäscht online