Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

...as I am...

 
...as I am...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.07.2010
  • Gekuckt:
    35538
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    43
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/2,2
  • Brennwäit:
    50 (x1.5) mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    1x softbox
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    800x531
  • Späicherplaz:
    188 KB
  • Originaldatum:
    23.06.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    50mm f1.4D
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
reflekter

Fir anzesetzen: [pg_img=46977]
Kommentar vum Fotograf:
Sou, elo wou ech bal 1/2 vun de Memberen hei rosen gemaach hun :-) eng méi traditionell Foto fir et villäicht erëm gutt ze man..also extra un all déi die ech gekränkt hun: sorry
deSir 06.07.2010 - 22:02
der Schärfenverlauf ist hier sehr gut gelungen ,bravo
Lg John
m-otiv 07.07.2010 - 09:34
merci John
Poly 06.07.2010 - 22:04
ech weess jo net ween dat soll sinn, awer ech fannen déi doen Perspektiv super super
m-otiv 07.07.2010 - 09:34
Merci och hei
xaph32 06.07.2010 - 22:22
ech wees nët wat's de normal fënns, me des fannen ech och aussergewéinlëch, an zudem funktionéiert et hei. en plus gutt geschafft matt der blend

a jo, ech mengen et wier zimlëch schwéier mëch wierklech ze kränken devil
m-otiv 07.07.2010 - 09:34
waat ech och dem Edy gesoot hun: ech wosst gëscht guer net méi wou ech dru wor matt all dene Kommentarer gläichzäiteg...di heiten ass méi aal an wollt se och guer net posten....fir nëmmen gesot ze kréien dass se gutt ass...
Bei där anerer wosst ech dass et eng Debatte géif gin smile
sgurel 06.07.2010 - 22:30
Ganz schein!! Bravo!
m-otiv 07.07.2010 - 09:32
merci villmols
gloda 06.07.2010 - 22:40
Wat has de gestiicht? smile Den Titel fannen ech net esou passend bei den Ausdrock an d'Haltung (Jojo ech weess ech hätt eng Woch Zäit gehat eppes besseres virzeschloen smile Weess awer näischt.)
m-otiv 07.07.2010 - 09:32
also wanns du bock hues 40 komentarer ze liesen...foto Ana Morphia
gloda 07.07.2010 - 10:49
Ech maachen eppes falsch op Flickr, ech kréien sou 2, 3 Kommentaren pro Foto.
shingo 06.07.2010 - 22:43
Gefällt mir ganz gudd, besonneg d'Spill mat der Schärft!
m-otiv 07.07.2010 - 09:32
merci och hei
krautheim 06.07.2010 - 22:51
Immens! Perspektiv, Bléck, Verarbeschtung an Schärfteverlaaf fannen ech top an en plus kennt dat ganzt nach dezent erotesch eriwwer!
m-otiv 07.07.2010 - 09:31
smile merci
suraki 06.07.2010 - 23:56
Vito, net dat elo kén sech gif trauen eppes dergéint ze schreiwen,
dës ass aussergewéinlech an och gutt .... né aussergewéinlech gutt !
m-otiv 07.07.2010 - 09:30
smile trau dech roueg smile ech wosst gëscht guer net méi wou ech dru wor matt all dene Kommentarer gläichzäiteg...di heiten ass méi aal an wollt se och guer net posten....fir nëmmen gesot ze kréien dass se gutt ass...
Bei där anerer wosst ech dass et eng Debatte géif gin smile
Jeanny 07.07.2010 - 06:19
ganz flott Vito
m-otiv 07.07.2010 - 09:28
merci Jeanny
arwa 07.07.2010 - 09:45
wonnerbar Foto vun enger wonnerscheiner jonker Fra
top-Perspektive
a Schärfteverlaaf
a Faarwen
an an an

gefällt mir ganz gudd !
m-otiv 07.07.2010 - 09:55
merci Armand
Keup 07.07.2010 - 09:55
Staaaaaaaaaaark closed_eye
m-otiv 07.07.2010 - 10:45
merci Yves
McQueen 07.07.2010 - 10:40
Ganz gudd Foto, Vito
m-otiv 07.07.2010 - 10:45
Steeeeeve...wou wars Du dann?
McQueen 07.07.2010 - 11:05
oh hun 350% Stress.... unhappy
Sin doheem amgaangen an um Büro ass et och net flott am moment 2xunhappy
Kucken fir den nächsten WE mol erem op den Tour ze goen..ech mellen mech bei Dir
m-otiv 07.07.2010 - 11:07
hun e coole shooting fir...komm matt
McQueen 07.07.2010 - 11:09
gären..awer net desen we....obwuehl ech misst bis dohin färdeg sin.
Scheck mir PM mat Details pls thx
gtaddei1 07.07.2010 - 11:27
Wann jidderen dei flott fënnt ... dann ech och mé... jo mé ... ech fannen dass de kapp hätt keitnen e bessi mei zur broscht gebeckt ginn fir daat dei Lëtonguepsen net esou eraus stinn ... nämlech d'Wichtigkét vun den Aan gét verluer... Verschaffung ass douce an interessant mé d'Aan hun d'impressioun dass dei zefill an d'Höl verschwannen... dat ass villeicht gewollt mé dat steiert mech. Natiirlech ass dat Subjektiv, ech hunn bei esou enger douceur vun der Verschaffung och leiwer eng douce Mimick ... dess ass awer agressiv irgendwei
m-otiv 07.07.2010 - 12:07
ech verstinn dat net alles sad wann de kapp méi no fir get, dann verschwannen d'aan jo nach méi an d'höl? nee? Also ech wollt schon den verschwommenen Decolleté dran hunn...mam kapp méi no fir war deen da fort...
Aggressivitéit gesinn ech do och net...verführeresch, jo...
gtaddei1 08.07.2010 - 12:55
Provokativ verfuhreresch ... hat mat agressiv gemengt ... D`lëtongueps ass awer ze fill am Firgrond ... fir mech natirlesch ... et hellt der Foto harmonie ewesch dann häss du dech missen e bessi mei ewesch stellen op é Stull klammen z.b oder op enger Léder.
Et ass villeicht net daat wat du wollst... ok... an et ass jo evident dat daat nemmen eng Subjektiv Ménung ass.
D'Verschaffung... Firwaat hun dei Baaken an d'Stir dei Komesch weiss-mellesch Teinung an och onregelmeissesch?
m-otiv 08.07.2010 - 14:40
ech stung op enger leeder smile (50mm x1,5 crop..as good as it gets) mä wollt och net méi wait.

Zur verarbechtung invitéieren ech dech op motiv.lu vorher/nachher (oder op flickr) kucken ze goen.

Di téin sin einfach nogepinselt vun den original téin fir d'déift ze simuléieren (hell ass méi no, daischter ass méi wait oder méi déif. Vu dass d'luucht vun enger sait koum fällt se éichter op nues an cheekbones, an och eng sait mei schiet wéi di aner
vaniamelo 07.07.2010 - 14:23
Ech fannen ganz eierlech das ech keng agressic expresion hun op deser foto
sie as gut verschafft
m-otiv 07.07.2010 - 22:03
Jo Vania... Agressiv haate mir jo probeiert an du bass ze süss fir agressiv ze sin
gi87 07.07.2010 - 14:30
Ganz schein verschaft an m-otiv ganz gud eraus breucht op da Foto ! Super Arbescht !
m-otiv 07.07.2010 - 22:02
Merci merci...hun eng vorher/nachher op mein site closed_eye
ekimlux 07.07.2010 - 16:14
(geläscht)
m-otiv 07.07.2010 - 18:47
merci Mike och fir den fav....freet mech
jean0663 08.07.2010 - 20:42
Flott. Dat wichtegst (d'Aen) stécht super eraus. Eng minimalistesch Foto, einfach schéin!
m-otiv 13.07.2010 - 23:33
Merci jean
ToPo 13.07.2010 - 23:23
Schéine Porträit an de Schärfteverlaaf gefällt mir ganz gudd!
m-otiv 13.07.2010 - 23:34
Merci Tom, freet mech
ToPo 11.08.2010 - 20:37
Gaer gschitt

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 396 Gäscht online