Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Florian

 
Florian
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.06.2010
  • Gekuckt:
    38861
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    173 KB
  • Originaldatum:
    21.05.2010
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46365]
Kommentar vum Fotograf:
De Florian zu Orvieto an Italien.

Bildopbau gewoot? Meenungen w.e.gl :)
Gaga 15.06.2010 - 08:58
gewoot, daat wees ech net ...
mais waat ech schuet fannen as dat se sou no hannen kippt an dats de t'Fenster esou ugeschnidden hues ... wierklech gewoot gesait daat net aus ... well et get der foto naischt extraes denken ech... den sch/w fannen ech och en tick ze gro !?!
fum motiv hier fannen ech se immens gut mais leider sin eben all dei sachen dei ech der elo soot dei se fier mech relativ "mettelmeisseg" machen
as meng eierlech mehnung ... net beiss sin, ech sin jo och net t'moss fun allem hei ... (das mass aller dinge, wei seet een daat op lëtz. ?)
m-otiv 15.06.2010 - 11:18
ech hun se och génial fond an schued dass d'fenster eben ugeschnidden ass an d'linien net richt sin....soss wéi gesoot, textuer ass top, den motiv och an sw konvesioun perfekt
Gaga 15.06.2010 - 11:39
komesch Vito, mir widderspriechen eis oft zum Thema Sch/w convertioun, kennt daat fun villeicht ganz verschidden agestallten Schiermer, oder 2 verschidden Gout'en ?
meir fehlt et hei kloer un weiss ?
m-otiv 15.06.2010 - 12:42
dann géif ech vu gout'en schwätzen smile ech hätt hei souguer nach manner roud téin dra gemaach fir dass d'haut nach méi däischter get....also mir gefält een s/w ëmmer méi düster, méi Kontrast räich...huet einfach méi Charakter
Gaga 15.06.2010 - 13:23
hmmm jo, mais do gin et vill elementer, mech steiert zb dei komplet schwarz box wou guer keen kontur mei dran as ...
villeicht kann T'Kleent eis jo soen wei et den sch/w gemach huet, fun hand oder auto ?
Kleent 16.06.2010 - 18:19
Merci fir d'Kritiken. Ech denken awer och daat et méi mat Gout ze din huet (wéi sou oft bei Fotoen) smile , mee ech gin dir, Gaga, recht, daat een effektiv net vill Wäisstéin gesäit.
Ech hunn d'Foto méi oder manner manuell am Photoshop duerch Image > Channel Mixer S/W gemaacht. Esou maan ech et meeschtens, obwuel een oft nach muss vill druschaffen mat den Schierter etc.

Daat ech d'Fenster oofgeschnidden hunn war usech net geplangt, mee dono beim verschaffen hun ech express nach e bessen oofgeschnidden well ech an der lescht oft probéieren vun den "normalen" oder "typeschen" Fotoreegelen well wechkommen. (op dem Original ass d'Fenster awer och schon net ganz drop.)
gloda 15.06.2010 - 11:07
Super. Genial Texturen, Formen an Téin. Gefällt mer immens gutt.
Kleent 16.06.2010 - 18:20
Merci gloda, daat freet mech ze liesen. Besonneg vun dir.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 435 Gäscht online