Déi 3. Foto hunn ech schon ropgeluerden... hei nach eng Kéier an enger Serie mam Thema "Setzplaatzen zu Roum". Vläicht e bessen ongewéinlech... géiff mech interesséieren waat der soot :)
Dei 2 eicht fannen ech top, richteg gudd Atmosphär dran! Dei 2 laescht sin och zimmlech flott, mee feelt vier mech en bessen ob di eicht.
Sin eigentlech 2 Serien, passen net richteg beieneen menger Meenung no.
Ech gin dir engersäits Recht mat den 2 Serien... aanerersäits... wann een d'Fotoen am Kontext vun dem Titel kuckt, ass et schon interessant. D'Leit setzen sech net wierklech op eng Bänk oder ob e Stull, mee einfach op de Buerdem wou amfong keen "sollt" setzen... an ech hunn daat irgendwéi immens fonnt zu Roum... vläicht gesinn ech daat och well nëmmen esou
Ech fannen di eischt super..2. Gefällt mir den kadrage net esou (ennen ofgeschnidden) an die aaner 2 geheieren am kontext vun der serie, mä sin awer e ganz aanere stil den mir elo perseinleg net esou gefällt
Alles super... Mäin Favorit ass zwar Nr. 2, awer just well se op der pole position virun deenen 2 Aneren war... (ech mengen et gëtt elo Zäit dass ech mech an Bett leen... ) Super Momenter... alleguer... veni vidi fotografi