Le flou artistique me parâit un tout petit peu exagéré, mais j'aime bien le bokeh à l'orée du bois; la couleur de la peau est probablement affaire de goût. Somme toute, photo intéressante.
Heimat kann ech mech irgendwéi net ufrenden. Den Päschschwarzen scharf gezeechneten Brell well mir einfach net gefaalen. Awer ech denken daat war jo deng Absicht dass daat net gefällt.
Meng Absicht wuar et net, d'sin net mei Detailer do am Schwarzen, hätt et netmi kennen änneren... mee gestéiert huet et mech net nodem ech d'Foto gesin hun. Grad well et su päschschwarz ass an haard, an de räscht alles su duus...
D'wuar net meng absicht eppes ze maan wat net gefält, wan et mer selwer net gefall hätt hätt ech et net gewissen (dat ass mei eisem maggele seng art a weis ) net beis gemengt, mee e seet et selwer. Ech hun et bei deser Foto intressant font, an d'dréint zum Bild bäi.
Mee kann net oofstreiden dat et flait mei intressant ass wann am Brëll mei Detail wär, mee gewuer gin wärte mer et nie :/
merci fir dai Kommentar
Ah OK, dann war ech mat menger Vermutung falsch. Mir war et vir komm wéi wanns du den Brell oofgedonkelt gehaat häss an och d'Ränner dovun verschärft (de Rescht ass jo méi flou) fir een Element an d'Bild ze brengen waat reizt. ... An jo, ech kennen dem Maggele seng Art an Weis an heen huet mir och schon selwer gesoot dass heen gären e bessi méi ausgefahlen Sachen mat abaut déi net unbedingt all Mensch gefaalen.
Se soen, wann d'Foto net scharf as, dann leit et um Photographe! Falls et Absicht war, dass d'Foto sollt onscharf gin, dann as der dat gelongen...se as wirklech onscharf gin
Ok elo de seriöen Deel:
D'Stemmung déi vun der Lucht an den Farwen kënnt as ganz flott (Warm, Summer, Sonnenenergang), mee den recht gefällt mer net, also d'Schärft an Kadrage.
Trotzdem as eppes drun, et geet a Richtung Konscht. Et muss een just méi laang kucken.
Schreif mol eppes derzou, wats de wollst domader soen oder ausdrécken.
d'läit emmer um fotograf
lo ze soen d'wär absicht ass net ganz wouer, ech wosst firun der Foto dat de Polaroid bei oppener Blend net 100% schaarf ass, mee d'huet mech hei einfach net gestéiert, an ännere kéint ech et lo sws net mei...
Ech hun och e Grond firwat ech se besser fannen wann se net gestache schaarf ass mee d'fällt mer schwéier et ze erklären :/