Also do muss du mir den ganzen prozess erklären...wei geet daat dann? Super foto, verstinn daat mam telekonverter net, wei eng distanz? Beliichtung? 400mm fir eng aart macro ze maan an och nach esou gudd?
Dat geet ganz einfach, Vito. Dat ass jo och keen 1:1 macro, mais eng uerdentléch Vergréisserung, souzesoen. Ech erklären: Den Nikon Telekonverter, dee ganz neien, verännert d'Eegeschaften vum 70-200mm eigentléch guer net, außer eben datt f/2,8 f/5.6 get. Awer un der Noastellgrenz ännert séch näischt. Déi läit bei 1,5m och mam TC drop. An dann huest ee nach Sputt fir den digitale Zoom um Computer wann een de nativen 12 MPx fichier vun der D700 (4256 X 2832 px) op 800 x 800 px cropt.Beliichtung an AF gin automatesch, di grouss Blend léisst jo genuch Luucht ran, fir datt d'Automatik eenz get. De Viirdeel vun deser Art Macro ass deen, datt een ee Bléckwénkel kan huelen, deen ee mat 60mm Macro sou net kritt, well een do awer vill méi no bei de Sujet muss rugoen.
Ech hun eigentléch och bis dato näischt mat TC kënnen ufänken, Ech hat nach sou een aalt Stéck vum Tamron a ménger Sammlung, mais deen ass net vill wärt. Dee bestätegt alles, wat een iwwert TC sou seet: e frësst Luucht, mécht onscharf a reduzéiert d'Déifteschärft op ee Minimum. Bis datt Nikon deen neien TC mat enger asphärescher Lëns op de Maart koum. Deen ass esou gudd, datt en d'Eegeschaften vum Teleobjektiv net verschlechtert. Ech kann e recommandéieren. Awer ech muss warnen: e passt nëmmen op Nikon-Teleobjektiver vu sénger Konstruktioun, en ass net alt 2 fach Konverter vir Normal- oder Wäitwénkelobjektiver ze gebrauchen. Dat muss ee bedenken.