Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schueberfouer

 
Schueberfouer
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Pas de Modification 3.0 Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.04.2010
  • Gekuckt:
    53815
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    49
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    566x800
  • Späicherplaz:
    456 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Events
2. Kategorie: Events »» Schueberfouer
Extras:
PS + AI

Fir anzesetzen: [pg_img=44665]
Kommentar vum Fotograf:
Voilà hei dann män Beitrag zum Fouerconcours, leider ass et net duergaang fiir ennert déi éischt 3, mee d'Matmaachen war awer schon flott :) (bis op dei 33,50 fiir den print grml...)

Allerdings sin ech vum Resultat e bëssen enttäuscht... net well ech net gewonnen hun, mee well navell e puer ganz intressanter do waren déi mir perséinlech viiiiiilllll besser gefall hun wéi de Gewënner. Mee wi seet eisen Kolleg den Franzmann: "Les goûts et les couleurs ne se discutent pas!" ;)

Fiir jidereen deen et intresséiert, d'Affichen sin am Théater um Rond Point Schumann an der Staat ausgestallt an nach bis en Freiden (wann ech mech richteg arenneren) ze bewonneren :)
Kwitchibo 19.04.2010 - 12:49
dann mussen dei anner jo hummer sin smile wann dei net an deenen eischten 3 war smile
deBaemm 19.04.2010 - 14:28
merci fiir d'Blummen closed_eye wi scho gesoot adg!
galileo 19.04.2010 - 13:21
Cool Affiche - BRAVO ! Och wann se am Jury nët ukomm ass.
deBaemm 19.04.2010 - 14:28
merci, jo mäi gott souvill haat ech net ze verléieren closed_eye
Maxx 19.04.2010 - 13:27
Excellent déng Affiche, gefällt mer richteg gudd. Super Iddi an Emsetzung.
deBaemm 19.04.2010 - 14:28
merci gesoot
Kleent 19.04.2010 - 15:14
Gesäit wierklech cool aus!
Sinn d'Gewenner-Affichen net och irgendwou online?
deBaemm 19.04.2010 - 15:19
merci
nope na néierens fonnt weder op fouer.lu nach op vdl.lu
m-otiv 19.04.2010 - 15:42
Also Ben....hun di aaner nët gesin, mä deng ass wierklech sauber, sauber, sauber...hun joere laang an der Pub geschafft (graphisme publicitaire, layout designer) an hei stëmmt alles!!!

WAAT, WOU, WEINI ass alles um éischte bléck ze erkènnen, matt proper, perfekt kontrast vun der font um hannergronn...bravo...
deBaemm 19.04.2010 - 16:04
kuerz an einfach... MERCI bigsmile
JADE 19.04.2010 - 16:39
bis den 30.4. sin se nach do ze gesin

deng ass awer graphesch wierklech gutt

mee wahrscheinlech sichen sie eppes méi knallesches oder awer méi bonbon-méissesches ... oder?
wéi ass d'Gewënner-Affiche dann?
deBaemm 19.04.2010 - 16:43
jo ging mengen BonBon kennt hin closed_eye

ech ging se jo weisen hun se um iPhone mee droits d'auteurs an sou ne closed_eye
JADE 19.04.2010 - 16:45
an bestëmmt nach matt wäissen Perd déi op engem Karoussell erop an eroof "fléien", nee?

kann mir daat schon baal esou denken ... ... ... ...

oder awer d'Spiller sin all selwer Bonbon'en an Lutschen etc ... ?
deBaemm 19.04.2010 - 16:46
wäisst paerd ass drop mengen ech jo, an kamellen, an lutschen an ee rieseget rosat riesenrad, mam VDL Logo "tout en rose" sad mee wi gesoot closed_eye
JADE 19.04.2010 - 16:48
ech hun näischt gesin ... mee, ët ass einfach esou klassesch prévisible ... unhappy
deBaemm 19.04.2010 - 16:54
leider... mee bon, ech si wiirklech net béis driwwer ech sin frou matgemaach ze hun an hun nach vill béi der réalisatioun geléiert (niewebäi nach en merci un den JohnJ closed_eye )
suraki 19.04.2010 - 17:38
ech hun déi aner nët gesin, mat dëser hei, hätt ech mech awer kennen ufrënnen
deBaemm 19.04.2010 - 17:39
mëcht plëséier smile
JohnJ 19.04.2010 - 17:51
Schued, fannen se nämlech ganz gutt
deBaemm 19.04.2010 - 17:59
merci...jo schued mee bon gett schlëmmeres
ChLo 19.04.2010 - 18:40
Du haas eng flott Iddi. An mir gefällt se gudd
deBaemm 19.04.2010 - 20:54
freet mech wa se ukennt!
n0kle 19.04.2010 - 18:48
wow!

mei kann een mengen ech net soen smile beis arbescht smile
deBaemm 19.04.2010 - 20:54
hehe top bigsmile merci!
gloda 19.04.2010 - 19:02
Wow, déi do as déck gudd gin! Wees de op een déi aner entzwouch online gesi kann wann een... soe mer mol um aneren Enn vun der Welt festsëtzt? (Edit ech gesin d'Kleent huet scho gefrot.)
deBaemm 19.04.2010 - 20:54
beklo dech ech ging gaer op de bermudas setzen closed_eye obwuel hei ass d wieder na schein smile merci
gloda 19.04.2010 - 21:31
Gesäis de, hei net. Et reent an et as kaal (haut).
deBaemm 19.04.2010 - 22:08
jo dann...
CHAREL 19.04.2010 - 20:46
Wow wieklech schein. Me wouhier wesde weieng gewonn huet? Op jiddenfall wan deng net bei denen eischten 3 wa dan as et meng secher net bigsmile
deBaemm 19.04.2010 - 20:53
se sin am Theater ausgestallt (cf comment closed_eye ) merci closed_eye
CHAREL 19.04.2010 - 20:56
A okay wosst net das do och schon giff stoen ween gewonnen hettsmile Merci
deBaemm 19.04.2010 - 21:00
dach dach, di stin all do an di 3 eischt stin extra a part closed_eye
Jean-Jos 19.04.2010 - 22:48
Wierklech uspriechend als Affiche!
Flott wéi déi grafësch Elementer déi stëmmungsvoll Fotoen ënnerstëtzen. D'Schrëft fannen ech och passend. Well done!
deBaemm 19.04.2010 - 23:01
jop mir huet se och gudd gefall closed_eye merci!
m-otiv 23.04.2010 - 14:09
Hun haut d'affiche gesinn di gewonnen huet....entre nous....deng ass an aller hinsicht op mannst 9 mol besser!!!

Ech verstinn jurien einfach net...
PS soen daat net fir fein ze sin....ech sin extreem enttäucht vum ergebniss
deBaemm 23.04.2010 - 16:44
na an aller hinsicht ging ech sou net soen, vum Grapheschen opwand hiir ass déi aaner secherlech méi complex an och besser amgesaat... mee et ass wi JADE schon soot: BON BON tongue

btw sin ech och wiirklech enttäuscht dovun, mee wi gesoot net, well mäin net gwonnen huet, well et war Konkurenz do! closed_eye
Shantideva 23.04.2010 - 17:27
Lëtzebuerg ass souwiesou schon kleng... wéi weit kann eng Jury onbefangen sin an sou engem klengen Land. Ech well daat mol just an den Raum setzen ouni dass ech d'Gewenneraffiche gesin hun, weder d'Jury kennen, nach wees wien do alles matgemeet huet. Awer grad hei am Land wou een den aaneren kennt muss een net unbedingt erstaunt sin iwert een Voting vun engem Jury, ouni dass ech heimat irgend engem irgend eppes wéilt ennerstellen. Ech well domat just soen dass den deBaemm weider sou soll machen. Meschtens geht alles vun alleng wann een bis déi richteg Leit kennen geléiert huet. Daat nennen ech "Demokratie" sou wéi ech se all Daag erliewen. Thumbs up fir déi super Affiche!
m-otiv 23.04.2010 - 17:39
Shanti....Du kanns soen waat's Du um Häerz hues an trozdem alles esou appaaken dass et diplomateg gesoot ass, mä Ech héieren dech closed_eye
Ben, hun dir daat gesoot: Eng affiche soll mir op den éischte Bléck soen: "Waat, wou an wéini" den Event ass, an daat vun esou wait wéi méigleg...An dëss kritären Erfëllt d'Affiche die gewonnen huet nët (opwand egaal)
deBaemm 23.04.2010 - 17:41
" Eng affiche soll mir op den éischte Bléck soen: "Waat, wou an wéini" den Event ass, an daat vun esou wait wéi méigleg...An dëss kritären Erfëllt d'Affiche die gewonnen huet nët (opwand egaal) " jo mee Vito sie ass awer BONBON-méisseg tonguefiir de Recht zum Shanti sengem Kommentar cf.: down
m-otiv 23.04.2010 - 17:46
Ween waar dan d'Jury?
grafiker? möchtegern prominenz? Staatsbeamten? leit?
deBaemm 23.04.2010 - 17:49
can't tell... stung just do en ausgewielte Jury...
m-otiv 23.04.2010 - 17:50
also Ech boycottéiren aus Protest d'Schoueberfouer an gin dëss joer nët smile
deBaemm 23.04.2010 - 18:02
ech gin och net closed_eye huet awer de Grond dat ech vun August '10 bis Mai '11 am Québec setzen cool
deBaemm 23.04.2010 - 17:39
waat soll ech dann do nach soen... du schwetz villen NETklengkarréierten Lëtzebuerger aus dem Härz closed_eye mee loossen mer lo net hei sozialkritesch sin, wéi ech schon geschriwwen hun haat ech vill Spass an hun och vill geléiert während der Realisatioun vun deem Projet, an dorems ass et mir unsech gaangen (och wann 1500 ö schon fäin komm wieren closed_eye ) opallefall sin ech emmer erem frou wann ech kucken wéivill ech duerch Photogen an vill aaner Saachen (menger meenung no) progrès gemaach hun, an hoffen, dass daat sech nach net esou séier wiirt gin, an daat kennen keng 1500€ mer bidden, op allefall net op di nemmlecht Art an Weis smile an dofiir nach merci fiir dain Luew!

P.s.: Däin Saatz mat der "Demokratie" gefällt mer!
m-otiv 23.04.2010 - 17:47
also 1500€ daat gët schon e gudden objektif bigsmile
deBaemm 23.04.2010 - 17:49
sad jo... :p
JADE 26.04.2010 - 19:50
mir gefällt d'Gewënneraffiche och guer nët

iergendeen aus der Staater Gemeng (eng Fra) huet jo dozou gesoot ët sollt een op der Affiche direkt erkennen kënnen ëm waat ët géing goen ...
matt all den Zirkuszelter déi ënnen op der Affiche sin, erkennen ech zwar keng Fouer ...?

mee bon(bon) smile
deBaemm 26.04.2010 - 20:06
nah... soen mer alt geschitt happens closed_eye
JADE 26.04.2010 - 20:16
pffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff .... bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 307 Gäscht online