Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

... silence part II

... silence part II
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.12.2009
  • Gekuckt:
    68445
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1772x1181
  • Späicherplaz:
    272 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D3
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikkor 18-200 mm 3.5-5.6
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41390]
Kommentar vum Fotograf:
allt erëm Camargue
gloda 18.12.2009 - 18:39
Ganz interessant verschafft. D'Foto huet vill Déift. Verréits de wats de un Post-Processing gemach hues?
mOnsterbUg 19.12.2009 - 11:29
Wow, hoffen du hues e bësschen Zäit, war ëmmerhin 3 Stonnen am gaang.
Ech schaffen am CS4 an zur Hëllef benotzen ech Soft vun NIK Software. (Ass zwar schäissdeier mais dofir awer och saugutt). NIK huet een neie Programm, VIVEZA 2 erausbruecht, an ech wollt emol kucke wat den am Bauch huet. Dobäi ass dat heiten erauskomm.
Ett sinn am Fong 3 Phasen.
1) Faarwen a Kontraster mat Viveza 2 op 3 Ebenen (Himmel, Sand a Planzen)
2) Déift an Plastizitéit: Den Himmel soft fokusséieren, an de Virdergrond op 3 Ebene Schärfen (Sand, do Planzen zum Schluss d Planzen am Virdergrond a verschidden anerer nach eng Kéier), do muss een natierlech oppassen.
3) Fir d Plastizitéit méi ervirzehiewen hunn ech d Bild vignettéiert andeems ech d Ränner liicht ofgedonkelt an de fiichten Deel vun der Dün opgehellt hunn.
Wéi s de gesäis, ass ëtt am Fong einfach, du muss jüst e bësschen Zäit a Fantasie hunn, voilà
gloda 19.12.2009 - 11:44
Merci fir d'Erklärung. Mat den Faarwen gefällt mer besonneg den Iwwergang am Himmel op den gielzegen Toun uewen.
Lo wous de sees dass d'Planzen eenzel beschafft goufen as mer nach eppes opgefall, d'Planzen ganz fir, déi hun keen gudden Iwwergang zur Hellegkeet vum Sand. Wanns de den Effekt deen d'Planzen vum Sand ënnerscheed mat engem Gradient maskéiers gesäit et manner aus wéi wann d'Planzen dropgepescht goufen.
Shantideva 19.12.2009 - 21:15
Hun och op NIK getippt... Glamour Glow mat Mask... Ass wirklech een starken Effekt!
"Be careful with that Axe, Eugene" (Pink Floyd) ...et sin aaner Leit hei um Site déi desen Filter misbraucht hun an dofir erkennt een en erem...
mOnsterbUg 20.12.2009 - 11:29
Ummagumma, mat engem sauflotten Cover, hunn se direkt opgeluecht ... richteg was du sees, do muss ee gemittlech mat den Regler emgoen, soss deet ëtt wéi an den Aan!
Shantideva 20.12.2009 - 19:07
Jo, mais se gefällt op allefall. Et ass just dobei emmer den Wiedererkennungseffekt deen net sou gudd ass. Awer hei hues du souwiesou jo net nemmen einfach een Filter dropgejummt..... smile
Ech hoffen Ummagumma gefällt dir. Se ass e bessi psychedelesch awer daat lescht "A Saucerful of Secrets" ass absolut den glanz sou ab der 7ter Minute. smile
mOnsterbUg 20.12.2009 - 19:41
ech mengen ech hunn alleguerten Lidder, ... bei mär ass nach emmer den Shine On You Crazy Diamond (I II) de non plus ultra, merci nach an Jai Shantideva
Poly 18.12.2009 - 19:25
ganz flott, zemools den Toun an Toun gefëllt mer super
mOnsterbUg 19.12.2009 - 11:30
Merci Poly, d'Fuarwe si mär ëmmer immens wichteg
dr_kim_veis 18.12.2009 - 20:10
alt erem schein...closed_eye
mOnsterbUg 19.12.2009 - 11:31
merci Doc, ëtt war och genuch Aarbecht
dr_kim_veis 19.12.2009 - 16:24
closed_eye waat een net alles mecht...
Zampano 18.12.2009 - 21:10
WoW, erstklassiges BEA...
Gibt es da auch ein Tut dafür smile
mOnsterbUg 19.12.2009 - 11:33
Merci villmols Zampano, kuck meng Aentwert beim Gloda
Zampano 19.12.2009 - 12:24
Danke auch vielmals...
marker 18.12.2009 - 22:43
Ganz speziell verschafft, a méga flott. D'Foto fannen ech ganz gudd kadréiert, an durch déi durchgehend Détailschärft am Bild entsteht eng énorm Plastizitéit.
Exzellent..!!
mOnsterbUg 19.12.2009 - 11:35
Merci marker, héieren ech gären. War och lang am gang an hunn vill bäigeléiert.
Keup 18.12.2009 - 23:49
Wow beis verschafft.
mOnsterbUg 19.12.2009 - 11:37
hey Merci Keup, do weess jo datt esou ëtonguepes Zäit kascht, déi Spass mecht!
Keup 19.12.2009 - 18:55
Jo jo ech brauch och emmer eiweg beim verschaffen mee dann ass een grad esou frouh wann se gudd unkennt.
Jeanny 19.12.2009 - 07:43
an, alt erem wonnerschein smile)
mOnsterbUg 19.12.2009 - 11:37
oh Merci villmols Jeanny!
OK-Photography 19.12.2009 - 20:42
joooh Camargue as the place to be tongue
einfach dozou bestemmt sou fotoen ze maachen!
weesnik weieng ma besser gefellt...vlait dei eischt...well den accent manner um HDR lait...hai as ma schons baal zefill...
trotzdem schein scharf an herrlech fill Detailer dran, gefellt mer!! smile
...silence
galileo 19.12.2009 - 21:08
!!
mOnsterbUg 20.12.2009 - 11:32
merci smile
Poly 21.12.2009 - 00:04
verdéngt smile
dr_kim_veis 21.12.2009 - 06:51
YAY! congrats. mol eng keier wou ech averstaanen sin...
Dan 21.12.2009 - 09:27
Verdéngt gewonnen!
Ganz staark Foto beandrockend verschafft Carlo!
Kompliment!
mOnsterbUg 21.12.2009 - 11:14
hmm, dat ass effektiv meng Foto! ...boaah, ech komme mär es guer nött zou!
ech ka nemme Merci soen fir déi schéine Chreschtcado, nach gudd Luucht fir jiddereen!
dentom 21.12.2009 - 12:59
Opallefall verdéngt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 385 Gäscht online