Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Destination Ettelbruck

 
Destination Ettelbruck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.06.2009
  • Gekuckt:
    51739
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/140 sec
  • Blend:
    f/2.4
  • Brennwäit:
    5.9 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    391 KB
  • Originaldatum:
    2009:06:23 20:37:05
  • Fotoapparat:
    GR DIGITAL 2
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:
De film ass mat enger Casio Exilim EX Z-19 gedréint, gin, net mat der nemmlechter also wi d'Foto gemat gouf

Fir anzesetzen: [pg_img=37344]
Kommentar vum Fotograf:
Hun mech mol an eppes neiem probéiert, hei op photogen ass dan usech just den trailer... wien loscht huet kann gär emol eranluusen an de ganze Video kucken:

http://www.youtube.com/watch?v=9x1U53gXEmc&fmt...

D'muss mei Zuch gefuer gin!
Géif mech freen iwwert kommentarer :)
the_zipper 23.06.2009 - 20:51
Den Film ass speziell, soumols emmer dei Rideau wou su am Wand weht. Erennert mech un des Foto:

In the train


Destination Clerveaux closed_eye
klex 23.06.2009 - 21:13
Ass schued dat d'Qalitéit e besse gelidden huet just, wou ech en op Facebook gelueden haat wuar en nach mei schaarf :/ naja ass zwar och net onbedéngt déi bäscht Kamera fir ze filmen smile

Merci
Nicon07 23.06.2009 - 21:29
Mais de besonnesche reiz vun desem Film ass jo awer grad di "Handy"-Qualitéit. Do ass d'Onschärft an d'Iwwerliichten éischter ee Stilmëttel wi ee Feeler, fannen ech mol.
klex 23.06.2009 - 21:44
jo ok dat stemmt schon, mee ass awer komesch wann een et huet wi ee well an dann ännert et rem :-S also ass och lo net vill, éichter ganz wéineg, wi den ennerscheed tescht kalitéit 10/10 beim JPG kompriméiren zu 6/10, also net vill smile mee awer...
Nicon07 23.06.2009 - 21:03
Ah jo! Ehë! Interessant. closed_eye

Ech denken, vum Usatz hier net schlecht, awer do ass mir dach awer nach net genuch Aussergewéinléches dran, oder vläicht nach méi variatioun an den Szenen. z.Bsp. méi Intérieur an der Automotrice, wi just de Sëtz an d'Rideau. Ee Kapp, Boxebeen, Schung, de Kontroller, een Essentiel oder Point24, ee Géigenzuch... Dann de Film ënnerbrach mat stateschen Szenen op engem Quai, den Zuch vu baussen, z.Bsp vun der velospist bei Lëntgen aus, parallel aus dem Auto gefilmt och do, awer op der N7 niewendrun, natiirléch, an dann soll den Zuch awer wiirklcéh zu Ettelbréck ukommen. An et zu Miersch! A wanns du e wëlls nach weider fuere loossen, da maach ee Schwenk a géie dem Zuch no a weis di zwou Schlussluuchte, wéi se ëmmer mi wäit fort gin, an ee Personnage, deen dem Zuch nokuckt, an dann ee Fade out, entweder an d'Wäisst oder an d'Onscharft.


A jo! D'Foto ass cool, gefällt mir!


MbG
klex 23.06.2009 - 21:12
Du hues rescht, kéinte nach mei enerschiddlech szenen dran sin, hues och gudd iddien do gin!

Mee su Szenen vun baussen wollt ech awer net maachen, well et mer net drems geet d'CFL am ganzen ze weisen, mee just meng Ussicht wi ech zuchfuren gesinn! An do geheiert eben och dozou laang op enger plaatz ze setzen, aus der fenster eraus ze kucken smile asw...

Wär och besser wann ech zu Ettelbréck ukomm wär, mee dann hätt ech missen zréckfueren dono :D an wan ech en aanescht genannt hätt hätt den Ufank nemi gepasst... dofir hun ech alt nach gefilmt wéi en weiderfiert sou, dat Miersch eben net d'Endstatioun ass. An ee wu net zu Miersch wunnt mirkt et och flait net direkt.

Et wuar jo och éichter eng spontan Iddi dat ze filmen well ech grad den Apprat dabäi haat a gudd Luucht wuar.

Ahjo, en Zuch ass och entgéint komm, hat den Apprat och schnell rem dobannen, wuar zimmlech erschreckt smile

Merci smile
Nicon07 23.06.2009 - 21:31
Ech weess dat dach och alles, a well ech dat weess hun ech dir grad sou geäntwert, wéi ech et gemaach hun. Et kënnt vläicht net sou raus aus méngem éischt Kommentar, awer dee Stil Film do gefällt mir eigentléch ganz gudd, an et bréngt méch och op Iddien. Schließléch hun ech jo och nach ménge Jongen hir S220 oder P6000 fir mi onopfällech fotografesch tätech ze sin...
klex 23.06.2009 - 21:45
ech si gespaat waats de werts maachen! smile wans de et hei gifs weisen wär flott
Nicon07 23.06.2009 - 22:16
Gëtt et eppes, wat ech hei net weisen??? (ausse d'Familljefotoen, déi hun näischt an der Öffentléchkeet verluer) closed_eye
Shantideva 23.06.2009 - 22:06
De Video huet mir sou richteg gefall. Do bass du awer nach mat sou enger richteg gudder aaler Ratsch (ouni Klimaanlaag) matgefuer. Egal wéi... een flotten erfreschenden Video fir mech drop virzebereeden muer erem mam Zuch op d'Aarbescht ze fetzen... smile (An d'Musek passed dozou) ... Zur Foto... OK! closed_eye
klex 23.06.2009 - 22:31
Merci! Jo, fannen do kennt d'Stemmung nach vill besser eriwwer wi mat den neien Zich (D'sin zwar puer szenen aus deenen neien dran, mee gesait een net direkt) Schued dat di aal mat de Bloen setzer nemmei fueren, di wuaren nach vill méi flott, an nach vill méi wuarm am Summer smile
Shantideva 23.06.2009 - 22:33
Allerdings, heinsdo depannéieren se jo nach wann bei denen High-Tech Zich vun huat d'Dieren, oder soss eppes net méi op geht. smile
klex 23.06.2009 - 22:41
Wirklech? Hat dat gléck nach net, dann hoffen ech mol smile
Maimonides 23.06.2009 - 23:06
Ganz schei Foto. Huet mir direkt gud gefall. Ech wosst awer net firwat. Mais elo weess ech et: net nemmen weinst de Farwen, deenen 2 ganz verschiddene Plaeng, der Schaerft an dem Flou, dem Liicht an dem Kadrage, mais weinst daer knaschtiger Fenster. Do fillt een sich direkt wei ....am Zuch.
klex 24.06.2009 - 09:51
Mam Liicht, do hun ech probéiert et esou ausgesinn ze loosen wéi am Video.
Merci fir dai Kommentar!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 280 Gäscht online