Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

CFL

 
CFL
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.01.2009
  • Gekuckt:
    34028
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/8000
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x563
  • Späicherplaz:
    248 KB
  • Originaldatum:
    2009:01:30 13:43:29
  • Fotoapparat:
    Nikon D3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=33294]
Kommentar vum Fotograf:
Schein Stoenbleiwen a wuarden bis den Zuch lanscht ass :)
Géif mech iwwer Meenunge freen!
galileo 31.01.2009 - 13:32
Flott gemach - a schéi kräfteg Faarwen.

Eenzeg stéiert mech hei d'vignette - mee daat ass evtl. affaire de goût.
klex 31.01.2009 - 13:46
Jo di kennt bessen wan d'Blend ganz op ass an wolt di net weg man smile merci fir dai kommentar!
Nicon07 31.01.2009 - 13:39
Däi Point de vue hei mat der knapper Schärft op dem Reflektor vun der Barrière as ganz originell a gefällt mir gudd. Besonnesch well's du den Akzent op de Reeboustär geluecht hues, an awer as d'Ausliichtung vum Rescht och harmonesch. Et hätt jo och ze däischter kéinten ausgoen... Den Zuch as och op där richteger Plaz, fannen ech, wann een och streide kann, ob et gudd as, datt de Poste de conduite ofgeschnidden as. Mais vu datt et jo keng Dokumentatioun vun der Automotrice sollt sin, as dat niewesächléch. Ech froe méch just, wéi et gewiescht wier, wann s du mat e besse méi Déifteschärft an dofir Bewegungsonschärft um Zuch probéiert häss. z.B ISO Low 1 (also 100), Blend 16 an 1/100stel. Do häss du wahrscheinléch eng Iwwebeliichtung vum Reflex kritt, also wier dat awer net gudd gewiescht, ausser... Du häss 2 Fotoe gemaach an de Barrièresbam an di aaner eragesat.

Fazit: Mir gefällt déng Approche zur Bunn. Géi mol nach e besse weider op deem Wee!
klex 31.01.2009 - 13:50
Dat mat der bewegungsonschärft hat ech bei enger aaner Foto ch probéiert, mee dat ass mei standart, huet mer net su gudd gefall :-S firunallem well dan den hannergrond an alles vill mei scharf wär... leider huet Nikon keen ISO 6 wéi d'Kodak 14N dat wär flott fir sou experimenter! ISO 100 huelen bal nie, well do vill Dynamik verluer geet, ausser d'ass net anescht meiglech, wi z.B mat blend 1.4 an der Sonn. An zumools hei wär dann, wéis de och scho sees, den Reflex ausgefriess gin. Wärt der nach e puer man, mer man mat eiser Schoul nemlech e Projet fir d'CFL smile
Merci!
Nicon07 31.01.2009 - 14:54
Wanns du déch e bessen inspiréiere wëlls, wat et esou get, wou Plaaze sin a wat fir eng Zort Zich sou dorëmmer ennerwee sin, da luuss emol hei ran:

http://www.fotocommunity.de/pc/pc/extra/egallery/p...
Nicon07 31.01.2009 - 20:23
Du brauchs ee Saatz Grofilteren ..... smile
klex 31.01.2009 - 21:04
merci fir d'Platzen, ka sin dat di nach ganz netzlech gin! smile
Jo Grofiltren ass su eng Saach, bréicht der wirklech, mee mat su engem Däischtren Viseur an oppener Blend ass et och bestemmt netmi ganz einfach scharf ze stellen, well bei 1.4 geet et duer dats de op d'Gestell vum Brell schaarfstells, dat d'Aan hannendrun netmi scharf ass :-S muss dermol engkéier léien firdrun fir dat ze testen!
OK-Photography 01.02.2009 - 02:01
yesss!dei Foto rockt!!dSpill mat der Sonn an den just richtech scharf/onscharfen Hannergrond gefallen mer supergudd!
di einfach Rumm fannen ech och passend sou...
hmm..net soufill ze zielen wei den Nicon07, gefellt mer einfach gudd! smile
Lola 04.01.2010 - 18:07
Wann ech mech net ieren ass dess Foto op den cover vun engem Buch iwwert d'CFL wat Schüler gemach hun? Ech war direkt begeechtert vun der Foto! (Y) Am allgemengen ass dat Buch ganz gudd gelongen! smile
klex 04.01.2010 - 18:11
Hmm, also si ass mol an engem Buch dran, mee um Cover net suwait ech wees, also mol net an deem Buch wu ech mengen. Mee d'ass e Buch wat meng Klass (12 Schüler) gemat huet d'läscht Joer...
Dat Buch wat ech mengen ass en A4 buch mat enger Foto den héige wee um Cover, eng vue de schinnen no, vun engem deen op de Schinne stung. Di nemmlecht Fotoen wuaren och firu kurzem op der Gare an der Stadt ausgestallt... Freet mech wann se der gefällt smile
Lola 04.01.2010 - 18:15
jo genau dat Buch mengen ech smile et ass wouer, et war net um cover, mee trotzdem waren mer ons zu puer eenz dass et dei ass wou ons am beschten gefällt smile
klex 04.01.2010 - 19:21
cool awer dat een dat buch gesinn huet iwwerhapt smile
Lola 04.01.2010 - 22:30
eisen proff an der optioun (photo) huet eis et gewisen heen war och do am gebei proff...smile
klex 04.01.2010 - 23:25
ahsou? wien ass hien dann flait kennen ech en jo?
Lola 05.01.2010 - 06:56
christian schaak
klex 07.01.2010 - 11:17
also wann et deen ass deen ech mengen, deen haat emmer immens speziell schung un bigsmile mer haten deen am zeechnen. Kann awer sin dat ech mech täuschen
Lola 07.01.2010 - 15:18
genau deen ass et closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 551 Gäscht online