Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cold & Warm

 
Cold & Warm
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.03.2007
  • Gekuckt:
    24246
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/30
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x562
  • Späicherplaz:
    143 KB
  • Originaldatum:
    17.02.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=16314]
Kommentar vum Fotograf:
Hun hei e bëssen mat de Faarwen expérimentéiert.
Ech wees... et haapert un der Schärft :/

Waat mengt diir?
CK 22.03.2007 - 23:18
Vun de Farwen hier gefällt se mer. Vun der Kompositioun hier sin ech net esou 100% iwwerzécht, ouni lo awer kënnen genee ze soën firwaat (mee daat klengt Stéck Gelänner riets uewen zum Beispill stéiert mech).

Kann et sinn dass de relativ aggressiv geschärft hues fir dem Mangel un natiirlecher Schärft entgéint ze wierken? (geseit fir mech zum Beispill un den Ecken ennert der Traap derno aus)
Kleent 22.03.2007 - 23:25
Yep, du hues mech ertappt. De Mojoo huet mech well och drop obmierksam gemaacht.

Ech hun 2x nogeschäft an mir gefällt et elo guer net méi well et elo einfach ze fill gin ass.

Merci fir deng Kritik. Muss mol bessen méi un der Schärft vu mengen Fotoen schaffen. Kréien daat nach nët sou ganz hin closed_eye
CK 22.03.2007 - 23:30
Also 1/30 ass fir mech Limit bei 18mm*1.6 (denken jo déi Formel kenns de: 1/mm als Minimum-Verschlosszeit, mee perséinlech brauch ech méi fir en wierklech gudd Resultat). An wanns de een 18-55 benotzt hues, dann ass f/5.6 secherlech och net den Optimum - ech haat un sech réicht ab f/8 gudd Resultater. Mee wanns de keen Stativ derbai haas, dann haas de och net vill aner Méiglechkeeten.
Kleent 23.03.2007 - 16:50
Ech hun nach sou bessen meng Problemer mat Blend, Beliichtung, etc. Mee bon, daat wärd schons smile

Merci fillmols!
MarcGerard 22.03.2007 - 23:34

herrlech!
gudd, déi geschichte mam noschäerfen hun ech elo gelies, as dannn och wurscht! mee faarweméisseg fannen ech se wonnerschéin! ;D
Kleent 24.03.2007 - 23:38
Merci Marc, et freet mech wann d'Foto der gefällt smile
MarcGerard 24.03.2007 - 23:49

mech freed et wann et dech freed ;D
annemie 23.03.2007 - 13:28
Also, mir gefällt's closed_eye D'Fuerwen sin jo sws mool hummer, daat as jo kloer. Dann d'Kompositioun, di gefällt mer. Ech probéiren lo mol ze schreiwen wisou, mee ech sin mer net secher ob iergendeen daat soll verstin! Na dann: d'Traap fannen ech scho mol schein geschwongen (gesait einfach gudd aus wi se gebaut as). dann ass net su "lenks kaal an riets wuarm-basta" mee an deen "kaalen" Deel schimmert besen di wuarm Luut eran (boff ech hoffen du wees wou ech mengen, daat kreien ech net erklärt!) an uewen riets daat stéck Gelänner mecht eeben daat nemlecht mat der "kaaler" Fuerw. E schéint Glaichgewiicht sou ze soen sceptical
(Nouk ech hoffen du wees waat ech mengen...sceptical)

Kleng Fro: wisou hues de dei net fir den contest geholl?
Kleent 23.03.2007 - 16:54
Merci annemie fir deng Analyse smile Ma daat mat dem Kontrast tescht de Faarwen huet mer immens gudd gefall smile Freet mech natiirlech dann wann et aaneren och gefällt closed_eye

Contest? ...kann ech der eierlech gesoot net soen. Wosst zwar daat een um Laafen wier, mee hun net weider drun geduercht. Vlaicht och aus Zäitmangel.
elmuzo 23.03.2007 - 16:38
Schéin geométresch vun enger flotter Fuarwenpalette ennerstetzt. Ausser der schon ugeschwatener liiter Onschärft alles an der Rei. Cool mol erem eppes vun där ze gesin closed_eye
Kleent 23.03.2007 - 16:51
Merci elmuzo, daat freet mech ze liesen smile
DigArt 29.08.2007 - 18:38
ganz flott bildkompositioun
Kleent 30.08.2007 - 15:59
Merci, daat freet mech ze liesen.
Kleent 30.08.2007 - 16:04
Merci, daat freet mech ze liesen.
Jean-Jos 23.06.2009 - 00:29
gesin ech och esou,
a flotte natiirléchen Iwwergang vu kaal op waarm, oder ëmgedréit, gefällt gutt!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 438 Gäscht online